De Manou Goergen huet sech fir seng Bacheloraarbecht de lëtzebuerger Fussball zur Broscht geholl, dobäi eng ganz Rei Vergläicher zu deene grousse Klibb aus dem Ausland gezunn an eng ganz Rei Ënnerscheeder festgestallt. Fir den “Huel Se!” huet hien hei seng Feststellungen resuméiert.

Virun e puer Wochen gouf iwwer sozial Netzwierker den Opruff un lëtzebuergesch Fussballfrënn gemaach, fir un enger Ëmfro deel ze huelen déi sech mam nationalen Fussball befaasst. Des Ëmfro war Deel vu menger Bacheloraarbescht déi ech am Kader vun menge Studien zu London hu missen schreiwen. Ennert dem Titel
“How to build and maintain football brand equity in emerging countries – The development opportunities for the Luxembourg football industry”
gouf dei These och elo faerdeg gestallt.

Wei kennt een op d’Idee, fier sech den lëtzebuerger Fussball als Thema fir eng Bacheloraarbescht op enger Business-Uni erauszesichen?

Et ass ganz einfach, ech war vu klengem un fussballbegeeschtert a sinn der Meenung, dass vill méi aus dem nationalen Fussball kéint gemaach ginn. Dofir hun ech beschloss, mech méi intensiv mam Thema ze befaassen an och Interviewen mat Expert’en aus deem Beräich ze maachen. Anert deene Leit waren den Diddelenger Guy Hellers, de Sportminister Romain Schneider, de Käerjenger President Emile Müller, mä och Leit aus dem Sponsoring wéi de Roby Langers, Mediëvertrieder an Ex-Profien wéi de Manuel Cardoni.

Mee vill méi wichteg wei den Avis vun eenzelnen Persounen ass a mengen Aen d’Meenung vun deenen Leit, vun deenen d’Veräiner liewen, vun deene Leit, déi all Woch de Wee op d’Terrain’en fannen: vun de Supporter. Ech war frou dass schlussendlech iwwer 300 Leit un der Ëmfro deel geholl hunn – dofir ee groussen Merci!

Wat koum dobai raus?

Dir frot Iech lo sécherlech, wat da bei menge Recherchen raus komm ass: dofir probéieren ech Iech ee klengen Iwwerbléck vun den 119 Säiten ze maachen.

De Fussball, deen an England an Schottland entstan ass (1863 gouf déi éischt Federatioun, d’Englesch F.A., an d’Liewen geruff), huet sech schnell op Europa a spéiderhin och Asien an Amerika ausgebreet. Während am Ufank virun allem déi sportlech Resultater am Virdergrond stoungen, hunn déi Responsabel spéiderhin emmer méi déi finanziell Méiglechkeeten an d’Aa gefaasst, déi de Fussball mat sech brengt. Sou gouf aus dem Fussballspill den Fussballbusiness, deem sech d’Veräiner dunn ugepasst hun, a versicht hun, ëmmer méi Opmierksamkeet op den eegene Veräin ze lenken, fir en méi interessant fir Sponsoren ze machen. Des Attraktiviteit gëtt natierlech an engem éischte Punkt duerch sportlëch Resultater produzéiert, mee och een Transfer vun engem auslännesche Spiller, de Bau vun engem moderne Stadion oder och eng Partnerschaft mat aaneren (wa méiglech auslänneschen) Veräiner dréit zu dëser Attraktivitéit bäi. Paradebeispiller vun enger erfollegraicher Aussevermarktung si Real Madrid a Manchester United, déi weltwäit bekannt sin an doduerch finanziell an enger anerer Liga spillen wéi d’Konkurenten.

