Ouni de verletzten Aurélien Joachim gewënnt Willem II Tilburg doheem géint den AZ vun Alkmaar. Domadder hunn d’Tricolores iert lescht Spill an der Eredivisie gespillt well nächst Joer d’Jupiler League um Programm steet. Op d’Missioun Opstieg mam Lëtzebuerger an Ugrëff geholl gëtt ass nach net sécher. Den Goalgetter, deen an 25 gespillte Matcher 6 Goaler geschoss an 2 Virlagen ginn…
De Maurice Deville huet beim 4:2 géint den Fc Homburg dräi Goaler fir den Sv Elversberg geschoss. Domadder kann den SV nach ëmmer vum Opstieg an déi drëtt Bundesliga dreemen.
Haut goufe vu RTL Radio Lëtzebuerg Informatioune gesent déi soen datt den Aurélien Joachim ab nächster Saison nees am Land Amateursfuttball spillt. D’Rumeur schécken hien nees zréck bei de Fusiounsveräin vun Déifferdeng. Den Aurélien Joachim ass jo bekannterweis no sengem gudde Parcours an der CL mam F91 am Ufank vun der Saison 2012/13 bei Willem II Tilburg gewiesselt am ass…
De Samschde 6ten Abrëll hunn ech mech mat zwee Kollegen op de Wee op Tilburg gemeet. Zill war et natierlech den Aurélien Joachim an Aktioun ze erliewen. Onsen Nationalspiller ass jo bekannterweis säit dëser Saison Profispiller bei Willem II Tilburg. Vu datt meng zwee Begleeder Groundhopper sinn u mir et ons net huele gelooss en anert Spill kucken ze goën….
Wéi verschidde Medien haut mellen, wäert de Chris Philipps haut um Donneschden sain éischte Profiskontrakt beim FC Metz ennerschreiwen.