Wéi verschidde Lëtzebuerger Medien mellen, ass elo bekannt, wéi eng Firma den Zouschlag fir de Plang vum neien Nationalstadion op der Kockelscheier krut. Gewonn huet déi däitsch Firma Gerkan, Marg & Partner (GMP). A ronn 6 Méint soll dann e Masterplang virleien. GMP huet ënner anerem Stadien fir d’WM 2006 an Däitschland, 2010 a Südafrika an dëst Joer a Brasilien…
De Roud Léiw hat se bal!
Allgemeng, EM-Quali 2016, Fussball international, Match Reports, NationalekippMir schreiwen den 8.September 2014, quasi genau ee Joer nom Exploit géint Nordirland, 6 Joer nom Exploit an der Schwäiz a 70 Joer minus 1-2 Deeg no der Befreiung vu Lëtzebuerg duerch d’alliéiert Truppen. Et sinn awer och just 3 Méint nom 1-1 an Italien. A Lëtzebuerg – Wäissrussland huet fir eis Faarwe schonn dacks eppes versprach: 0-0 am Oktober…
ROAD TO FRANCE – firwat net?
Allgemeng, Fussball international, Fussball national, M-Block, NationalekippD’WM steet kuerz virun hirem Ofschloss, d’Lëtzebuerger Veräiner hunn an Europa leider ze fréi missen Äddi soen – trotz deels gudde Leeschtungen – déi verbleiwend Veräiner si schonn erëm an der Preparatioun fir d’nei Saison an de Programm vun eise Roude Léiwen fir déi nächst 2 Joer steet och scho méi oder wéineger. Alles wéi gehabt bis elo – oder…
Den Tëschebilan no 3 vu 6 Wochen a Punkto Online-Pétitioun fir den neie Stadion. Fir individuell ugeschriwwen wäit iwwer 1000 Leit, déi all en direkten oder indirekte Bezuch zum Lëtzebuerger Fussball hunn, hunn der bis dat just 146 fir den neie Stadion ënnerschriwwen um Site vun der Chamber. Eng Pétitioun géint den neie Stadion huet an e puer Deeg ëmmerhinn…
Net wéi ursprénglech geplangt mat de Kollegen am Minibus, mä direkt Dënschdes no der Aarbecht mam eegenen Auto ass et Richtung Luzern gaangen, wou den 1.Tëschestopp um Trip Richtung Perugia geplangt war. Hätt ee sech virdrun anstänneg informéiert, hätt een och gewousst datt deen Owend d’Schwäiz zu Luzern géint Peru getest haaten – esou hu mer en neie Groundpunkt elegant…