Letzebuerger Veräiner kënnen do natierlech net mathalen. Allerdengs gouf de lëtzebuerger Fussball an de leschte Méint och am Ausland wouer geholl, virun allem duerch déi positiv Resultater an den internationalen Matcher – sief daat den F91 geint Salzburg oder d’Nationalequipe mat respektabele Resultater geint d’Schwäiz a méi rezent Frankräich a Portugal. Lëtzebuerg huet iwwer déi läscht 5 Joer gekuckt hir Punktzuel am UEFA Associations Ranking och all Joer verbessert, an huet eng positiv Aussiicht fir déi nächst Joer. Dës Entwecklung kann een net héich genuch urechnen, vu dass lëtzebuergesch Veräiner finanziell deenen aaneren europäesche Klibb kloer enerleeë sin, virun allem well se kee Broadcasting Revenue, also Suën aus der Diffusioun vu Championnatsmatcher op der Telé, kréien.

Käerjéng versus ManU

Einnahmequellen vum UN Käerjéng, Manchester United, FC Barcelona an Real Madrid am Verglach

Einnahmequellen vum UN Käerjéng, Manchester United, FC Barcelona an Real Madrid am Verglach

Op dësem Graph kënnt dir gesinn, dass ee mëttelklassege lëtzebuergesche Fussballveräin an eischter Instanz vu Sponsoren ofhänkt, mee sech och aaner Quellen muss afalen loossen. fir Suen an d’Veräinskees ze kréien. Wat mëch och nach erféiert huet, dat sin d’Präisser vun den Entréesticketen an eisem klenge Land. Zu Käerjéng kascht een normalen Ticket 10 Euro fir mëttelklassege Fussball – wat, wann ee bedenkt, dass een am Duerchschnëtt muss 22,75 Euro bezuele fier eng éischt Bundesliga kucken ze goën, vill ze héich ass. D’Veräiner kréien och net wierklech Suën duerch de Verkaf vun Fanartikelen ran, well d’Demande dofir einfach inexistent ass.

An de läschte Méint hate mir jo och eng grouss Diskussioun ëm d’Fussballstadion’en, wou elo dach décideiert gouf, fir de Stade Josy Barthel ze renovéieren. Dëst as, a mengen Aan, och déi richteg Décisioun. D’Leit beschwéiere sëch awer iwwer d’Stadion’en aus der Nationaldivisioun – kee Komfort, keng Sëtzplazen, nët iwwerdacht. Dëst soll sëch, laut dem Romain Schneider, an den nächste Méin verbesseren. Fir erfollegräich ze sin, brauch een natierlech net nëmme gudd Spiller, mee och qualifizéiert Leit am Hannergrond – Traineren, Sportdirekteren an och Presidenten. Erfreelech ass et ze gesinn, dass 8 vun de 14 Traineren aus der Nationaldivisioun, alsi iwwer d’Halschend, och Lëtzebuerger sin.

Wéi kéint et besser goën?

Dëst sin nëmmen e puer vu villen Aspekter, déi a menger These analyséiert gin, mee als Schlussfolgerung hun ech verschidde Beräicher vum Fussball erausgegraff, fir Recommandatiounen ze gin.
Sou zum Beispill Ticketspräisser: als Käerjénger Supporter soll een zum Beispill net musse souvill bezuele, wann ee geint Woltz kucke geet, wéi wann Diddeleng oder Esch op Besuch sin. Et kéint een och zum Beispill sougenannte Combo-Ticket’en verkafen, déi zu Matcher geint stark an awer och manner stark Equipe gülteg sin, fier och do eng gewëssen Unzuel u Supporter am Stadion ze hun. Dëst get zum Beispill an der amerikanescher NBA ganz erfollegräich ugewandt.

Als weideren Aspekt hun ech déi quasi inexistent Kommunikatioun tëscht Veräiner a Supporter ugesprach, déi een ouni vill Opwand kéint verbesseren, zum Beispill duerch Facebook-Gruppen.

Wann ee sollt Loscht kritt hun, fir déi ganz These ze liesen, kann ee gäer Bescheed soen mat engem Kommentar (an senger E-mail Adress) hei ënert dem Artikel, an ech si gäer Bereed. fir se per Mail un Iech ze schécken.

Manou Goergen

Share: