No zwee enorm interessanten Deeg mat engem Guide zu Jerusalem fuere mir (de Martin, ee Schwäizer Groundhopper vu Basel, den Daniel, ee Lëtzebuerger Judd, an ech) en Densdeg, de 16.Oktober, mam Taxi op Tel Aviv. Nom Anchecken an eisem Hotel man mir eis op de Wee an den David Intercontinental, wou eis rout Léiwen an d´Journalisten iwwernuechten. De Jean Schiltz…
Schonn den Dag vun der Auslousung vun eiser Qualifikatiounsgrupp fir d’WM 2014 war fir mech, wéi fir vill aner Supporter vun der Nationalekipp och, kloer dass den Auswäertsmätch zu Belfast ee vun den Highlights vun dëser Campagne wier – an ech behaapten mol, dass kee vun de Lëtzebuerger di an Nordirland derbäi waren enttäuscht zréck komm ass.