Browsing Category

Allgemeng

Ëmfro iwwert de Lëtzebuerger Fussball

Allgemeng By 25. Oktober 2012 No Comments

Den Manou Georgen as e Lëtzebuerger Student den zu London International Buisness studéiert a séng Ofschlossarbescht as iwwert de lëtzebuerger Fussball. Fir him bei deser Arbescht ze hellefen kennt dir un enger Ëmfro deelhuelen.
Ëch hun se gemeet an sie as héisch interessant a munch Fro léisst een schmunzelen. D’Ëmfro as op englësch.

//www.esurveyspro.com/Survey.aspx?id=4b76df59-0c39-46f8-a087-1379d1117b94&fb_source=message

Share:

Der Mega-Duché du Lëtzebuerg

Allgemeng, Fussball national, Nationalekipp By 21. Oktober 2012 1 Comment

Bei huel se! geet et, wéi der wësst, ëm Fussball. Politik gehéiert onser Meenung no net an de Stadion an net op den Terrain. Mee Politesch Entscheedunge betreffen natierlech och de Sport. Bei onse Belsche Frënn kennen si ee Lied dovunner sangen. Säit Joere bekämpfen sech d’Parteie vun de verschiddene Regiounen. An et gëtt oft domadder gedréit datt d’Land ausernaner fale kéint. Als Konsequenz géifen déi eng dann zu engem Autonome Staat ginn an déi aner géifen un aner Länner annexéiert ginn.

An der Province du Luxembourg ginn et vill Stëmmen déi dofir plaidéiere fir un onst Ländchen attachéiert ze gi wann den Enn vun der Belsch antreffe géif. An och bei der Germanophone sinn der anscheinend vill déi vun esou enger Iddi net ofgeneigt wieren.

Wéi géif sech esou ee Szenario dann op onse Fussball auswierken ? Onst Land géif op e eemol net nëmmen seng Superficie an Awunnerzuel verduebele mä och d’Zuel vun de Fussballsequipe géif bombastesch an d’Lutt goen. Clibb mat verschidde Qualitéiten, Infrastrukturen a finanzielle Méiglechkeete géifen zu eise Veräiner zoustoussen. Clibb, wéi Virton oder Eupen, déi wuel eng grouss Roll an der héijster Divisioun spillen géifen an och vir bei fir den Titel wiere mä och méi kléng Clibb mat engem Niveau vun engem momentan Drëtt-Divisionär. Géifen et zwee Championnater ( Grand-Duché vs Province) gi wou duerno an enger Art Play-Off déi beschte Veräiner de Championstitel ënnereneen ausmaachen oder géife mir an engem Modus mat 2,3 plus ou moins professionelle Lige mat de beschten Equipen aus dem ganze “Mega-Duché” géint enaner spillen

Géif de Comité provincial du Luxembourg Football einfach ons Federatioun integréieren oder géife béid bestoe bleiwen an ënnert enger méi grousser Federatioun fungéieren ? D’Erschafe vun enger ganz néier Federatioun kéint och eng Léisung sinn. Den heite Punkt wier wuel ee vun de komplizéierten a géif jo u sech och dovunner ofhänken a wei engem Championnatsmodus mir spille loosse géifen.

 

D’Fro no der Nationalequipe léisst sech do net schwéier stellen. Falls et géif zum Annexéiere vun den uewegenannte Gebidder komme wier et jo selbstverständlech datt d’Awunner vun dem néie Land all déi eng a selwecht Nationalitéit kréie géifen. Vu datt déi belsch näischt méi wäert wier, well et datt Land jo net méi gëtt, wier et logesch wann et déi Lëtzebuerg wier. Et ginn awer och dann nach zwou Méiglechkeeten. Éischtens, mir loossen zwou Nationalequipen untrieden, ënnert de selwechte Konditioune wéi et momentan a Groussbritannien de Fall ass. Zweetens, eng eenzeg Nationalequipe, ee Land, eng Equipe.

Wat u sech witzeg ass datt sech och falls et zum Annexéiere komme géif mir nach ëmmer kee brauchbare Stadion hätten… Op zu Lëtzebuerg oder an der Province du Luxembourg, néierens gëtt et e Stadion deen international Standarter erfëllt. Déi Problematik géif och dann nach bestoe bleiwen.

Den Impakt op den Zuschauer wier natierlech net geréng. Spille mir wéi uewe genannt zesummen an engem Championnat muss sech de Ass et fir de schonn eng Himmelsrees wann en vun Diddeleng op Wolz fuere muss misst en domadder rechnen och mol zwee Mol méi wäit ze fuere fir säi Veräin ze ënnerstëtzen. Nei Terrain’en, nei Clibb, nei Spiller, nei Iess- an Drénkgewunnechkeeten ! Fir déi eng kléngt dëst ereegend a fir déi aner angschterfellend.

De nationale Fussball kéint wahrscheinlech vun esou enger Situatioun just profitéieren. Méi Awunner heescht méi potentiell Spiller, Zuschauer a Sponsoren.

Hoffe mir mol dat déi Frostellung am Beräich vun der Science Fiction bleift an dat ons Belsch Noperen sech eenz ginn an zu engem Land zesumme wuesse wou sech esou Katastrophenszenarien eriwweregen. D’Diables Rouges probéiere mat hire Leeschtungen an hirem Optrieden dofir sech suergen. Ech wënschen hinne vill Gléck wëll ausser hinne gëtt et just nach Kinnekshaus déi als Symbol vun engem vereenegtem Land gëllen.

 

 

Share:

Willem II verléiert 2-3 géint de PSV

Allgemeng By 20. Oktober 2012 Tags: No Comments

An der Paus stung ët nach 2-0 fir den Aussensäiter aus Tilburg. Den Aurélien Joachim huet den 1-0 vum Podevijn mat enger Pass op den Sneijders ageleed. Kuerz drop huet den Niek Vossebelt mat engem Schlënzer op 2-0 erhéischt.
An der Paus huet den Dick Advocaat wuel déi richtëg Wierder fonnt well den PSV huet opgedréit. Bis zur 68 Minute huet Willem II stand gehaalen an sinn duerno leider richtëg iwwerrannt ginn. Strootman (x2) an den Matavz treffen fir de Phillips Club an dommadder bleiwwen déi dräi Punkten do.
Ee Match op deen d’Equip vum “Auré” opbauen kann.

 

//www.youtube.com/watch?v=WTYJ8e5cnwM

Share:

Nationalstadion – Projet Uewerkuer

Allgemeng, Fussball national By 20. Oktober 2012 Tags: 7 Comments

No RTL Informatiounen kennt Bewegung an den Dossier. Den DP Buergermeeschter vun Déifferdeng, Claude Meisch, huet dem Sportminister Romain Schneider seng Iddi vun der Erweiderung ( ëm déi 8000 Sëtzplazen) vun hirem Stadium op den Dësch geluet. Den Déifferdenger Stadion, den am August réischt seng Dieren opgemeet huet, huet momentan eng Kapazitéit vun 2000  Sëtzplazen. Fir d’Erweiderung missten zwou weider Tribünen opgeriicht ginn an et géif ëm déi 13 Mio kaschten. Bis elo sinn 16 Mio vun der PPP ( Public Private Partnership) investéiert ginn.  Et ass elo um Herr Schneider fir eng schnell Entscheedung ze treffe well d’Baufirma bis zum Enn vum Joer Bescheed wësse muss.

D’Responsable vun der Déifferdenger Demande hunn nieft dem Atout vun enger schneller Realisatioun och nach ervirgehuewen dat et méiglech ass vun der Zuch Connectioun ze profitéieren an datt et schonn eng sëllech Parkplaze Méiglechkeete ronderëm dem Stadion ginn.
Den Dossier ass bis elo dat konkretest wat, säit d’Gespräicher vun engem néie Stadion opkomm sinn, um Sportminister sengem Dësch loung. De Léiwenger Projet vum Flavio Becca schéint, nodeems de Stadion an d’Kommerzfläch Spillball vun der Politik gi sinn, net méi realiséierbar ze sinn. Dëse Projet läit jo am Moment bis 2015 op Äis. Eng Renovatioun vum aktuelle Stadion op der Areler Strooss ass awer nach ëmmer envisageable. De bloe Stater Buergermeeschter, Xavier Bettel, huet dem Staat jo ugebueden hinnen de Josy Barthel z iwwerginn. Domadder géif enger Erneierung vun dësem näischt am Wee stoen. Wann een sech d’Zoustänn an onsem momentanem Stadion awer ukuckt da wier et erstaunlech wann een do manner wéi 13 Mio erastieche misst. Vun internationale Standarden si mir weit ewëg. Et bréicht een nei iwwerdaacht Tribünen, nei Vestiairen, nei Catering Punkten, etc

Den Déifferdenger Stadion huet de Virdeel datt e schonn existéiert an een nëmme wéineg Fantasie brauch fir sech déi nei Tribüne fir ze stellen. Bei der Erneierung vum Josy brauch een der schonn e wéineg méi. Léiweng ass dogéint Science Fiction.

 

Wat en fäerte kann ass datt Accessibilitéit vum Uewerkuerer Terrain net déi optimaalst ass. D’N31 déi vu Bieles op Uewerkuer geet ass bestëmmt net bereet fir dausende vun Auto’en opzehuelen. Da misst ee schonn zimlech fréi doheem fort fuere fir dem potentielle Stau z’ entgoen. An an Zäite vun NIMBY-tum wonnert et datt sech nach keng Associatioun gegrënnt huet fir géint den drohende Verkéier ze protestéieren. Oder steet mol eng ganz Stad hannert engem Projet ?

 

Déi gutt 1700 Parkplaze ronderëm dem Stadion schéinen och zimlech geréng. D’Zuchstatioun ass natierlech eng gutt Iddi mä sinn d’Lëtzebuerger bereet hiren eegenen Auto doheem ze loossen an op den ëffentlechen Transport eriwwer ze klammen ? Wat een dobäi awer gutt hale muss ass datt et momentan och wéineg Parkplaze ronderëm dem Josy ginn. Och do mussen d’Léit op de Bus zeréckgräifen.

Dobäi kennt datt Déifferdeng um südlechem Wupp vun onsem Land läit. Och wann am Minette d’Fussballerhäerz zimlech fest schléit däerf een net vergiessen datt et och Fussballfrënn am Norde ginn. Fir déi wieren dëst 25 Minuten Auto méi.

Wann ee bedenkt datt d’FLF en néie Stadion als DÉI Iddi gesäit fir nei Zuschauer ze gewanne kennen déi uewegenannte Problemer als grouss Hindernisser erschéinnen.

Déi Haaptfro déi een sech awer stelle muss ass op een Nationale Stadion an d’ Stad gehéiert oder net. Fir vill Puristen ass d’ Äntwert eendeiteg. Et falen engem wéineg Länner a wou Nationalequipe hier Heemmatcher net op haaptstadtlëchem Buedem ausdroen. Et falen engem awer och wéineg Länner a wou d’ Weeër esou kuerz sinn an déi een néie Stadion esou batter néideg hunn.

Share: