Mäin éischte Match am Josy Barthel muss am Mäerz 1995 géint Norwege gewiescht sinn. Ech hunn virdrunner schonns Fussball verfollegt, am Ufank nëmmen EM (ab 1988) a WM (ab 1990), ab 1994 och däitsch Bundesliga (1860 a Kaiserslautern si bis haut meng Liblingsveräiner, deemools alle béid nach éischtklasseg), awer ëmmer nëmme virun der Telé oder virum Videotext a Radio. De…
Genau 13 Méint no eiser leschter Rees a Wäissrussland sinn ech e Samschdeg, aachten Oktober, erëm iwwert Frankfurt op Minsk geflunn. Mat derbäi war de Guy, dee säit der Slowakei och regelméisseg auswäerts derbäi ass an des Campagne säin éischten Zéngter wëll maan.
Sonndes owes, zwee Deeg virum Match an Wäissrussland, sinn mir zu fënnef (de Kevin, d’Liz, de Mich, de Sven an ech) mat der Lufthansa vun Frankfurt op Minsk geflunn, wou mir no aacht Auer ukomm sinn. Nodeems mir d’Passkontroll iwwerstan haten (d’Beamten hunn eisen Visum nach eemol mat der Lupp ënnersicht), sinn mir mat engem Taxi bei eist Hotel gefuer.
Hei een Bericht (op daitsch!) iwwert meng Auswärtsrees mat e puer aneren Letzebuerger an Russland. Anbai nach e puer flott Fotoen.
En Méindeg 3ten Juni sinn ech mam Zuch op Basel gefuer, wou ech mech mam Schwäizer Groundhopper Martin S. getraff hunn. Zesummen sinn mir den Dag duerno iwwer Istanbul op Baku geflunn. Baku ass wierklech eng immens flott Stad mat alen historeschen Iwwerbleibsel an prächtegen neien Gebaier, dorënner vill Héichhaiser, déi nuets de Leit spektakulär Liitspektakel bidden. Virun allem d´Flame…

