Sonndes owes, zwee Deeg virum Match an Wäissrussland, sinn mir zu fënnef (de Kevin, d’Liz, de Mich, de Sven an ech) mat der Lufthansa vun Frankfurt op Minsk geflunn, wou mir no aacht Auer ukomm sinn. Nodeems mir d’Passkontroll iwwerstan haten (d’Beamten hunn eisen Visum nach eemol mat der Lupp ënnersicht), sinn mir mat engem Taxi bei eist Hotel gefuer.
Jo, et ass vläit e bessen ze vill z’erwaarden dat ons Léiwen zwee Matcher hannerteneen gewannen mä et wier einfach esou schéin Sechs Punkten an enger Woch ze kreien, zwou Tabelleplatzen gutt ze maachen an domadder déi véiert Tabelleplatz anzehuelen.
De Samsden 5 September spillen ons Léiwen um 18 Auer am Josy Barthel géint Mazedonien an dräi Deeg drop steet den Auswärtsmatch a Wäissrussland um Programm.
No bal engem ganze Joer EM-Quali steet ons Nationalekipp mat engem Punkt op der lëschter Plaz vum Grupp C.
Vrun engem Dag huet den Nationaltrainer de Kader fir déi zwee nächste Lännermatcher bekannt ginn.
Nodeems de Joé Frising an den Anthony Moris, déi zwou Doubluren vum Jonathan Joubert, verletzungsbedéngt hu missen ofsoën gouwen zwee Keeper aus der Eierepromotioun nominéiert. Esouwuel den Andrea Amodio (Titus Péiteng) wéi de Valentin Roulez (FC Monnerech) spillen mat hiere Veräiner an der zweethéischster Klass am Lëtzebuerger Championnat.
Et haat eppes vun Déjà-Vu: wéi am Himatch goufen et 3 Géigegoaler an eng ordentlech éischt Halschent. Trotzdem haaten d’Roud Léiwen deskéier, am Géigesaz zum Match am November, kee Punkt verdëngt.




