D’Causa Martins, oder: den Afloss vun der Press

No senger éischter Nominéierung fir d’A-Nationalekipp werft de 16 Joer jonke Christopher Martins Pereira een Dag virum Lännermatch d’Handduch. D’Ursaachen dofir sin zum Deel hausgemaacht.

Fir ee regelrechten Hype haat den Nationaltrainer Luc Holtz gesuergt, wéi en dat jonkt Talent, dat no der Saison an d’Fussballsschoul vum Olympique Lyon wiesselt, an de Kader fir d’Begéignungen mat Saarbrécken, Aserbaidschan a Finnland beruff huet. D’Medien hu vu soss naischt méi bericht. All wollten se een Interview mam zukünftege Shootingstar, deen déi lëtzebuerger Fussballsschoul duerchlaf as an an den Jugendnationalekippen schon zum Asaz koum. De Luc Holtz huet dat richtegerweis verhënnert, fir hien net ze iwwerfuederen.

Hun de Martins mat ausgebildt: FLF-Jugendkoordinator Reinhold Breu a Nationaltrainer Luc Holtz
Hun de Martins mat ausgebildt: FLF-Jugendkoordinator Reinhold Breu a Nationaltrainer Luc Holtz

Wat hien net konnt verhéieren, war dat, wat an deene läschten Deeg an verschiddenen Zeitunge geschriwwe gouf an wat wahrscheinlech ee groussen Deel dozou baigedroën huet, dass de Martins um Spillbou gëschter Owend géint Aserbaidschan gefehlt huet. Haaptthema war seng duebel Nationalitéit: de Lëtzebuerger huet nämlech och nach ee kapverdianesche Pass a kéint deemno och nach fir den afrikaneschen Inselstaat oplafen. Kritt Lëtzebuerg een zweete “Fall Pjanic”? Dat war d’grouss Suerg vun verschidde Medien – mee wa si dat net an deem Emfang thematiséiert hätten, wier et vlait net zu dësem – aus lëtzebuerger Siicht – Worst Case komm.

Do gouf de Ronny Souto, kapverdianischen Nationalspiller aus der BGL Ligue, kontaktéiert, dee soot, en hätt seng Federatioun doriwwer informéiert, dass hinnen hei eventuell een Talent virun der Nues ewechgeholl géif gin. Kann een dem Souto ee Virworf maachen? Ech denken net, jiddereen hätt sou am Interet vu sengem Fussballsverband gehandelt. Hätt eng Zeitung awer onbedéngt missen d’kapverdianesch Federatioun kontaktéieren fir nozefroën, an domat erauszefuederen?

Sëcher kenne mir net all d’Hannergrënn vum Christopher Martins senger Decisioun. Mee et as unzehuelen, dass duerch dee ganze Rummel em seng Persoun him a sengem Entourage déi ganz Problematik eréischt bewosst gin as. Wéi soss as et ze erklären, dass de Jong am Gespréich mam Nationaltrainer virun e puer Dee nach zougesot huet, dass e wéilt fir Lëtzebuerg spillen?

Nach as jo nët alles verluer, a vlait as sain Debüt bei de “grousse” roude Léiwen just “verschoben” an net “aufgehoben”. Trotzdem kéint et hei alt erem sou goën, dass ee jonkt Talent vun der FLF ausgebild an ennerstëtzt gouf, an der Federatioun trotzdem duerno de Réck dréint. Et wier gudd, wann de Jong elo mol eng Zaitche vun der Öffentlechkeet a Rou geloos gett an sëch iwwerleeë kann, wat hie schlussendlech well. D’Federatioun wäert sëcherlech dohannert bleiwen fir hien ze behalen. Wann et awer lo sollt – wéi am Fall Pjanic – zu iwwerdriwwene Fuederunge kommen, däerf d’Federatioun sëch awer och net op der Nues ronderem danze lossen an hie goe lossen – well ee bei allem Talent een Trikot vun enger Nationalmannschaft aus Iwwerzeegung soll droën, an net aus finanzielle Grënn.

benem

huet säit 2003 just 6 Heem-Lännermatcher verpasst.

Learn More →

5 thoughts on “D’Causa Martins, oder: den Afloss vun der Press

  1. luxpjamer 23. März 2013 at 23:14

    Ech froë mëch op d’FLF do net hätt virsuergen missen an d’Press bieden sollen e bessen op d’Bremms ze drecken bis de Jong eben den Trikot um Terrain spazeieren gangen wier. Datt schéinnt jo kéng Saach vun Onméiglechkeeten, ons Presselandschaft ass jo zimlëch iwwerschaubar. Ech gleewen kaum datt d’Famill Martins ons Berichter liesst 😉

    Antworten
  2. Paul Krier 24. März 2013 at 18:56

    Also der Press an d’Handwierk pfuschen gëtt meeschtens en Umkehreffekt, wéi eben de muergen op wort.lu/fr. D’Press brauch een, ob ee wëll oder net. Et bleift just d’Fro, wéi wäit Medienpartner vun der FLF selwer därfe goen. D’Wort ass jo Sponsor an RTL och. Schneit ee sech do net an d’eege Fleesch?

    Ech wëll kloer a fair hei soen, datt de Martins mat 16 Joer effektiv soll a Rou gelooss ginn. Mä hie soll emol en Zeeche vun Dankbarkeet weisen. An donieft: wéinst em Geld geet e sécher net fir de Cap Vert spillen, do ass dann d’Situatioun awer aanescht wéi am Fall Pjanic-Bosnien.

    Antworten
  3. Paul Krier 26. März 2013 at 12:16

    A méngen Aen eng intelligent Entscheedung vun den Elteren (déi jo wéi gesoot nach d’Tutelle hunn) mat positiven Tendeze fir Lëtzebuerg:

    //www.wort.lu/fr/view/il-choisira-quand-il-aura-18-ans-affirme-le-pere-de-christopher-martins-5150ac9ce4b0bd54e4d1c403

    Also maache mer elo erëm dem Deckel op d’Dëppen, éier et iwwerkacht. D’Famill hätt déi Situatioun just kënne méi elegant léisen.

    Antworten
  4. benem 26. März 2013 at 12:19

    Loosse mer hoffen dass dat och éierlech gemengt as, an net einfach eng Hinhaltetaktik as fir weider vun der FLF ze profitéieren… (cf Pjanic)

    Antworten

Schreibe einen Kommentar zu Paul Krier Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.