De Luc Holtz huet fir de WM-Qualifikatiounsmatch géint den Aserbaidschan en néien Spiller nominéiert. Datt ass u sech näischt rares oder exeptionelles mä an dësem Fall ass ët vläit richtungsweisend fir d’Zukunft. Den Dan Colette gouf duerch den Chris Martins Pereira ersaat. Alter : 16 Joer.
De Spiller vum Racing gëllt als Riesentalent an polyvalent asetzbar. An der Jugend huet hien,nom Luc Holtz, éischter am Defensiven Secteur vum Spillfeld säin Onwiessen bedriwwen mä a sengem éischten Optrëtt mat der A-Equipe am Frënndschaftsmatch géint Saarbrécken huet hien am rietsen offensiven Mëttelfeld Plaz fonnt.
E weideren Beweiss dat et sëch ëm e ganz gudden handelt : ab nächster Saison stréckt hien seng Schung am Centre Tola Vologe, d’Talentschmied vum Olympique Lyon. De Club deen an de lëschten Joer Riesentalenter wéi Benzema, Rémy oder Govou erausbruet huet an säit dësem Joer nees mat Talenter aus der eegener Jugend ( Lacazette, Grenier, Gonalons) fir Wirbel an der Ligue 1 suergt. Dat kléngt villverspriechend an de Wiessel op Lyon ass an deenen Ëmstänn richtëg clever.
Elo muss een awer och drunn denken dat esoulaang den Chris Martins nach keng Minutt an engem offiziellen Match fir Lëtzebuerg gespillt huet, et d’Méiglechkeet gëtt datt hien nach fir d’Heemechstland vu senger Famill, de Cabo Verde, spillen kéinnt. Et wier also elementar wichteg wann hien dëse Freiden den definitive Schrëtt Richtung Lëtzebuerger Nationalequipe maachen géif. Datt géif vill Rouh an datt Ganzt brengen an den Drock vum Spiller huelen. Wat esoueng wichteg Entscheedung mat sech bréngt hu mir vrun e puer Joer am Fall Pjanic erlieft. Et wier schéin wann datt jidderengem erspuert bleiwwen geing.
Vergiessen däerf een an der ganzer Euphorie och net datt e Spiller mat 16 Joer nach lang keen fäerdegen Spiller ass. Vill Talenter, esou hoffnungsvoll se och waren, hunn de Sprong zum gestaanenen Spiller net gepackt.
Et soll een sëch, bei der Famill, der Federatioun, de Fans an natierlëch och beim Spiller selwer bewosst sinn datt munch Schicksalschläg wéi Verletzungen, Streidereien mat Trainer oder Matspiller oder schlecht Beroodung an finanziellen Entscheedungen dem Draam vum Fussballstar e Strich duerch d’Rechnung gemaach huet.
Wënschen dem Chris Martins dat hien de Sprong packt an him an der Lëtzebuerger Nationalequipe eng flott Zukunft erméiglëcht.
Also e Méindeg huet hien op der rietser Säit agéiert, während de Colette op lénks aktiv war. Woubäi ee leider muss soen, datt den Dan Colette am Moment keng Héichform ze hu schéngt. Hien huet zwar gekämpft a geackert, mä séng Passen hu jeeweils hier Ziel däitlech verfehlt.
Wéi gesot, de Martins war tip top, och wann hien nach e bësse gréng hannert den Ouere war a vläicht e bëssen iwwermotivéiert, wat e relativ séier an de Fokus vum Arbitter bruet huet. Dat däerf op internationalem Level natierlech net geschéien!
A wann hien op Lyon geht, ass et gutt, well dann ass hien net méi beim RFCUL 😉 Ech hoffen natirlech och, datt et keen 2.Fall Pjanic gëtt!
Hoffe mir mol dat hien muer spillt…
//www.wort.lu/fr/view/c-martins-le-cap-vert-au-courant-mais-sa-marge-de-man-uvre-est-etroite-5149c76de4b0abd74a04eae4
Och wann de Cap Vert elo e flotte Parcours an der CAN gemeet huet.. Et ass de selweschten Niveau. Et wier entäuschend wann hien elo op d’Inselen spille geet.