Browsing Articles Written by

Luiz

Eng Saison iwwert d’Kalennerjoer – firwat net?

Allgemeng By 12. Februar 2013 3 Comments

Sonndegmoien, den 2.Dezember 2012. Eigentlech wëll ech de Mëtteg meng Ekipp am lëtzebuerger Veräinsfussball op hirem Auswäertsmätch ënnerstëtzen mä DSC_0099

et huet hënnt geschneit, wann och nëmmen e bëssen, a lo waarden ech emol op eng SMS vun engem Responsabele vum Veräin, respektiv eng Notiz op flf.lu op de Mätch de Mëtteg iwwerhaapt ka gespillt ginn. Sou oder ähnlech geet et sëcherlech net just mir, mee och villen anere Supporter, grad wéi och Traineren a Spiller uechtert d’Land – vun der Nationaldivisioun bis erof an di ënnescht Divisiounen.

Fir d’Wieder ka keen eppes (nee, keng Angscht, ech wëll elo net iwwer de Klimawandel diskutéieren 😉 ) a wat d’Terrainen ugeet denken ech dass de lëtzebuerger Veräinsfussball am Verglach zu ville Veräiner am noen Ausland op ähnlechem sportlechem Niveau schon zimmlech verwinnt ass. Et muss en den Hiewel also enzwousch anescht usetzen wi bei den Infrastrukturen.

Eng Méiglechkeet, di mer relativ intressant schéngt, an iwwert déi ech mer elo puer Gedanke wëll maachen, wier déi de Kalenner ze reforméieren, an d’Saison net, wi bis elo üblech, vun August bis Mee, mee iwwert d’Joer, also beispillsweis vun Enn Februar/Ugangs Mäerz bis Enn Oktober spillen ze loossen.

DSC_0080

Den éischten immense Virdeel wier, deen dësst hätt wier dass wiederbedéngt Mätchofsoen, di et momentan zu Lëtzebuerg quasi all Joer ginn, an Zukunft just nach absolut Ausnahmen wieren. Schnéi ugangs Mäerz ass natierlech net kategoresch ausgeschloss, mee awer vill méi onwahrscheinlech wi tëscht Dezember a Februar. Dëss Ofsoen si vir d’Supporter scho lästeg genuch, fir d’Spiller an Traineren, di sech di ganz Woch op de Mätch präparéiert hunn, an hire ganze Weekend op de Mätch ausriichten nach vill méi problematesch.

Och wat d’Präparatioun fir d’Saison ugeet, wier et vläicht eng intressant Alternativ iwwert d’Kalennerjoer ze spillen. Déi éischt Präparatioun vun der Saison, déi wou vill Spiller de Veräin gewiesselt hunn an d’Ekippe sech musse fannen, wier dann am Januar an am Februar – also zu enger Zäit wou wesentlech manner Spiller an der Vakanz sinn wi an de Summerméint. An enger Saison iwwert d’Kalennerjoer kinnt een de Championnat de Summer 4-6 Wochen, beispillsweis am Juli an August, aussetzen. Zu deem Zäitpunkt wier jo dann „just“ eng Paus di elo mat der aktueller Wanterpaus vergläichbar ass, also eng Phas wou wesentlech manner Transferten gemaach ginn, et also wahrscheinlech vill manner schlëmm fir Traineren ass wann d’Spiller au fur et à mesure di eng oder aner Trainingswoch verpassen wëll se an der Vakanz sinn.

Eng weider Konsequenz wier dass di decisiv Mätcher net méi am Mee wieren, mee am Oktober, wat Schüler a Studenten wuel gutt giff arrangéieren, well am Mee jo och traditionell Präparatiounsphas fir d’Examen ass. Virun allem awer giffen d’Decisiounen am lëtzebuerger Fussball net méi zum selwechten Zäitpunkt falen wi d’Decisiounen an den auslännesche Profiligen, respektiv der Champions League. Wann Diddeléng, Déifferdéng, Gréiwemaacher an d’Jeunesse Esch sech mussen d’Schlagzeilen mat Juventus Turin, dem FC Barcelona a Manchester United grad wéi natierlech och de Veräiner aus der Bundesliga deelen, geréit den nationale Fussball wuel oder iwwel e wéineg an den Hannergrond, wat am Oktober, wou u sportlechen Héichpunkten amfong kaum eppes ass, sëcherlech manner de Fall wier.

Ausserdem wier et, och wann d’Resultater vun de lëtzebuerger Veräiner an der Coupe d’Europe méi wéi zefriddestellend waren dëss Saison, wahrscheinlech e Virdeel fir d’lëtzebuergesch Veräiner wa se hier international Mätcher ugangs Juli an der Mëtt vun der Saison an net irgendwou mëtten an der Präparatioun kinnte spillen. Hoken un där Saach wier natierlech dass d’Veräiner, di duerch di ganz Qualifikatioun marschéieren, just eng kuerz Summerpaus am August hätten, mee ech denken dass een dat als Spiller oder Trainer fir e gutt Ofschneiden an der Coupe d’Europe gären a Kaf hëllt…

 

Wat mengt Dir dozou?

PS: Wi all Artikelen op huelse.lu ass dësst just d’Meenung vum Auteur selwer an net zwéngend déi vun der ganzer huelse.lu-Ekipp.

 

 

 

 

 

 

 

Share:

Bonne Chance, Ronny Souto!

Allgemeng By 27. Januar 2013 2 Comments

Während de Fussball hei am Land nach am déiwe Wanterschlof läit ass ee Spiller aus eiser Nationaldivisioun e puer Dausende Kilometer méi südlech scho rem am Asaz: wéi der vläicht scho matkritt hudd, steet de Ronny Souto vun der Fola Esch am Kader vun der kapverdianescher Nationalekipp beim Africa Cup of Nations an ass an deenen 3 Gruppemätcher vum Cap Verde zweemol agewiesselt gin.

121021_LW_FOL_BMS032

 

Haut huet de Cap Verde säin drëtte Gruppemätch gespillt – a mat 2-1 géint Angola gewonn. Domatt steet den Inselstaat relativ iwweraschend an der Véirelsfinall.

Dem Ronny Souto a senger Ekipp vun dëser Plaz aus bonne Chance fir de weidere Verlaf vum Turnéier gewënscht.

 

 

 

Share:

E Réckbléck op d’Joer 2012

Allgemeng, Fussball national, Nationalekipp By 24. Dezember 2012 No Comments

D’Feierdeeg stinn an d’Haus, d’Joer geet dem Enn zou a wéi dat dann üblech ass wëll ech och vun dëser Plaz aus eemol kuerz op d’Joer 2012 zréckblécken.

Déi éischt Halschent vum Joer war éischter roueg wat d’Lännermätcher ugeet, mee den eenzege Lännermätch an der éischter Halschent vum Joer hunn d’Léiwen gewonn. 2-1 ass de Frëndschaftsmätch den 29.Februar géint Mazedonien ausgaang an d’Witzer zum Thema „all Schaltjoer eemol“ hunn natierlech net laang op sech waarde gelooss.

Manner zefriddestellend waren d’Resultater aus den Testmätcher iwwert de Summer, eng 0-2 Défaite gouf et am Juni op der Areler Strooss géint Malta an och am August zu Uewerkuer hunn d’Rout Léiwen verluer: dëss Kéier 1-2 géint Georgien.

Wat de Summer ugeet muss een awer och op di gutt Leeschtungen vun de lëtzebuerger Veräiner an der Coupe d’Europe hiweisen: alle virop muss een hei natierlech den F91 Diddeléng nennen, di Tre Penne souverän mat engem Total vun 11-0 aus Hin- a Réckmätch iwwerrannt hunn fir dono RB Salzburg ze eliminéieren. Erwähnenswert ass awer och d’Leeschtung vum FC Déifferdéng, déi souverän géint Runavik gewonn hunn. Am Tour géint de KAA Gent huet leider di néideg Portioun Gléck gefeelt.

Zréck awer zur Nationalekipp: am September koum onemstridden den Héichpunkt vum Joer: den éischte Qualifikatiounsmätch goung zwar 1-2 heiheem géint Portugal verluer, mee d’Leeschtung vun de Roude Léiwen war eng vun deene beschten, di ech jeemols vun der Nationalekipp gesinn hunn. D’Areler Strooss war ausverkaaft an alles an allem denken ech, dass dee Freidegowend eng immens gutt Reklamm fir de lëtzebuerger Fussball war. Deen eenzege Punkt deen eis Rout Léiwen bis elo dëss Campagne geholl hunn gouf et dun e puer Deeg méi spéit zu Belfast. Wi schon a mengem Artikel iwwer dëss Rees gesot sinn ech iwwerzeegt dass jiddereen deen an Nordirland bei deem 1-1 derbäi war dëss Rees ni wiert vergiessen! Op dëser Rees ass iwweriens och d’Idee vun dësem Blog opkomm.

Sportlech goufen et zwee Réckschléi géint Israel am Oktober, eng 0-6 Défaite heiheem an en 3-0 epuer Deeg drop zu Ramat Gan. Sëcher ass Israel keng schlecht Ekipp an et ass keng Schan zweemol géint se ze verléieren, alles an allem war d’Aart a Weis awer enttäuschend. Fir di 3 Supporter, e.a. de CK vun eiser huelse.lu-Ekipp, di an Israel um Mätch derbäi waren war dësst awer natierlech e flott Erliewnis!

Mat enger gudder Leeschtung, awer leider ouni di néideg Réussite ass de leschte Lännermätch vum Joer op en Enn gaang: 1-2 stoung et no engem flotte Mätch géint Schottland am November op der Areler Strooss.

Fir e Réckbléck oder e Bilan an eegener Saach hei um huelse.lu denken ech ass et nach ze fréi, vu datt et dëss Plattform réicht säit Mëtt Oktober gëtt. All eise Lieser awer vun dëser Plaz aus villmools Merci! Am Numm vun der ganzer huelse.lu-Ekipp wënschen ech Iech vun deser Plaz aus schéi Krëschtdeeg an ganz schéint Joer 2013!

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Share:

Haut viru 5 Joër … mam M-Block op Rotterdam

Allgemeng By 17. November 2012 2 Comments

Um 17.November 2007 stoung e Mätch zu Rotterdam fir d’Rout Léiwen un, bei deem ech giff léien wann ech giff behaapten et wier fir mech e Mätch wi all aneren och: säit der EM 1996, als fir meng Generatioun „säit ëmmer“ hunn ech grouss Sympathien fir d’Elftal. Deemols, op der Europameeschterschaft an England, hunn ech eigentlech fir d’éischte Kéier bewosst Fussball gekuckt, (a wëll ech an der grousser Vakanz ëmmer an Holland war war Oranje op deem Tournoi „meng“ Ekipp) an ech hu mech an Zwëschenzäit dacks gefrot ob ech dee selwëchte Lien zum Fussball hätt wann ech deemols di Mätcher vun der Europameeschterschaft 1996 net gesinn hätt…

Dorop konnt awer am November 2007 beim beschte Wëllen keng Rücksicht geholl ginn, en Auswäertsmätch vun de Léiwen stoung zu Rotterdam am Kuip un! Wi ëmmer goung d’Busrees um Park and Ride Houwald lass. Et muss duuschtregt Wieder gewiecht sinn op dësem Samsdeg, op alle Fall huet scho missen zu Capellen en éischte Ravitaillement gemaach ginn. De fréieren Nationalspiller Dan Huss huet eis puer Këschte Béier fir d’Rees versprach, di mer dun bei eisem zweeten Tëschestopp an der Géigend vun Antwerpen vu Kollegen vum him iwwerreecht kruten. D’Fahrt war also alles ausser langweileg, an am spéiden Nomëtteg si mer dun an der Hafestad ukomm.

An den Zentrum vun der Stad hu mer et aus zäitleche Grënn net méi gepackt, mee mir sinn awer nach zwou Stonnen duerch de Quartier ronderem de Stadion, wat net onbedéngt déi aller nobelst Géigend vu Rotterdam ass, getrëppelt, ier mer dun am Block G Plaz geholl hunn. Suwuel vu baussen wi och vu bannen huet de Feijenoord Stadion, wi „de Kuip“ offiziell heescht, mer ganz gutt gefall.

Fir Lëtzebuerg stoungen folgend Spiller an der éischter Elef: Joubert, Kintziger, Hoffmann, Wagner, Peters, Strasser, Bettmer, Payal, Kitenge a Mutsch, während fir Holland di Hären van der Sar, Melchiot, de Zeeuw, Mathijsen, Bouma, van Bronckhorst, Sneijder, van der Vaart, Seedorf, Koevermans a van Nistelrooy opgelaf sinn.

An der 1.Halschent war Oranje optësch kloer iwwerleen, si hate vill méi Ballbesëtz an hunn kaum eppes zougelooss. Allerdéngs ass et hinnen nëmme selten gelong sëch wierklech geféierlech Golchancen erauszespillen. Wann dat dann awer de Fall war, hat de Joubert, deen op dësem Samsdegowend en excellente Mätch gemaach huet, eng Entwert parat. Dun an der 43.Minutt ass leider, den objektiv betruecht awer iwwerfällegen 1-0 gefall. Eng Flank vum Wesley Sneijder vu lénks an du war de Koevermans en halwe Schrëtt méi séier wi säi Géigespiller…

Opfälleg, dass d’hollännesch Supporter trotz Féierung hier Ekipp an der Hallefzäitpaus ausgepaff hunn… d’Stëmmung vun de Lëtzebuerger ass awer trotz Réckstand och an der 2.Halschent gutt bliwwen. Beemol, an der 88. an an der 90.Minutt, hat Lëtzebuerg awer nach zwou sougenannt 100% Chancen… allerdéngs konnt weder den Fons Leweck nach den Sébastien Rémy, allebéid an Zwëschenzäit agewiesselt, de van der Sar bezwéngen.

Och wann de Mätch leschten Endes 1-0 ausgaang ass sinn di meescht hollännesch Spiller, grad wéi och d’Supporter zimmlech séier verschwonn, wuel e kloeren Indice dass ech net iwwerdréiwen wann ech d’Rout Léiwen als „moralësche Gewënner“ vun dësem Mätch bezeechnen. Nom Mätch war et trotz der gudder Leeschtung vun der lëtzebuerger Nationalekipp zimmlech roueg an eisem Bus, di meescht Leit sinn irgendwann ënnerwee ageschlof. Wi mer dono um Houwald sollte gewuer ginn, war an deem anere Bus op der Réckfahrt nach méi Stëmmung, wouriwwer déi di do wollte schlofen net sou glécklëch waren… géint halwer 4 moies ware mer op alle Fall rem zu Lëtzebuerg.

 

Share:

Iwwert de Sënn, a virun allem och den Onsënn vun der FIFA-Weltranglëscht

Allgemeng By 7. November 2012 2 Comments

Ganz sëcher sinn ech net deen eenzegen, deen ugangs Oktober iwwerascht war ze liesen, dass Lëtzebuerg 36 Plazen an elo am November nach eemol 2 weider Plazen an der FIFA-Weltranglëscht verluer huet – Am September hu mer knapp géint Portugal verluer, doraus wierten di Häre Blatter a co eis jo kee Stréck wëllen dréinen, an an Nordirland hu mer och ëmmerhin e Punk geholl– an awer si mer vun der Plaz 106 op d’Plaz 144 erofgerutscht.

Et si mer awer nach puer aner Saachen an dëser Tabell (Versioun vum Oktober 2012) komesch virkomm, zum Beispill dass Kolumbien, di säit 1998 net méi op enger Weltmeeschterschaft derbäi waren elo op der 9.Plaz sinn oder dass Mali an den Top 30 ass. Bei allem Respekt froen ech mech och wéi et gaangen ass, dass Panama, Gabun an d’Zentralafrikanesch Republik an den Top 50 plazéiert sinn.

Op där anerer Säit war ech erstaunt, dass beispillsweis den dräifachen Asienmeeschter Saudi-Arabien, dee bei 4 vun de 5 leschten Weltmeeschterschaften derbäi war, sech aktuell mat Neukaledonien d’Plaz 113 deelt. Dass Brasilien nëmmen op Plaz 14 ass schéngt mer och verwonnerlëch.

Sou hunn ech mech emol bësse mi am Detail mat där FIFA-Weltranglëscht beschäftegt – a fir d’alleréischt emol gekuckt wéi se eigentlech berechent gëtt, wat um däitschsprochege Wikipedia relativ gutt erkläert gëtt.

D’Punktzuel di een an dësem Ranking huet ass 0,2mol d’Joresmoyenne vu viru 4 Joer plus 0,3mol d’Joresmoyenne vu virun 3 Joer, 0,5mol d’Joresmoyenne vu virun 2 Joer plus d’Joresmoyenne vum leschte Joer.

Di Joresmoyenne ass den Duerchschnëtt vun de Punkten, di een fir all offiziell Lännermätcher, offiziell Frëndschaftsmätcher abegraff, an de leschten 12 Méint kritt huet.

D’Punkte pro Mätch errechnen sëch mat der Formel „ P=M*I*T*C “

M steet fir d’Resultat: 3 Punkte fir eng Victoire, 0 fir eng Défaite, 2 fir eng Victoire am Elefmeterschéissen a 1 fir e Gläichspill oder eng Défaite am Elefmeterschéissen. Dat bréngt mat sech, dass een, wann een e Mätch an der regulärer Spillzäit oder no Verlängerung verléiert, d’office 0 Punkten fir dëse Mätch kritt – egal ob dat en onglécklechen 1-2 géint Portugal oder en indiskutabelen 0-4 géint Liechtenstein ass.

I bezitt sëch op d’Wichtegkeet vum Mätch: I=1 bei Frëndschaftsmätcher, I=2,5 bei Qualifikatiounsmätcher, I=3 bei kontinentale Meeschterschaften an dem Confed-Cup, I=4 bei Weltmeeschterschaften.

T moosst d’Stäerkt vum Géigner, mat der Formel (200-Ranglëschteplaz vum Géigner). Ausnahmen ginn et hei fir den Weltranglëschtenéischten (200 aplaz 199) an fir all Ekippen di net ënnert den 150 éischten op der Welt sinn, wou T dann ëmmer 50 ass.

C steet fir d’Stäerkt vum Kontinent vu béiden Ekippen. Dëse Wäert ass wann eng UEFA-Ekipp géint eng aner UEFA- oder CONMEBOL- (südamerikanesche Pendant zur UEFA) Natioun spillt ëmmer 1. Sollt eng europäesch Ekipp géint eng Ekipp vun engem anere Kontinent spillen, variéiert C tëscht 0,925 (géint Ekippen aus Ozeanien) an 0,94 (géint Ekippen aus Nord- a Mëttelamerika).

Wat huet sech also elo fir Lëtzebuerg verännert vum September 2012 bis op den Oktober 2012? Mir hunn géint Portugal verluer, dat heescht, och wa mer gutt gespillt hunn kréie mer fir dee Mätch 0 Punkten. Di eenzeg nei Punkten di mer bäikréien, sinn déi vum Mätch an Nordirland, an dat sinn der, wëll Nordirland zu deem Zäitpunkt just 129. an der Weltranglëscht war, leider net ganz vill. (M=1; I=2,5; T=200-129=71; C=1), d.h. P= 2.5*71=177,5.

Erausgefall ass dëse Mount aus der Wäertung, ee vun deene beschten aus der noer Vergaangenheet, de September 2008. Fir déi di sech aus irgendenger Ursaach net méi sollten errënneren: deemols hu mer zu Zürech géint den deemols 43. aus der Weltranglëscht, der Schwäiz gewonn. M=3, I=2,5 T=200-43=157 C=1. Fir dee Mätch krute mer deemols 3*2,5*157*1=1177,5 Punkten! Zwar waren déi elo zum Schluss nëmmen nach mam Joresfacteur 0,2 verrechent a sinn zesumme mat der Défaite géint Griicheland aus der Wäertung geholl ginn, mee dat fällt natierlech enorm an d’Gewiicht! Dobäi kënnt dass de Mätch, dee mer am September 2011 géint Albanien gewonn hunn duerch d’Verjährung net méi mam Joresfacteur 1, mee just nach mat 0,5 als „Mätch deen tëscht 12 an 24 Méint hier ass“ ageet.

 

Fir déi, deenen di lescht Abschnitter elo ze technësch waren an di se dowéinst einfach iwwersprong hunn beim Liesen einfach elo de Résumé an engem Saz: net wëll mer schlecht gespillt hunn, mee wëll gutt Resultater verjährt, an dowéinst manner oder näischt méi wäert sinn, hu mer sou vill Plazen an der Wäertung verluer.

Di ganz Wäertung ass scho relativ komplizéiert, wat wuel en kloeren Indice ass, dass d’FIFA besuergt ass d’Stärkt vun den jeweilegen Ekippen sou präzis wéi méiglech ze moossen. Wann een sech d’Lëscht dann awer ukuckt, gesäit een, dass dat bei wäitem net ëmmer klappt. Ech behaapten, dass et mat Secherheet keng 13 Nationalekippen op der Welt ginn, di méi staark si wi Brasilien.

Wier di Wäertung elo just eng Spillsaach an en Zäitverdreiw fir Statistiker kinnt een et jo elo dobäi beloossen. Mee dëss Weltranglëscht ass d’Grondlag fir d’Andeelung an d’Lousdëppen fir d’EM- an d’WM-Qualifikatiounen, wou Lëtzebuerg jo traditionell an de leschte Joren am leschten Dëppen eremzefannen war.  Wann een awer elo eemol an d’5.Dëppen kéim hätt een d’Méiglechkeet, ob méi kleng Géigner (aus dem 6.Dëppen) ze treffen an dowéinst dann och besser Chancen méi Punkten ze huelen – an méiglechst vill Punkten an der Qualifikatioun muss jo d’Zil vun all Nationalekipp sinn – och, oder virun allem, wann de Géigner „nëmmen“ Andorra oder San Marino ass.

Ech dreiwen de Raisonnement un d’Spëtzt a froen mech, firwat nach keen op d’Idee komm ass, eben fir seng Ausgangspositioun an den Auslousungen gezielt ze verbesseren, sech Géigner an den Testmätcher erauszesichen, géint déi een „einfach“ u vill Punkte kënnt. Besonnesch bei Länner, di keng grouss Turnéier matspillen, spillen Testmätcher eng grouss Roll an dësem Ranking. Lëtzebuerg spillt bekanntlëch en Testmätch am Mäerz géint Finnland. Am beschte Fall, also wa mer de Mätch gewannen (wa mer dervun ausginn dass Finnland dann nach, grad wéi am Oktober 2012 di 88. an der Weltranglëscht ass), 3*1*(200-88)*1=336 Punkten, also 3 fir d’Victoire, mol 112 wéinst de Finnen hirer Plazéierung. Mat engem Testmätch géint Panama, géint déi et sëcherlech kaum méi schwéier wier ze gewannen wi géint Finnland, wieren 3*1*(200-43)*0,96=452 Punkten dran (0,96 wëll Panama keen UEFA-, mee CONCACAF-Member ass) Virun allem sollt een, wann een dann nëmmen op eng gutt Plazéierung an der Weltranglëscht aus ass, sou selten wi méiglech Mätcher verléieren – mat Testmätcher géint grouss Fussballsnatiounen ass et dann eigentlech wi mam Latain fréier am Lycée: entweder et léisst een et vu fir eran sinn, oder et versaut engem fréier oder spéider d’Moyenne… An et ka jo awer net am Sënn vum Fussball sinn dass et besser ass, guer net ze spillen wi e Frëndschaftsmätch géint Argentinien, Brasilien, Däitschland, Portugal, Spuenien oder Holland ze maachen (an ze verléieren)…

Wier et net méi sënnvoll, als Basis fir d’Lousdëppen vun de Qualifikatiounen d’Resultater aus der Quali virdrun a Betruecht ze zéien? Fir et ganz einfach ze halen an ouni laang Formelen wier et dach einfach eng Méiglechkeet, di Gruppenéischt vun der leschte Kéier an ee Lousdëppen ze maachen, di Gruppenzweet, di Gruppendrëtt an ëmmer sou weider… bei der FIFA missten se wesentlech manner rechnen a virun allem kéim da soubal nach keen op d’Idee op engem Dënschdegowend am November fir e Frëndschaftsmätch an de Gabun ze rennen…

 

 

Quellen:

//de.wikipedia.org/wiki/FIFA-Weltrangliste

//de.fifa.com/worldranking/rankingtable/index.html

//de.fifa.com/mm/document/fifafacts/r&a-wr/52/00/97/fs-590%5f10d%5fwrpoints.pdf

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Share: