Et war de 9.Juli 2014, géint véirel fir 8 lokaler Zäit zu Sao Paulo… de Maxi Rodriguez leeft un a schéisst en Elefmeter… de Jasper Cillessen kënnt un de Ball, kritt e widdert d’Lat deviéiert – mee vun do aus spréngt de Ball an de Gol. Argentinien steet an der WM-Finall 2014. Och wann Holland puer Deeg drop nach sollt…
Irgendwéi e Klassiker…
Allgemeng, Auswäertsreesen, Fussball international, Match Reports, Nationalekipp, Virschau, WM-Quali 2018E Freideg géint Schweden hunn d’Lëtzebuerger net schlecht gespillt – mee et muss een unerkennen, dass de Géigner einfach méi staark war. Eng weider Chance, déi éischt Punkten fir dëss Campagne anzefueren bidd sech fir d’Rout Léiwen schon dëse Méindeg auswäerts a Wäissrussland.
Huelse-netsoueescht: D’Supporter op der Europameeschterschaft…
Allgemeng, EM-Quali 2016, HuelsenetzeeeschtAll zwee Joer, irgendwann tëscht de Barragemätcher (dat ass, wa 1492 Zuschauer verzweifelt zu Kanech no enger Parkplaz sichen) an der Qualifikatioun fir d’Coupe d’Europe (dat ass, wa viru 634 Leit am Nosbaumstadion zu Diddeléng d’Champions League Hymn ertéint) mutéieren op eng erstaunlech Manéier fir e Mount all Leit zu Fussballsexperten. Dat ass e Phänomen, dat een och, awer bei…
Fir d’alleréischt wënschen ech, am Numm vun der ganzer Ekipp vum Huelse, vun dëser Plaz aus all eise Lieser vill Gléck am neie Joer. D’Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft a Frankräich ass eriwwer, an d’Lëtzebuerger A-Nationalekipp wiert deemno bis de Summer just Frëndschaftsmätcher spillen. Fir de 25.Mäerz 2016 steet mat Bosnien-Herzegovina schon en éischten attraktive Géigner fest. Och wann Dzeko, Pjanic a…
Et ass ouni Zweifel déi gréisst Fangruppéierung am Lëtzebuerger Fussball – a mat 20 Joer sëcherlech och eng vun deenen eelsten. Rieds geet natierlech vum M-Block. Et ass och do wou mir fënnef Auteuren vun dësem Blog eis alleguer am Laf vun der Zäit kennegeléiert hunn.




