Browsing Articles Written by

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Nationalstadion – Projet Uewerkuer

Allgemeng, Fussball national By 20. Oktober 2012 Tags: 7 Comments

No RTL Informatiounen kennt Bewegung an den Dossier. Den DP Buergermeeschter vun Déifferdeng, Claude Meisch, huet dem Sportminister Romain Schneider seng Iddi vun der Erweiderung ( ëm déi 8000 Sëtzplazen) vun hirem Stadium op den Dësch geluet. Den Déifferdenger Stadion, den am August réischt seng Dieren opgemeet huet, huet momentan eng Kapazitéit vun 2000  Sëtzplazen. Fir d’Erweiderung missten zwou weider Tribünen opgeriicht ginn an et géif ëm déi 13 Mio kaschten. Bis elo sinn 16 Mio vun der PPP ( Public Private Partnership) investéiert ginn.  Et ass elo um Herr Schneider fir eng schnell Entscheedung ze treffe well d’Baufirma bis zum Enn vum Joer Bescheed wësse muss.

D’Responsable vun der Déifferdenger Demande hunn nieft dem Atout vun enger schneller Realisatioun och nach ervirgehuewen dat et méiglech ass vun der Zuch Connectioun ze profitéieren an datt et schonn eng sëllech Parkplaze Méiglechkeete ronderëm dem Stadion ginn.
Den Dossier ass bis elo dat konkretest wat, säit d’Gespräicher vun engem néie Stadion opkomm sinn, um Sportminister sengem Dësch loung. De Léiwenger Projet vum Flavio Becca schéint, nodeems de Stadion an d’Kommerzfläch Spillball vun der Politik gi sinn, net méi realiséierbar ze sinn. Dëse Projet läit jo am Moment bis 2015 op Äis. Eng Renovatioun vum aktuelle Stadion op der Areler Strooss ass awer nach ëmmer envisageable. De bloe Stater Buergermeeschter, Xavier Bettel, huet dem Staat jo ugebueden hinnen de Josy Barthel z iwwerginn. Domadder géif enger Erneierung vun dësem näischt am Wee stoen. Wann een sech d’Zoustänn an onsem momentanem Stadion awer ukuckt da wier et erstaunlech wann een do manner wéi 13 Mio erastieche misst. Vun internationale Standarden si mir weit ewëg. Et bréicht een nei iwwerdaacht Tribünen, nei Vestiairen, nei Catering Punkten, etc

Den Déifferdenger Stadion huet de Virdeel datt e schonn existéiert an een nëmme wéineg Fantasie brauch fir sech déi nei Tribüne fir ze stellen. Bei der Erneierung vum Josy brauch een der schonn e wéineg méi. Léiweng ass dogéint Science Fiction.

 

Wat en fäerte kann ass datt Accessibilitéit vum Uewerkuerer Terrain net déi optimaalst ass. D’N31 déi vu Bieles op Uewerkuer geet ass bestëmmt net bereet fir dausende vun Auto’en opzehuelen. Da misst ee schonn zimlech fréi doheem fort fuere fir dem potentielle Stau z’ entgoen. An an Zäite vun NIMBY-tum wonnert et datt sech nach keng Associatioun gegrënnt huet fir géint den drohende Verkéier ze protestéieren. Oder steet mol eng ganz Stad hannert engem Projet ?

 

Déi gutt 1700 Parkplaze ronderëm dem Stadion schéinen och zimlech geréng. D’Zuchstatioun ass natierlech eng gutt Iddi mä sinn d’Lëtzebuerger bereet hiren eegenen Auto doheem ze loossen an op den ëffentlechen Transport eriwwer ze klammen ? Wat een dobäi awer gutt hale muss ass datt et momentan och wéineg Parkplaze ronderëm dem Josy ginn. Och do mussen d’Léit op de Bus zeréckgräifen.

Dobäi kennt datt Déifferdeng um südlechem Wupp vun onsem Land läit. Och wann am Minette d’Fussballerhäerz zimlech fest schléit däerf een net vergiessen datt et och Fussballfrënn am Norde ginn. Fir déi wieren dëst 25 Minuten Auto méi.

Wann ee bedenkt datt d’FLF en néie Stadion als DÉI Iddi gesäit fir nei Zuschauer ze gewanne kennen déi uewegenannte Problemer als grouss Hindernisser erschéinnen.

Déi Haaptfro déi een sech awer stelle muss ass op een Nationale Stadion an d’ Stad gehéiert oder net. Fir vill Puristen ass d’ Äntwert eendeiteg. Et falen engem wéineg Länner a wou Nationalequipe hier Heemmatcher net op haaptstadtlëchem Buedem ausdroen. Et falen engem awer och wéineg Länner a wou d’ Weeër esou kuerz sinn an déi een néie Stadion esou batter néideg hunn.

Share:

Grandjean trëtt zëréck

Fussball national By 19. Oktober 2012 No Comments

Den Sébastien Grandjean verléisst d’Jeunesse Esch fir Trainer zu La Louvière ze ginn. De Veräin aus dem Hainaut steet aktuel op der 3ter Platz an der 3ter Divisioun an der Belsch.

Um RTL Site steet hien géif déi Schwuarz-Wäiss verlossen fir “Profi-Trainer” ze ginn. Op ët besser as an der 3ter Belscher Divisioun Trainer ze sinn wéi den aktuellen zweeten aus Lëtzebuerg ze trainéiren… À vous de juger !

//sport.rtl.lu/news/aktualiteit/331759.html

 

 

Share:

Holtz zitt Oueren lang

Allgemeng By 18. Oktober 2012 Tags: 1 Comment

source: www.tageblatt.lu
Den Nationaltrainer zitt onsen 3 Profi’en d’Oueren lang. Hien bemängelt hier Asätz wäehrend den zwee Mätcher géint Israël. Besonnëg kritiséiert hien den Aurélien Joachim, deen zwee Mol an der Paus ausgewiesselt gouf. De Lars Gerson schéint och nët déi bescht Kaarten méi ze hun. Am beschten kennt den Mario Mutsch nach eweg obwuel hien un dem engen oder anneren Géigegoal implizéiert war.

Ëch mengen : als éischt géif ech kucken waat ech falsch maachen. Den Joachim huet vrun der Duebelkonfrontatioun behaapt daat hien sëch zimlëch midd spiert. Ët wier bestëmmt besser gewiercht him eng Paus ze gönnen. No den Starpazen an der Cl an EC mam F91 an seng Ufäng am Profismilieu war et mei wei normal daat hien mol um Enn vum Rouleau war.
De Lars Gerson gett wuel nie en Holtz Liebling. No engem éischten Match geint Israel wou hien de beschten Lëtzebuerger war gouf hien “raséiert”. Mol nët als Awiesselspiller gouf hien gebrauch.
Schued daat den Trainer séng Schwächten hannert dem pseudo-versoën vun de Spiller verstopt.

Share:

The times are (not) a changin

Allgemeng, Fussball national, M-Block By 17. Oktober 2012 No Comments

Vrun zig Joëren hu verschidden Blogger vun huelse! mat Hëllef vun anner Supporter ee Lieserbréif erstallt deen nawell e bessen Raisonanz krutt. Ëch selwer si vu villen Kollegen, Bekannten a Familjenmemberen dorobber ugeschwaat ginn an krutt vill Félicitatiounen.

De Bréif resultéiert awer aus engem speziellen Kontext. Wéi der doranner liesen kennt krutten d’Lëtzebuerger Supporter a besonnëg d’M-Block Fanatics eng kléng op den Deckel. Eng Lëtzebuerger Zäitung huet sëch deemols beschwéiert daat am Frënndschaftsmatch géint de Cabo Verde nëmmen d’Zuschauer vum afrikanëschem Inselstaat ze héieren waren. Et stëmmt daat dem Match mol ausnahmsweis immens vill Léit verhënnert waren an dem Spektakel nët beiwunnen konnten. Dës Kritik wollten mir awer nët op ons setzen lossen. Ët kann nët sinn daat just eng Partie Léit d’Schold fir een nationalen Problem kréien. Zudeems wann ët sëch ëm déi Léit dréiht déi normalerweis bei all Match dobäi sinn an fir d’Stëmmung suergen.

Mir hatten dunn e puer richtëg flott Gedankenwiessel an waren ons eenz daat ët mol héisch Zäit wier daat ët eng national compagne fir de Lëtzebuerger Fussball gestart soll ginn. Mir hun do Proposen ausgeschafft an ons Zäit geholl fir Iddi’en auszebauen. Verschidden Persounen vun der FLF krutten d’Frucht vun onsen Gedanken dunn per mail gescheckt. Op eng Entwert waarde mir nach haut… .

Dir frott ierch elo bestëmmt firwaat ëch nees drobber ze schreiwen kommen. Liesst mol de Bréif :

“Nodeems d’Saison 2007-2008 eriwwer ass an eng spannend an interessant Saison elo op ons waart, huet den M-Block sëch Gedanke gemeet u wat dee chronëschen Absentéism vun den Lëtzebuerger op Fussballsmätcher zréckzeféieren ass a wat mir zesumme kënne maachen fir datt d’Lëtzebuerger sëch nees fir hiren Nationalsport Nummer eent intresséieren. 

Nom Match géint de Kabo Verde stung an enger lëtzebuerger Zeitung eng Art “Kritik” vis à vis vum M-Block well dësen nët mat den Kap-verdianeschen Zuschauer stëmmungsméisseg rivaliséiere konnt. Natierlech ware mir net esou zefridden mat denen Aussoën. Dest huet 
an onseren Reien zu verschiddenen Diskussiounen gefouert an deene mir festgestallt hunn dass den Desinteressi vum Lëtzebuerger den Haaptgrond fir déi eidel Gradinen ass. Et ass jo meeschtens de Fall datt bei ons d’Heemmätcher “Auswäertsmätcher” sinn. De Lëtzebuerger ass meeschtens a sengem Stadion an Ënnerzuel. An dat och géint Länner wéi Lettland oder Rumänien. Wou bleiwen ons Supporter? An do läit d’Kromm an der Heck. 
Wee vun ons kennt déi Leit net déi léiwer doheem bleiwen an sech d’Mätcher vun der däitscher Nationalekipp um Fernseh ukucken aplaz an de Stadion ze kommen fir d’Léiwen ze ënnerstëtzen? Oder déi déi léiwer op Metz, Lautern, Köln oder München fueren wéi datt se mol den Wee op d’Deichwissen, op den Nosbaum oder op den Thillebierg fannen. 
D’Zuschauerzuelen sinn an onseren An erschreckend schwaach an d’Tendenz weist jo zimlëch no ënnen. 
Firwat? Natierlech kann eise Fussball nët mat den auslänneschen Profiligen mathalen mee dat konnt e souwisou nach ni. Datt ons héchst Divisioun nët spannend verlaf ass déi lëscht Jore kann och e Fakteur sinn. Mee d’Zuelen huelen bestëmmt net nëmmen duerfir of. An ëmmer dem alen Stadion d’Schold zouzeweisen ass zimlëch einfach. Den 
Problem läit fir ons an der Identifikatioun. 
Et schéint wéi wann de Motto “Mier wölle bleiwen wat mir sinn” zwar nach ëmmer présent ass mee wësse mir dann nach wee mer sinn?et handelt sech fir ons em e Gesellschaftsproblem, d’Leeschtungsgesellschaft an där mir ons befannen erlaabt et anscheinend net zu enger Ekipp ze halen déi méi oft verléiert wéi datt se gewënnt.Petitiounen fier en Fändel zeihen Dausenden vun Leit un, mat Eifer gin Päschbiller verdeelt an den Auto damat decoreiert, zuer Nout och nach dem Nooper sein mat, ma soubaal et dann dremms geet seng Landsmänner am Fussball ze Ennerstetzen, dann ass et mat dem nationalen Ego awer och rem seier eriwwer. 
Et schengt wuel net mateneen vereinbar ze sinn dat een op der enger Seit zu den reichen Lëtzebuerger geheiert, an op der aanerer Seit seng Nationalequipe ennerstetzen geet dei mei oft verleiert wei se gewennt. 
Sprëch wei “Oh mei du geest dei kucken?”, oder “dei brengen jo naischt”, oder och nach “se verleieren jo souwisou”, sinn wuel deenen meeschten vun eis zu Oueren komm. Nët mol d’Victoire gengt Weissrussland gouf eeschtgeholl “Oh hei se hu mol rem eng Keier gewonnen.”. 
D’Lëtzebuerger “Mentalitéit” huet sech anscheinend geännert. Fréier stunge mir mat beide Féis um Buedem. Mir wossten vu wou mir kommen. Elo nodeems e puer Generatiounen agetrichtert kruten datt just eng Plaz op der Bank, een Haus mat Schwemm an 3 mol Vakanz am Joër am Liewen zielen, huet sech esou eng Aart Angscht vrun der Défaite entwéckelt. An esou kann e jo keng Ekipp ënnerstëtzen déi eben méi schwaach ass wéi déi aner. 
An do ass eben de Punkt wou mir agéiere missten Mir missten nees houfreg op eist Ländchen, op ons Veräiner. 
A wéi flott ass et sonndes mat der Famill seng Ekipp ze ënnerstëtzen, déi Ekipp wou den Grousspapp scho kucke gaangen ass? 
De Fussball mist nees als Traditioun zielen, als e Stéck Familljegeschicht. 
D’Mentalitéit misst sech änneren an et misst een dozou stoën wat een ass. Jo mir sinn e klengt Land, a jo mir verléieren des öfteren mee wa mir gewannen fillt sech dat 100 mol besser wéi bei denen aneren un. Schumm dëch net an ënnerstetz däi Land! Séif houfreg op déi Veräin! Verbreng mol leiwer méi Zäit mat denger Kanner um Terrain. Huelt déi aal Kassetten eraus a sangt “Wa mir Fussball spillen”. 
De Fussball as ee Stëck Lëtzebuerg. Mir därfen et net verleieren! 

am Numm vum M-Block an dem LËTZBUERGER Fussball “

 

An ? Huet sëch ëppes geännert ? Den Text as och haut nach aktuell an ëch gleewen kaum daat ët sëch an den näechste Joëren änneren wäert.

De Ball léit um Fouss vun der Federatioun an och vum Sportministère. De Problem as awer nach ëmmer daat sie sëch de Ball mol nët hinnen an hier spillen mee en ganz weit an d’Feld vun de Supporter spillen.

Share:

Camille’s dog

Allgemeng By 17. Oktober 2012 Tags: No Comments

Ët as nees esouweit. Auswäertsmatch Israël-Lëtzebuerg. 4 Deeg no engem 6-0 Debackel géint de sëlweschten Géigener. Vu daat Israël bal um anneren Enn vun der Welt läit sinn verständlëcherweis nët vill Supporter matgeflunn. An Hurra, den RTL iwwerdréit op hierem zweeten Programm. Ët gläicht engem Wonner ! Iergendwéi as ët ëmmer nees eng riesen Iwwerraschung wann “onsen” Sender aus friemen Länner Live Sportbiller iwwerdréit. D’Zuschauer freeen sëch well een sëch elo nët vrun den Komputer setzen muss an no iergendengem Livestream mat hebräischem Kommentar um weltwäiten Netz siichen muss. Dofir all op de Canapé a vrun d’ Flimmerkëscht. Waat ee Luxus fir d’Nerven an den Hënneschten.

Mee dann iwwerkennt mëch ee komëscht Gefill, rätselhaft daat d’Gemitlëchkéet esou lues a lues verflitt. Ët setzt een dach esou gudd op den gefierderten Këssen, d’Béier as erfreschend an d’Chips’en läien grëffbereet an der Schossel. Waat soll dann sinn ?
Do as ët ! D’Origine vum Onwuelsinn. D’Stëmm drengt an d’Oueren a wéi d’Suddelen vum Pawlow séngem Mupp beim Klang vun der Schëll iwwerkennt mëch beim Klang vu senger Stëmm eng ënnerlëch Nervositéit.
D’Stëmm gëtt sëch ze erkennen : Camille Ney, heescht de gudden Herr. Komësch daat de Reflex vum Medium iwwert den de Reiz kennt ofhängëg as. Ginn ëch der Stëmm iwwert de Radio ausgesaat an de Kontext as een anneren wéi d’Iwwerdrohung vun engem Fussballsmatch dann spieren ëch d’Nervositéit nët. Mee elo leeft de Fernseh. Mäin zentralt Nervensystem as gehacked. Ëch gi Nervös a si gereizt.

D’Spill geet las. Ëch sinn am Bann vun den onqualifizéierten Bemierkungen vum Kommentator. Ëch mierken daat mäi Gehier sëch schwéier deet de Fokus méi op d’Spill ze setzen wéi op daat Gebraddels daat aus den Bochsen kléngt. Ëch wëll dach just ee Fussballsmatch kucken. Ëch wëll mëch iwwert d’Spillgeschéien freen oder opreegen. Merde, Fussball as dach de Grond firwaat ëch héi setzen.
D’Nervositéit gett awer heinsdo ennerbrach wann de Co-Kommentator mengem “Meeschter” erklärt daat daat waat hien vu sëch gett nëmmen Quatsch as an him eng Lektioun iwwert Taktësch Finessen gett. Gëff him ët Jeff ! Wéi fréier grätscht den Strasser zweschen de Sätz a weist ween de Patron um Feld as. Ët wierkt wéi wann de Strasser d’Mëttel zur Heelung vu menger “Camill Ney Neurose” kéinnt sinn. Hien as de Gronn firwaat ëch den Toun nët ausmaachen. Oh du schéin Hoffnung !
Mee waat soll daat ? De Ney’schen Camille gett nët op. Hien ridikuliséiert dem Spezialist seng Aussoën. Laacht, mëcht wéider. Ët as wéi wann hien nët verstoën geng waat säi Geigeniwwer him seet. D’Wuerzel vu mengem Onwuelsinn wiest a wiest, ët hällt nie op. Hien as wéi de Zlatan I. ! Léist sëch vu kengem beandrocken a geet säi Wee.

Ëch ginn ët op. De Béier gett zu den Chip’s an d’Schossel geschott an ech friesen dorausser. Vläit hiewen ëch elo gläich nach d’Been. Wouf ! Ëch si konditionéiert…

Share: