Fir d’drëtte Kéier hannerteneen huet de CK, hei op huelse virun allem als Auslandkorrespondent fir „exotesch“ Auswäertsmätcher aktiv, allen 10 Qualifikatiounsmätcher vun de Roude Léiwen gesinn.
Haut den Owend gëllt et d’Leeschtung vun e Samsde géint Frankräich ze bestätegen an endlech nees e Match ze gewannen.
Um 20:00 ass de Cap Vert zu Hesper op Besuch an och wann den afrikaneschen Inselstaat eng Ronn 60 Platzen besser an der Weltranglëscht wéi ons Léiwe positionnéiert ass, duerfe mir ons Erwaardungen héich schrauwen an op e gewonnene Match hoffen.
Et war de 9.Juli 2014, géint véirel fir 8 lokaler Zäit zu Sao Paulo… de Maxi Rodriguez leeft un a schéisst en Elefmeter… de Jasper Cillessen kënnt un de Ball, kritt e widdert d’Lat deviéiert – mee vun do aus spréngt de Ball an de Gol. Argentinien steet an der WM-Finall 2014.
Och wann Holland puer Deeg drop nach sollt den Mätch em d’Drëtt Plaz gewannen, sou ass mat dëser Halleffinall zu Sao Paulo awer eng grouss Ära am hollännesche Fussball op en Enn gaang.
E Freideg géint Schweden hunn d’Lëtzebuerger net schlecht gespillt – mee et muss een unerkennen, dass de Géigner einfach méi staark war. Eng weider Chance, déi éischt Punkten fir dëss Campagne anzefueren bidd sech fir d’Rout Léiwen schon dëse Méindeg auswäerts a Wäissrussland.





