D’Weltmeeschterschaft 2018 ass säit knapp zwee Méint eriwwer. Niewt de Biller vun de grousse Momenter géint Enn vum Tournoi, wou eis franséich Noperen mat der Coupe hiren zweete WM-Titel feieren oder eis belsch Noperen de Matfavorit Brasilien eliminéiert hunn, bleiwen wahrscheinlech net just mir, mee och villen anere Supporter aus Lëtzebuerg nach ganz aner Momenter an Erënnerung:
“Eng Aart inoffiziellen Ambassadeur”… oder: scho rem 10 vun 10!
Allgemeng, Auswäertsreesen, Fussball international, Match Reports, WM-Quali 2018Fir d’drëtte Kéier hannerteneen huet de CK, hei op huelse virun allem als Auslandkorrespondent fir „exotesch“ Auswäertsmätcher aktiv, allen 10 Qualifikatiounsmätcher vun de Roude Léiwen gesinn.
Dass et zu Rotterdam schwéier fir d’Rout Léiwe sollt ginn war gewosst. Dass um Enn awer sollt mat engem 5-0 déi héchsten Néierlag fir d’Lëtzebuerger an engem Qualifikatiounsmätch säit dem Oktober 2012 (engem 0-6 doheem géint Israel) zu Buch sollt stoen war natierlech eng Enttäuschung.
Lëtzebuerg – Cap Vert… herno ass een ëmmer méi schlau!
Allgemeng, Fussball national, Match Reports, Nationalekipp, WM-Quali 2018Herno ass ee bekanntlech ëmmer méi schlau. No der 0-2 Défaite géint de Cap Vert freet een sech natierlech, ob et iwwerhaapt sënnvoll war, just e puer Deeg nom Qualifikatiounsmätch géint Frankräich en Testmätch ze maachen.
Eng ganz traureg Noriicht huet eis de Weekend ereecht: de John Muno, Eirepräsident vum FC CeBra01, huet eis d’lescht Woch fir ëmmer verlooss.




