Browsing Category

Fussball international

Lëtzebuerg – Moldawien, Nullnummer Nummer 3

Allgemeng, Fussball international, Fussball national, Match Reports, Nationalekipp By 10. Juni 2015 No Comments

An engem Verglach géint eng Equipe op eisem Niveau huet d’FLF-Selektioun sech laang schwéier gedo. Schon no 14′ huet de Joubert misse mat enger Glanzparad eng Kappball-Chance klären, mä duerno gouf et esou wuel vun de Roude Léiwen nach vun hiere Gäscht moere Kascht ze gesinn, e Match dee keen all ze héige Rythmus dran hat, woubäi d’Lëtzebuerger awer méi um Ball waren an e bësse manner technësch Onzoulänglechkeete gewisen hunn, wéi Moldawien.

Share:

De Roud Léiw hat se bal!

Allgemeng, EM-Quali 2016, Fussball international, Match Reports, Nationalekipp By 9. September 2014 No Comments

Mir schreiwen den 8.September 2014, quasi genau ee Joer nom Exploit géint Nordirland, 6 Joer nom Exploit an der Schwäiz a 70 Joer minus 1-2 Deeg no der Befreiung vu Lëtzebuerg duerch d’alliéiert Truppen.

Et sinn awer och just 3 Méint nom 1-1 an Italien. A Lëtzebuerg – Wäissrussland huet fir eis Faarwe schonn dacks eppes versprach: 0-0 am Oktober 1995 an der 10-Punkte-Campagne, 1-0 zu Gomel am Oktober 2007, 0-0 den 8.Oktober 2010 an dann eben en 1-1 gëschter. 1 gewonn, 3 gläich, 3 verluer ass eng gutt Bilanz géint eng Equipe, déi awer just op Plaz 88 an der Weltranglëscht ass an trotzdem als Minimalziel huet, d’Play-Offs fir Frankräich 2016 ze erreechen.

Wat sinn d’Ursaachen? Läit er drun, datt mer am September/Oktober voll am Saaft sinn? A wéi wier et gaangen, wann eis 3 Stamm-Profien derbäi gewiescht wieren?

Den Optaktmatch an dëser EM-Qualifikatioun ass furios lass gaangen. Huet d’FLF a Persoun vum Nationaltrainer Luc Holtz an em President Paul Philipp virum Match probéiert op d’Euphoriebrems ze trëppelen, da muss ee sech froen, ob dat net esouguer eng gelongen Aktioun war. Wat net an der Ëffentlechkeet kommunizéiert gouf, war villäicht eben grad entscheedend fir déi 11 oder 14 um Terrain.

Déi iwwer 3200 Zuschauer – ouni Fräibilljeeën wiere ronn 2000 Fans eng “normal” Kuliss géint Wäissrussland gewiescht – hunn eng bärestaark 1.Halschent, esouguer éischter 60 Minutte vun de Roude Léiwe gesinn. Héichkaräteg Chancen en Masse, Direktspill no vir, heiansdo huet et geschéngt, wéi wann d’Wäissrussen net géife wësse, wat géif mat hinne geschéien. Déi eenzeg Fro déi ee sech muss stellen ass, wat deen een oder anere vun eise Stiermer geridden hat, fir hier zahlräich Chancen net eranzemaachen. De Gerson huet hinnen dunn zum Gléck awer gewisen wéi et geet, mat enger méi wéi verdéngter Féierung no enger phänomenaler Leeschtung virun der Paus.

Déi zwee ganz gutt Holter & Martins hu mat hire jonke Joren gewisen, wat an hinne stécht , mä no ronn enger Stonn huet sech vläicht bemierkbar gemaach, wat de jugendlechen Enthusiasmus ka verursaachen: duerch déi immens leeferesch Präsenz an der 1.Halschent huet d’Equipe ugefaang midd ze ginn an d’Wäissrussen kruten ëmmer méi vum Match, den Ausgläich war iergendwann eng Fro vun der Zäit an ass deemno och an der 78., zwar e bësse glécklech mat Hëllef vum Poteau, gefall. Dank Joubert sollt et awer beim verdéngten 1-1 bleiwen.

Zeréckzebehalen bleift och, datt de Luc Holtz säi Verspriechen, offensiv ze spillen, gehalen huet, onofhängeg vum Fehle vu Leeschtungsdréier. Et ass vläicht Spekulatioun, datt ee mat engem Joachim d’Kaz schonn an der Paus am Sak gehat hätt, mä sécher keng Spekulatioun ass, datt hien, Chanot a Mutsch ganz sécher déi richteg Leit gewiescht wieren, fir och nach déi lescht hallef Stonn ouni Schued iwwer d’Bühn ze kréien. A wann een dat bedenkt, muss ee fräi de Quotidien zitéieren: wann d’Wäissrusse mindestens Drëtt wëlle ginn, hu se mat Lëtzebuerg ee staarke Konkurrent oder si sinn net gutt genuch, fir Drëtten ze ginn.

A wann een a Betruecht zitt, datt d’Slowakai auswäerts an der Ukraine gewonn huet, déi nach fir d’WM an de Play-Offs u Frankräich gescheitert waren, da muss ee bal festhalen, datt an eiser Grupp vläicht mat Ausnahm vun der 1.Plaz alles méiglech ass, awer wierklech alles! Well just als Erënnerung: et ass nach net immens laang hier, datt mer Mazedonien an d’Slowakei geschloen hunn an eis Equipe ass säit deem nach méi staark ginn. An ouni vermiesse wëllen ze sinn, kann et sinn, datt mer aktuell vläicht déi beschte Lëtzebuerger Nationalequipe um Terrain stoen, déi et jee gouf. Vill manner opgrond vun de Resultater, mä virun allem duerch d’Aart & Weis, wéi mer Fussball spillen. Weider esou!

Roude Léiw – Huel Se!

Share:

ROAD TO FRANCE – firwat net?

Allgemeng, Fussball international, Fussball national, M-Block, Nationalekipp By 11. Juli 2014 Tags: 2 Comments

D’WM steet kuerz virun hirem Ofschloss, d’Lëtzebuerger Veräiner hunn an Europa leider ze fréi missen Äddi soen – trotz deels gudde Leeschtungen – déi verbleiwend Veräiner si schonn erëm an der Preparatioun fir d’nei Saison an de Programm vun eise Roude Léiwen fir déi nächst 2 Joer steet och scho méi oder wéineger.

Alles wéi gehabt bis elo – oder dann awer vläicht net? Well en Vue vun der Euro 2016 an eisem Nopeschland Frankräich ginn a gewësse Supporterkreesser Gedanke gesponnen, déi vläicht net total abwegeg sinn: nämlech mat Gléck a Chance kënne bei deem Turnéier derbäi ze sinn! Verréckt? Sécher! Novollzéibar? Op alle Fall! Réaliséierbar? Net onméiglech!

Lëtzebuerg spillt an enger Grupp zesumme mat dem demontéierte Weltmeeschter vun 2010, Spuenien, mat der politesch onsécherer Ukraine esou wéi mat Wäissrussland, Mazedonien an der Slowakei.

Eng kleng Iwwersiicht iwwer dës Géigner soll eis elo e puer Argumenter liwweren, firwat een un esou eng Sensatioun kéint gleewen, och wa mer ganz virsiichteg bleiwen.

a) Spuenien: normalerweis gëtt et hei näischt ze radetten, weder doheem, nach auswäerts an eis Jonge wäerten och dem 1. an der Weltranglëscht a séngem Renouveau kaum wäerte Paroli bidde kënnen. Mä am Testmatch an Italien gouf gewisen, datt ee géint e fréiere Weltmeeschter (Plaz 9 an der Weltranglëscht) op engem gudden Dag kann eppes rappen. Pronostic: 0 bis 1 Punkt(en) an 2 Matcher géint Spuenien.

b) Ukraine: d’Ukraine ass 16. an der Weltranglëscht an u Frankräich an de Play-Offs fir Brasilien gescheitert. Normalerweis géif hei dat selwecht gëllen wéi fir d’Matcher géint Spuenien. Mä wéi wierke sech déi politesch Onrouen dohannen op d’Equipe aus? A besteet net esouguer de Risiko, datt d’Equipe, wéi deemools beim Biergerkrich a Jugoslawien, zerfällt a vill gutt Spiller net méi fir déi selwecht Natioun oplafen (kënnen)? Mä wa mer realistesch bleiwen gëtt et och hei de Pronostic: 0 bis 1 Punkt(en) an 2 Matcher géint d’Ukraine.

c) Slowakei: Virun 3 Joer hu mer géint d’Slowakei am Niwwel 2-1 gewonn, duerch 2 Goaler vum Dan Da Mota. Do virdrun an 2 Qualimatcher (2004/2005) 0-4 an 1-3 verluer. Mä dat waren aner Equipen! Mat Chance ass géint d’Slowakei erëm eppes dran, zemools eis Equipe sech weider entwéckelt huet. Pronostic: 1-3 Punkten an 2 Matcher géint d’Slowaken.

d) Mazedonien: 80. op der Weltranglëscht (37. an Europa). Virun 2 Joer hu mer 2-1 géint déi an engem internationale Frëndschaftsmatch gewonn. Interessant ze wëssen ass hei, datt Mazedonien 2 Plazen an Europa an 3 Plazen an der Weltranglëscht virun Aserbaidschan läit, géint déi mer an der leschter Campagne 2 Punkte kruten, der awer mindestens 4 hätte misse kréien. Gi mer dovunner aus, datt Mazedonien an Aserbaidschan op engem Niveau leien, komme mer op folgende Pronostic: 2-4 Punkten.

e) Wäissrussland: copy-paste fir Wäissrussland, 82. op der Welt, 38. an Europa, d.h. eng Plaz hanner Mazedonien, eng virun Aserbaidschan. Well mer traditionell awer géint Wäissrussland nach ëmmer gutt ausgesinn hunn, e liicht verbesserte Pronostic: 3-6 Punkten!

Lëtzebuerg kraucht op der Plaz 119 op der Welt ronderëm (46 an Europa vu 54). Natierlech muss alles klappen, d’Profien musse fit a gutt drop sinn, d’Equipe muss funktionéieren, soss sti mer séier och erëm mat 0 Punkten do. Mä bei där aktueller Equipe an der Entwécklung, wier dat Schwaarzmolerei. An et bleift ofzewaarden, ob de Luc Holtz senger Devis vun der leschter Campagne wäert trei bleiwen: nämlech méi Punkten ze kréie wéi an der Campagne virdrun. Dat wieren der dës Kéier mindestens 7. Wat awer net géif duergoen, fir 3. an der Grupp ze ginn, wat awer méi wier, wéi fir d’WM. Op der anerer Säit wäerten och eis “kleng” Géigner genau esou rechne wéi mir, nämlech datt et ni esou einfach wäert sinn, op eng Euro ze fueren wéi 2016.

Dofir ass et un eis all, un alle Futtballfrënn zu Lëtzebuerg, sech mat Abo’en an Tickéen anzedecken, de Stadion ze fëllen, Stëmmung ze maachen an eiser Equipe de Réck ze stäipen!

Maacht all matt bei eiser “Road to France!” – näischt ass onméiglech, wann een zesummenhält!

Roude Léiw – Huel se!

An hei sinn all d’Infos fir en Abo ze bestellen: //www.facebook.com/events/1557198084507630/?ref=3&ref_newsfeed_story_type=regular20140530-211858.jpg

Share:

Saibene verlängert zu Sankt Gallen

Fussball international By 27. Juni 2013 Tags: , No Comments

De fréieren Lëtzebuerger Nationalspiller an Techneschen Direkter vun der nationaler Futtballschoul huet säi Kontrakt bei St Gallen bis 2015 verlängert. Säit März 2011 ass de Jeff Saibene Trainer bei den gréng-wäissen.
No enger starker Leeschtung vum Saibene senger Männer an der Saison 2012-13 stungen se zum Schluss op der drëtter Platz vun der héichster schweizer Divisioun. Domadder hunn se et ferdeg bruet sech als Opsteiger fir d’Europa League ze qualifizéieren.

20130627-193857.jpg

Share:

An elo ?

Eis Spiller am Ausland, Fussball international By 12. Mai 2013 Tags: , 1 Comment

Ouni de verletzten Aurélien Joachim gewënnt Willem II Tilburg doheem géint den AZ vun Alkmaar. Domadder hunn d’Tricolores iert lescht Spill an der Eredivisie gespillt well nächst Joer d’Jupiler League um Programm steet.
Op d’Missioun Opstieg mam Lëtzebuerger an Ugrëff geholl gëtt ass nach net sécher. Den Goalgetter, deen an 25 gespillte Matcher 6 Goaler geschoss an 2 Virlagen ginn huet, war nëmmen fir eng Saison vum F91 ausgeléint. Op de Veräin aus dem Nordbrabant d’Kafoptioun zitt ass net sécher. Datt läit awer net um Joachim selwer mä un den finanzielle Méiglëchkeeten vum Veräin. Den Trainer, Jurgen Streppel, géif de Stiermer gäeren halen an den Spiller keinnt sech och firstellen mat ofzesteigen. Et ass also net onméiglech datt de beschte Goalgetter vun Willem II säin Engagement zu Tilburg verlängert.

Wat mol als sécher gëllt ass dat den “Auré” weiderhinn mam Futtballspillen séng Bréidecher verdéngen wëllt. E Schratt zréck op Lëtzebuerg ass méi wéi onwahrscheinlech. Klibb aus der Eredivisie, zweeter Bundesliga an Ligue 2 sollen sech schonn beim Berooder gemëllt hunn. Dësen huet dem Joachim och versprach dat sech e Veräin fannen léisst deen bereet ass d’Somm, déi de Veräin aus der Forge du Sud verlangt, op den Dësch ze leeën.

An den nächsten Deeg a Wochen wärt bestëmmt Bewegung an den Dossier kommen

Share: