Ët as nees esouweit. Auswäertsmatch Israël-Lëtzebuerg. 4 Deeg no engem 6-0 Debackel géint de sëlweschten Géigener. Vu daat Israël bal um anneren Enn vun der Welt läit sinn verständlëcherweis nët vill Supporter matgeflunn. An Hurra, den RTL iwwerdréit op hierem zweeten Programm. Ët gläicht engem Wonner ! Iergendwéi as ët ëmmer nees eng riesen Iwwerraschung wann “onsen” Sender aus friemen Länner Live Sportbiller iwwerdréit. D’Zuschauer freeen sëch well een sëch elo nët vrun den Komputer setzen muss an no iergendengem Livestream mat hebräischem Kommentar um weltwäiten Netz siichen muss. Dofir all op de Canapé a vrun d’ Flimmerkëscht. Waat ee Luxus fir d’Nerven an den Hënneschten.

Mee dann iwwerkennt mëch ee komëscht Gefill, rätselhaft daat d’Gemitlëchkéet esou lues a lues verflitt. Ët setzt een dach esou gudd op den gefierderten Këssen, d’Béier as erfreschend an d’Chips’en läien grëffbereet an der Schossel. Waat soll dann sinn ?
Do as ët ! D’Origine vum Onwuelsinn. D’Stëmm drengt an d’Oueren a wéi d’Suddelen vum Pawlow séngem Mupp beim Klang vun der Schëll iwwerkennt mëch beim Klang vu senger Stëmm eng ënnerlëch Nervositéit.
D’Stëmm gëtt sëch ze erkennen : Camille Ney, heescht de gudden Herr. Komësch daat de Reflex vum Medium iwwert den de Reiz kennt ofhängëg as. Ginn ëch der Stëmm iwwert de Radio ausgesaat an de Kontext as een anneren wéi d’Iwwerdrohung vun engem Fussballsmatch dann spieren ëch d’Nervositéit nët. Mee elo leeft de Fernseh. Mäin zentralt Nervensystem as gehacked. Ëch gi Nervös a si gereizt.

D’Spill geet las. Ëch sinn am Bann vun den onqualifizéierten Bemierkungen vum Kommentator. Ëch mierken daat mäi Gehier sëch schwéier deet de Fokus méi op d’Spill ze setzen wéi op daat Gebraddels daat aus den Bochsen kléngt. Ëch wëll dach just ee Fussballsmatch kucken. Ëch wëll mëch iwwert d’Spillgeschéien freen oder opreegen. Merde, Fussball as dach de Grond firwaat ëch héi setzen.
D’Nervositéit gett awer heinsdo ennerbrach wann de Co-Kommentator mengem “Meeschter” erklärt daat daat waat hien vu sëch gett nëmmen Quatsch as an him eng Lektioun iwwert Taktësch Finessen gett. Gëff him ët Jeff ! Wéi fréier grätscht den Strasser zweschen de Sätz a weist ween de Patron um Feld as. Ët wierkt wéi wann de Strasser d’Mëttel zur Heelung vu menger “Camill Ney Neurose” kéinnt sinn. Hien as de Gronn firwaat ëch den Toun nët ausmaachen. Oh du schéin Hoffnung !
Mee waat soll daat ? De Ney’schen Camille gett nët op. Hien ridikuliséiert dem Spezialist seng Aussoën. Laacht, mëcht wéider. Ët as wéi wann hien nët verstoën geng waat säi Geigeniwwer him seet. D’Wuerzel vu mengem Onwuelsinn wiest a wiest, ët hällt nie op. Hien as wéi de Zlatan I. ! Léist sëch vu kengem beandrocken a geet säi Wee.

Ëch ginn ët op. De Béier gett zu den Chip’s an d’Schossel geschott an ech friesen dorausser. Vläit hiewen ëch elo gläich nach d’Been. Wouf ! Ëch si konditionéiert…

Share: