Wéi verschidde Medien haut mellen, wäert de Chris Philipps haut um Donneschden sain éischte Profiskontrakt beim FC Metz ennerschreiwen.
benem
huet säit 2003 just 6 Heem-Lännermatcher verpasst.
huet säit 2003 just 6 Heem-Lännermatcher verpasst.
Wéi verschidde Medien haut mellen, wäert de Chris Philipps haut um Donneschden sain éischte Profiskontrakt beim FC Metz ennerschreiwen.
No senger éischter Nominéierung fir d’A-Nationalekipp werft de 16 Joer jonke Christopher Martins Pereira een Dag virum Lännermatch d’Handduch. D’Ursaachen dofir sin zum Deel hausgemaacht.
De Manou Goergen huet sech fir seng Bacheloraarbecht de lëtzebuerger Fussball zur Broscht geholl, dobäi eng ganz Rei Vergläicher zu deene grousse Klibb aus dem Ausland gezunn an eng ganz Rei Ënnerscheeder festgestallt. Fir den “Huel Se!” huet hien hei seng Feststellungen resuméiert.
Et hat alles sou schéin ugefang: ee respektabelt Resultat géint Portugal mat enger Leeschtung, déi ee Punkt verdéngt gehat hätt, an eng manner gudd Leeschtung géint Nordirland mee trotzdem ee Punkt erkämpft. D’Enn vun der Geschicht as bekannt: 9 israelesch Goaler innerhalb vu 5 Dee kasséiert, Euphorie verflun, Fans enttäuscht.
Virun allem am Virfeld vum Heemmatch géint Israel war eng Euphorie ze erkennen, déi ee sou scho laang net méi kannt haat: do goung rieds, dass géint Israel awer eppes misst dran sin. Trotz engem Historique géint dat Land, dat engem nëmmen Angscht konnt machen: 0:7, 1:3, 0:5, dat waren déi läscht Resultater am direkte Verglaich. Och de Nationaltrainer huet, ganz ongewinnt, seng Spiller an den héchsten Téin geluewt. Alles dat waren Unzeechen, dass dee Schoss nëmmen no hanne lass konnt goen, an sou koum et dann och. Wat allerdings no deenen zwee Matcher alles an der Press gelaf as, war nach bal méi traureg wéi d’Resultater aus deenen 2 Matcher! Dat betrëfft den Nationaltrainer, mee och Spiller an d’Press, déi Saache gesot hun, déi net ubruecht waren, an den Tenor war iwwerall méi wéi negatif.
Trotz allem heescht et elo net, d’Bengele bei d’Tromm ze geheien an alles schlecht ze rieden.Sëcher, dës zwee läscht Matcher hun esou guer net an déi Serie vu gudde Leeschtungen aus der Zait virdrun gepasst. Et däerf een elo net alles un desen 2 Matcher moossen. Israel war (a bleift) eisen Angschtgéigner, an déi 2 Klatschen missten jiddereen erëm mat de Féiss op de Buedem brengen; mir sin ëmmer nach “nëmme” Lëtzebuerg, an däerfen trotz der positiver Entwécklung vun de leschte Joeren nach emmer net mengen, mir kéinten eis mat deenen Groussen an Mëttelgroussen moossen. Do kënnt et also wéi geruff, dass elo – ofgesi vum Testmatch géint Schottland de 14. November – fir d’Nationalekipp Wanterpaus as, an jiddereen Zait huet, fir sëch seng Gedanken iwwert den unrühmlechen Oktober ze machen, ze analyséieren an ze selbstreflektéieren – den Trainer, d’Spiller, awer och d’Fans an d’Medien.
Mir haten eng immens jonk Ekipp um Terrain stoen – do huet also jiddereen nach Potenzial an Zait fir sëch ze verbesseren. Dës Ekipp kann nach eng Rei Joeren esou zesumme spillen an sëch besser zesummen aspillen, an ech denken, dass mir elo net musse wéinst 2 Ausrutscher alles schwaarz gesin. Elo as déi richteg Paus zum richtegen Zaitpunkt, fir no vir ze kucken an dann am nächste Joër rem do virun ze machen, wou mer am September ugefang haten!
Ab elo si “mir” mat engem Blog iwwert d’lëtzebuerger Nationalekipp an de Fussball zu Lëtzebuerg online. “Mir”, dat sin momentan 5 Leit, déi sëch an deem läschte Joerzéngt duerch d’lëtzebuerger Nationalekipp an den M-Block kenne geléiert hun an kaum ee Match vun der Nationalekipp verpasst hun.
An éischter Linn geet et em d’lëtzebuerger Fussballnationalekipp an hir Fans. Sou wierte mir souwuel iwwert d’Mätcher selwer, wéi awer och iwwer d’Reesen op Auswäertsmatcher schreiwen. Doniewt kënnen awer och aaner Themen ugeschwat gin, déi ee Lien mam lëtzebuerger Fussball hun, sief et d’Championnat, d’Coupe de Luxembourg, oder di gudd aal Diskussioun iwwert Sënn an Onsënn vun engem neien Nationalstadion.
Méi an deenen nächsten Deeg!