Browsing Category

EM-Quali 2020

“Fussball ass mäi Liewen a mäi Liewen ass de Fussball” – en Interview mat enger Trainerlegend!

Allgemeng, EM-Quali 2020, Fannationalekipp, Huelsenetzeeescht, M-Block, Nationalspiller By 18. März 2019 No Comments

De 25.Mäerz gëtt héchstwahrscheinlech Fussballsgeschicht geschriwwen : eng Selektioun vu Lëtzebuerger Supporter trëtt géint d’Kollegen aus der Ukraine un.

Dëss Lëtzebuerger Ekipp besteet aus M-Block Fanatics, Compadres Tridefa, der Missioun Grottekick, eiser Huelse-Redaktioun an enger Rei aner Supporter vun der sougenannter « richteger Nationalekipp ».

De Mätch gëtt um 17 Auer zu Hueschtert um syntheteschen Terrain ugepaff. Dir sidd selbstverständlech alleguer agelueden eis Ekipp ënnerstëtzen ze kommen. Ween et net op Hueschtert packt kann de Mätch awer och am FuPa-Liveticker verfollegen.

Virun dësem Spëtzemätch hate mir déi grouss Eier, mam Batty, dem Trainer vun de Roude Léiwen, ze schwätzen.

Share: