Eise Géigner vun haut – Finnland

De Finnen ass e Freideg wuel di gréisst Iwweraschung vum ganze Spilldag gelong: 1-1 ass hiren Auswäertsmätch a Spuenien op en Enn gaang.

D’Zäite vu Litmanen an Hyypiä an der finnëscher Nationalekipp sinn eriwwer, soudass elo amfong net méi vill weltbekannt Spiller fir Finnland oplafen. Fir d’Lëtzebuerger Supporter ass den Teemu Pukki vu Schalke wuel dee Bekannsten, wahrscheinlech kennen och nach vill Leit di fréier Bundesligisten Petri Pasanen (Werder) a Mikael Forssell (Gladbach, Hannover). Fir de Rescht ass vläicht nach aus der hollännescher Eredivisie den Niklas Moisander (Ajax) an den Tim Sparv (Groningen) deem engen oder aneren e Begrëff.

Obschon Finnland, mat enger Fläch vu ronn 338000 Quadratkilometer just onwesentlech méi kleng wi Däitschland ass, huet d’Land just 5,4 Milliounen Awunner – dat sinn der net vill méi wi Rheinland-Pfalz an d’Saarland zesummen.

An der Grupp I vun der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun fir 2014 läit Finnland momentan mat 2 Punkten aus 3 Mätcher op der leschter Plaz. Virum Mätch e Freideg zu Gijon géint Spuenien gouf et schon en 1-1 am Oktober doheem géint Georgien. Bei der Tabell muss een allerdéngs berücksichtegen, dass Finnland an enger Fënnefergrupp spillt an dowéinst net all Ekippen d’selwecht vill Mätcher gespillt hunn: Georgien a Wäissrussland leien zwee respektiv ee Punkt virun de Finnen, an hunn awer och zwee respektiv een Mätch méi gespillt.

Véiermol stoungen Lëtzebuerg a Finnland sech bis elo bei engem Lännermätch géigeniwwer. Beim leschten Duell tëscht béiden Ekippen, engem Frëndschaftsmätch am Februar 2001 huet Finnland 0-1 gewonn. An der WM-Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft 1978 an Argentinien hunn d’Rout Léiwen 7-1 a Finnland an 0-1 heiheem verluer.
Di eenzeg Victoire fir d’Lëtzebuerger géint Finnland gouf et an engem Frëndschaftsmätch de 4.November 1951. 3-0 ass dëse Mätch op en Enn gaang, dat duerch Goler vum François Müller, engem Selbstgol vun de Finnen an engem Gol vum Victor Nurenberg.

Bei deem Mätch 1951 sollen anscheinend 10000 Leit de Wee an de Stadion fonnt hunn…

One thought on “Eise Géigner vun haut – Finnland

  1. Paul Krier 26. März 2013 at 12:19

    Sinn dann d’Finnesen elo esou staark? Ech mengen si tummele sech an der Weltranglescht an de Géigende vun Armenien an Israel an hunn effektiv just 1-1 géint Georgien gespillt, e Géigner, géint dee mier zwar eis Problemer virun der Saison haten, mä deen ech net vill méi staark wéi eis selwer aschätzen. Natirlech, en 1-1 géint Spuenien ass schon e Resultat, mä mat Chance hätte mir och esou e Resultat géint Portugal gehat.

    Antworten

Schreibe einen Kommentar zu Paul Krier Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.