Browsing Category

EM-Quali 2016

Zilina

Auswäertsreesen, EM-Quali 2016, Match Reports, Nationalekipp By 31. März 2015 No Comments
Marianske Namestie - den historeschen Zentrum vun Zilina, am Lëtzebuerger Volleksmond "d'Maartplaz"

Marianske Namestie – den historeschen Zentrum vun Zilina, am Lëtzebuerger Volleksmond “d’Maartplaz”

Zilina, de 27.Mäerz 2015 – endlech rem Lëtzebuerg auswäerts!

Während d’Majoritéit vun de Lëtzebuerger Supporter mat Minibussen vu Lëtzebuerg ugereest ass, sinn de CK an ech scho mëttwochs vu Lëtzebuerg op Wien geflunn. Vun hei aus goung et donneschdes weider op Bratislava, ier mer eis freides Moies op de Wee op Zilina gemaach hunn.

Départ war um 9 Auer 55 op der Hlavna Stanica zu Bratislava, wou mer den Zuch Richtung Kosice geholl hunn, deen och zu Zilina stoe bleiwt. Dëss Zuchfahrt vun 2 Stonne 40 war iwweriens méi gënschteg ewéi déi 16minüteg Fahrt mam City Airport Train vum Flughafen Schwechat an de Wiener Zentrum.

An eisem Sechser-Abteil hate mer e Slowak sëtzen, deen zu Wien schafft an ënnerwee war d’Famill an den Osten vun der Slowakei besichen ze goen. Mat him hu mer eis nawell laang ënnerhal an en huet eis vill interessant Geschichten iwwert säi Land erzielt. Och wann hien selwer kee Fussballfan war huet en puermol betount, et wier schued dass en elo bei d’Famill misst, wëll en hätt déck Loscht mat eis zu Zilina op den Tour ze goen. E wéineg irritéierend war par contre dat schlecht Bild wat e vu slowakeschen Fussballfans hat.

 

trinity

An der Mëttesstonn si mer zu Zilina ukomm. Telefonesch si mer gewuer ginn, dass schon eng Rei Lëtzebuerger am Guinness Pub op der Marianske Namestie (der zentraler Plaz zu Zilina, wuel déi ominéis, an am Virfeld ënnert Lëtzebuerger Fussballfans villzitéiert Maartplaz vun Zilina) wieren. Hei si fréier oder spéider déi meescht Supporter vun de Léiwen agetraff an eigentlech war hei alles genau esou, wéi een sech et op enger Auswäertsrees wënscht: et gesäit ee Kollegen erem déi ee puer Wochen oder Méint net gesinn huet, et gëtt gesong a gelaacht, an et gëtt 0,5-Liter Béier fir 1,10 Euro.

Ier mer aus dem Pub eraus gaang sinn, sinn divers wëll Gerüchter iwwer gewaltbereed Supporter vun de Slowaken opkomm… fin de compte war awer ewéi sou oft alles hallef sou wëll – weder virum nach nom Mätch gouf et och nëmmen am Usaz e Problem mat de Supporter aus der Slowakei.

Den MSK Stadion ass keen architektonescht Wonnerwierk, awer e Stadion dee säin Zweck erfëllt… a wou mer virun allem eng ganz gutt Vue op den Terrain haten. Ech erspueren eis alleguer, de Mätch nach eemol ze résüméieren. D’Stëmmung vun de Lëtzebuerger Supporter war an der 1.Halschent nawell gutt, an der 2.Halschent, wou de Mätch wäitesgehend ofgeflaacht ass huet d’Ambiance sech deementspriechend ugepasst.

 

supporter zilina

Zum Spillverlaf an zum Resultat just e kuerze Gedanken: d’Enttäuschung war, bei alle Bedeelegten natierlech grouss. Dësst ass a mengen Aan en Indice dofir, dass d’Mentalitéit sech am Lëtzebuerger Fussball déi lescht Joren an eng gutt Richtung gedréit huet… de Lëtzebuerger Fussball huet momentan rem Ambitiounen, déi Zäiten wou eng Défaite mat 3 oder 4 Goler auswäerts amfong iwwerall normal war an ee just géint d’Färöer oder Liechtenstein konnt enttäuschen sinn definitiv eriwwer!

Nom Mätch si mer, op Invitatioun vum Paul Philipp, nach an den Holiday Inn laanscht gaang. Eng Rei Lëtzebuerger Supporter hunn iwwerdeems nach e Patt am VIP vum Stadion mat de Responsabelen vun der FLF an slowakescher Politprominenz geholl, duerno souze mer all zesummen, allerdéngs ouni slowakesch Politiker, an der Lobby vum Hotel vun der FLF-Delegatioun. Nodeems d’Bar zou war ass et eisem Präsident awer nach gelong, eng lescht Tournée Béier fir d’Supporter auszehandelen. Vun dëser Plaz aus duerfir nach e grousse Merci!

anzeigetafel zilina

De Moien hu mer nach en Tour duerch d’Stad gemaach, mee de Slowak am Zuch den Dag virdrun hat scho Recht… zu Zilina ass „not so much to see“… d’Marianske Namestie ass eng ganz flott Plaz, soss ginn et awer ofgesinn vun enger grousser Kierch kaum Sehenswürdegkeeten zu Zilina. Mam Zuch a mam Fliger goung via Bratislava a Wien zréck op Lëtzebuerg wou mer e Sonndeg den Owend geland sinn… wann een déi 90 Minutte Mätch ausklammert eng absolut gelongen Auswäertsrees!

 

Share:

3-8 Néierlag géint d’ukrainësch Supporter

Allgemeng, EM-Quali 2016, Fannationalekipp By 28. November 2014 Tags: , , No Comments

Esou lang huet e sécherlëch nach ni gewart fir e Spillbericht ze liesen. Wenn dorunner Schold ass do däerfen sëch d’Lieser eng eegen Meenung bilden, déi eng soën et ass déi vum Autor vun dësen Zeilen wëll hien e Kabel verluer huet ouni deen hien kéng Foto’en op säi PC eroplueden konnt, den Autor gëtt dem Trainer Dubois d’Schold well deen bis haut verschwonnen war.

Awer alles no sénger Zäit.

Als éischt gi mir mol bal zwou Wochen, besser gesot op den 15ten November, zeréck. Do hunn um fréien Moien d’Supporter vun onse Roude Léiwe géint hier Ukrainësch Kollege zu Houschtert Fussball gespillt.
Mëtt Oktober huet en ukrainësch Matbierger, de Nicolas Zharov vun der Organisatioun LUkraine, op Facebook en Opruf gemeet a gefrot op mir eng Fanekipp op d’Been gestallt kréien fir e Match géint ons ukrainësch Homologuen ze maachen. Dunn hu mir relativ schnell alles organiséiert (Terrain, Ekipp, Uniform) a Samsdes um 11h konnt ët dunn las goën.

IMG_1264

De Match huet 2×35 Minutte gedauert, d’Ukrainer hatten eng zwanzëg Léit dobäi déi kicken wollten an nach gutt 30 Supporter an e Kamerateam vun engem ukrainëschem Sportssender.
Trotz engem ganz gudde Start vun onser Ekipp stoung et schnell 0-1 fir d’Gäscht an no 20 Minutten hunn ons Fuerwen den héishverdéngten 1-1 geschoss. Duerno hu mir awer ons Linn vermësse geloss an déi Kompakthéet vum éischten “Drëttel” war léider verschwonnen. D’Gäscht hunn dovunner profitéiert an zur Paus stoung et 3-1.
Den Trainer huet dunn entscheed op eng 3-5-2 Formatioun zréckzegréiwen. Dëst war awer ze héich gegraff an d’Ukrainer hunn dunn relativ schnell nach 2 Goler geschoss. Ons Ekipp huet sech dunn e bëssen zesummengerappt a krutte folgerichtëg en Elefmeter zougesprach deen och äiskal eragenetzt gouw.

De Misch freet sech iwwert säin erausgehuelenen 11Meter

De Misch freet sech iwwert säin erausgehuelenen 11Meter

IMG_1275

D’Ukrainësch Bänk

An der Schlussphas sinn dann nach wéider Goler gefall sou dass et zum Schluss 3-8 ausgangen ass.
Der gudder Stëmmung huet dëst awer net geschuet an et ass, nom Duschen an der Buvette wéidergangen. Déi drëtt Halschent ass dunn och grandios vun de Lëtzebuerger gewonne ginn.

IMG_1281

 

E grousse Merci un den Nicolas Zharov, den ukrainëschen Supporter, dem US Houschtert ( Installatiounen, Arbitterm Buvette, den Uruff an déi rumänesch Pizzeria ) an der FLF fir de Set Uniformen

 

D’Supporter vun der Ukraine hunn och e Video zesummengebastelt. Vun der 1ter bis 5ter Minutte huet en Auschnëtter vum Fanmatch.

 

 

INTERVIEW MAM LUDOVIC DUBOIS

“Um Béier net ze schloën”

Huelse :Herr Dubois, wéi kennt et datt dir nom Match verschwonne wart a mir réischt haut vun iech ëppes héieren ?

