Fënnef – Zwee – Dräi
Allgemeng, Fussball national, M-Block, Match Reports, Nations League, Réckbléck5-2-3… wat sech op den éischte Bléck ugesäit ewéi eng Opstellung vun engem Helenio Herrera, Otto Rehhagel oder Louis van Gaal ass a Wierklechkeet soss näischt ewéi d’Bilanz vun de Lëtzebuerger Lännermätcher aus dem Joer 2018. Fënnefmol hunn d’Rout Léiwe gewonn, zweemol gläich gespillt a just dräimol verluer.
D’Weltmeeschterschaft 2018 ass säit knapp zwee Méint eriwwer. Niewt de Biller vun de grousse Momenter géint Enn vum Tournoi, wou eis franséich Noperen mat der Coupe hiren zweete WM-Titel feieren oder eis belsch Noperen de Matfavorit Brasilien eliminéiert hunn, bleiwen wahrscheinlech net just mir, mee och villen anere Supporter aus Lëtzebuerg nach ganz aner Momenter an Erënnerung:
Wei d’franséisch Editioun vum Wort op hirem Internetsite mellt wëllt den FC Ufa den Olivier Thill !
Lëtzebuerg – Cap Vert… herno ass een ëmmer méi schlau!
Allgemeng, Fussball national, Match Reports, Nationalekipp, WM-Quali 2018Herno ass ee bekanntlech ëmmer méi schlau. No der 0-2 Défaite géint de Cap Vert freet een sech natierlech, ob et iwwerhaapt sënnvoll war, just e puer Deeg nom Qualifikatiounsmätch géint Frankräich en Testmätch ze maachen.




