Eng fussballeresch Rentrée wéi keng aner. Fouerzäit ! Soubal den éischten Hämmelsmarsch Enn August iwwert de Glacis trëppelt, de Geroch vu Gegrills a gebrannten Nëss iwwert d‘Allée Scheffer wéit an d’Riserad bis an de Stade Josy Barthel liicht, klëmmt och de Bols béi de Supporter vun eiser Nationalequipe. Endlech ass et erëm esouwäit!
Mäin éischte Besuch vun engem Lännermatch am Josy Barthel koum relativ spontan zoustan. Duerno gouf de Wee op d’Areler Strooss awer eppes wéi eng Selbstverständlechkeet.
Mir schreiwen de 7.Juni 2000. E sonnege Mëttwochowend, dräi Deeg virun der Europameeschterschaft an der Belsch an an Holland. Um Wee op d’Europameeschterschaft leet Spuenien en Tëschestopp zu Lëtzebuerg an – a spillt op der Arëler Strooss e leschten Testmätch virun der EM. Spuenien gehéiert schon deemols am Veräinsfussball zur absoluter Weltspëtzt. Op den Dag genau zwou Wochen virdrun huet…
Den FC Zorya Luhansk néie Veräin vum Chris Philipps ?
Allgemeng, Eis Spiller am Ausland, Fussball internationalDe lëtzebuerger Nationalspiller Chris Philipps steet virun engem Wiessel an d’Ukraine. Den FC Zorya Luhansk wéilt de polyvalenten Defensivspiller, deem säi Kontrakt Ënn des Joers ofleeft, an der Wanterpaus verpflichten.
Zum Schluss vun der Qualifikatioun fir d‘EM 2020 hatten ons Léiwen den Europameeschter an Nationsleague Gewënner 2019 op Besuch. Beim Trëffen mam der Weltklassennatioun Portugal huet sech ons Nationalequipe zwar missen 0-2 geschloë ginn mä huet an der éischter Halschent de Géigener phaseweis dominéiert !




