Wéi RTL gëschter scho bericht huet, wäert de Youn Czekanowicz d’Nummer 2 am Goal vun de Léiwen géint Holland ginn.
Youn Czekanowicz Nummer 2 géint Oranje !
Eis Spiller am Ausland, Nationalekipp, Nationalspiller, WM-Quali 2018Fir de Chris Philipps gesäit et esou aus wéi wann d’Geschicht mam FC Metz zu Enn geet. De Philippe Hinschberger huet am imterview mam Wort gesott dat de lëtzebuerger Nationalspiller “susceptible de partir” ass.
E puer Stonnen no sengem Fortgang vu Burton Albion huet den Aurélien Joachim beim Royal White Star Bruxelles e Kontrakt vun 1,5 Joer ënnerschriwwen. Vun der drëtte englëscher Liga an déi zweet belsch, vun de “Brewers” an d’Land vum Béier.
Wéi en haut am Quotidien liese kann besteet d’Méiglechkeet dat den Aurélien Joachim am Wanter d’Burton Albions verléisst. De lëtzebuerger Buteur deen am Summer op d’Insel gewiesselt ass kënnt bei de “Brewers” net zum Zuch. Den Trainer Nigel Clough huet an engem Gespréich mam AJ13 verlaude gelooss daat hien och an de nächste Méint nach an der sëlweschter Situatioun ass….