Ludovic Dubois (LD): Männi, komm mir net esou domm. Ech sinn en erwuesene Mann an ech si kéngem eng Erklärung schëlleg.

Huelse: Bei allem Respekt, dir wart jo schonn déi drëtt Halschent net méi do an hutt domadder d’Victoire um Glas net mat erliewt.

LD: Um Béier si mir einfach net ze schloën, datt stëmmt schonn an ech muss iech och soën datt dee Sieg mir vill bedäit. Watt fir déi aner Ausdauertraining ass ass bei ons de “Bingedrinking”. Dat vill Katzen huet sech gelount !

Huelse: Herr Dubois, et gi vill Rumeuren waat ärt Verschwannen betrëfft. Kennt dir ons dann, wierklëch, net erklären wou dir dru wart ?

LD: U sëch liesst dach souwisou kee Mënsch äre Blog, ech riskéieren jo näischt. ( Hëllt eng déck Schlupp aus sengem Flachmann) Da lauschter mol gutt no Béiw’chen. Du wees jo datt ech e bëssen an Asien ennerwee war, an dat net nemmen wéinst de Maisecher mä ech hatt jo och e bessen mat Fussball ze dinn. An e vu menge Kollegen vun dohannen war och um Match an huet mëch besicht. Ech ka mech nemmen nach drunn erënneren dat ech hien emamt hunn an zacki! ALLES Schwarz !!! Wéi ech dunn erwescht sinn sungs ech am Estadio Olimpico di Serravalle an hunn mat mengen Thai-Frënn den 0-0 vum Zwergestaat erlieft. Do war eng las, ech konnt esouguer mat menge Frënn an d’Vestiaire goën. Mat den San Mariner ze féieren hatt ëppes mä ech hu mech och gefreet datt d’Esten esou frou waren mëch a meng Begleeder ze gesinn. Anschéinend sinn ech och am héichen Norden bekannt. An déi Thailänner sinn och formidabel, hatten fir all Est e klengen Cado !

Huelse: ee Moment, dir wëllt mir erzielen datt dir zu San Marino zou iech kommt an iech mol net frott watt geschitt ass ?

LD: Du bass esou séiss Nemo. Wanns de esou wéi ech schonn an engem Zoo, plackëg um Réck vun engem Elefant, wackrëg gi bass oder um Ruder vun der Marie-Astrid um Mëttelmier da schockt dëch näischt méi.

 

Huelse: Zréck zum Fussball, wéi gessäit et dann elo an Zukunft mat iech an der Fannationalekipp aus ?

LD: Wéi soll datt ausgesinn ? Hunn dach eng propper Bilanz ! Ech machen wéider an d’Spiller probéieren iergendwéi mam Ball eenz ze ginn. Déi nächst Matcher stinn un. Mir spillen lo eng Serie vu Frënndschaftsmatcher. Ech sichen nach e Géigener. Am léifsten eng Poussinsekipp déi mat schéine Mammen ugereest kommen.

 

Huelse: Merci fir d’Gespréich

LD: As näischt mä nerv mech lo léiwer e  puer Méint net mat déngen dommen Froën do.

Share:

Yarmolenko gett Lektiounen

Allgemeng, EM-Quali 2016, Match Reports, Nationalekipp By 16. November 2014 Tags: , No Comments

Mir waren virum Match géint d’Ukraine virsichtlëch optimistësch a waren schlussëndlëch iwwerrascht wéi wéinëg ons, spillerësch, vum Weltranglëschte 19ten trënnt. E weltklasse Spiller, deen gëschter dräi Goaler ausgemeet huet.

Luxemburg - Ukraine (Luxembourg vs Ukraine)

Den Yarmolenko wäert de Lëtzebuerger nach lang an Erënnerung bleiwwen. Nët nëmmen well en dräi Goaler geschoss huet mä och déi Art a Weis wéi en se era gemeet huet. Den éischten misst den Dave Turpel als Lektioun huelen. “Wéi profitéieren ech vun engem chaotësche Moment am
géignereschen Strofraum ?”. Äntwert : Cool bleiwwen an dann an de Plafong donneren.
Kléngt einfach mä et muss en dann entweder schonn duerch sëllëg Strofraumbataille gange sinn oder aus engem daiëren, waertvollem Holtz geschnitzt sinn.
Déi aner zwee Goaler huet de rietsaussen, Robben-like, vum Strofraumeck mat lénks “enveloppéiert” a gemittlech an de Wénkel placéiert. Null Chance fir de Joubert.
De Spiller vum Dynamo Kiew huet séng Visitekart heigeloss mä et ass kaum ze gleewen datt e vun den üblechen Josy-Barthel-Scouts sëch et leeschte kann beim ukrainëschen Topveräin nom Spiller ze froën. Dee gesi mir bestëmmt demnächst bei engem Championsleague Veräin.

Luxemburg - Ukraine (Luxembourg vs Ukraine)
Zwee mol hatte mir, duerch den Dave Turpel, d’Méiglechkeet a Féierung ze goën. Déi éischt Aktioun war vun hannen propper erausgespillt ginn, de Bensi huet séng ganz Klass gewissen an dem Turpel de Goal um göllenen Tablett servéiert. Leider huet de Stiermer vum F91 net dovunner profitéiert an en Ukrainer huet op der Linn gekläert.
Séng zweet Méiglechkeet ass knapps lanscht de Poteau gangen wei hien, gutt geschéckt, ganz aléng op de Goal gelaf ass.
E wéider stramme Schoss ausserhalb vum Strofraum vum Turpel ass och lanscht de Goal geflunn.
Um Asatz an um Können läit et beim Dave net. Och gëscht huet hien eng gutt Leeschtung bruecht an et feelt nëmmen ganz wéineg fir zu enger fester Gréiss bei de roude Léiwen ze ginn. Mä och den Aurélien Joachim ass duerch déi Schoul gangen a gehéiert lo zu de beschte Stiermer an der Lëtzebuerger Fussballsgeschicht.

Luxemburg - Ukraine (Luxembourg vs Ukraine)
Et bléift leider dobäi datt mir en Aurélien Joachim, a Form, net ersetzen kënnen. Dem Spiller vum CSKA Sofia huet en ugesinn datt en zwee Méint net gespillt huet an him eng zwou Wochen gefeelt hunn fir nees a Form ze kommen.
De Match hatt, also, u sëch gutt fir ons ugefangen an ausser déi éischt 20 Minutten an der zweeter Halschent hu mir d’Spill mat dirigéiert an ons eng hellewull u Chancen erausgespillt. Géint eng, soit onbekannten mä dofir, ganz stark europäesch Ekipp spille mir e ganz equillibréierte Match wou déi zwou Säite vill Goalchance hatten. Der ganzer 14 ( dovunner e Lattentreffer) op der lëtzebuerger Säit. Et gouwe Compagnen do hatte mir der wahrscheinléch net esou vill insgesamt.

Luxemburg - Ukraine (Luxembourg vs Ukraine)
Och wa mir bis elo e puer Punkte laiegeloss hunn, kenne mir ganz houfrëg op déi Art a Weis wéi Christopher Martins a Co optrieden. Op lang Sicht kann e ganz optimistësch sinn.

Share:

Ouni Joachim géint d’Ukraine ?

EM-Quali 2016, Nationalekipp By 7. November 2014 Tags: , No Comments

Och wann de Luc Holtz den Aurélien Joachim nominéiert huet gesäit et net dono aus wéi wann onse beschte Stiermer géint d’Ukraine oplafen kéint.
Nodeems hien nees bei sengem Klub um Trainingsbetrieb deelgeholl huet schéinnt säi Muskelfasserress net auskuréiert gewierscht ze sinn. No sengem éischten Training hatt hien nees wéih an e Besuch beim Dokter soll der Deeg Opklärung bréngen.

En Ausfall deen engem positive Resultat de nächste Samsden géint d’Ukraine am Wee steet. Ons Leiwen bréichten, trotz den dräi Goaler an dräi Mätcher, dem “Auré” seng Kraft a séng Goalgeféierlechkeet fir géint den Anatolij Tymoschtschuk a seng Kameroden ze bestoën.

De Kader
Goal: Jonathan Joubert (F91), Anthony Moris (Standard/B), Charly Schinker (Remeleng)

Vertéidegung: Laurent Jans (Fola), Maxime Chanot (Courtrai/B), Mathias Jänisch (FCD03), Tom Schnell (F91), Eric Hoffmann (Jeunesse), Massimo Martino (Gréiwenmacher), Marvin Martins (Jeunesse), Ricardo Delgado (Jeunesse)

Mëttelfeld: Dwayn Holter (Greuther Fürth/D), Lars Gerson (Norrköping/S), Chris Philipps (Metz/F), Mario Mutsch (St. Gallen/CH), Christopher Martins (Lyon/F), Daniel Da Mota (F91), Ben Payal (Fola), David Turpel (F91)

Stuerm: Aurélien Joachim (CSKA Sofia/BUL), Stefano Bensi (Fola), Maurice Deville (Kaiserslautern/D), Antonio Luisi (FCD03)

Share: