Mäin éischte Match am Josy Barthel muss am Mäerz 1995 géint Norwege gewiescht sinn. Ech hunn virdrunner schonns Fussball verfollegt, am Ufank nëmmen EM (ab 1988) a WM (ab 1990), ab 1994 och däitsch Bundesliga (1860 a Kaiserslautern si bis haut meng Liblingsveräiner, deemools alle béid nach éischtklasseg), awer ëmmer nëmme virun der Telé oder virum Videotext a Radio. De…
Mir schreiwen de 7.Juni 2000. E sonnege Mëttwochowend, dräi Deeg virun der Europameeschterschaft an der Belsch an an Holland. Um Wee op d’Europameeschterschaft leet Spuenien en Tëschestopp zu Lëtzebuerg an – a spillt op der Arëler Strooss e leschten Testmätch virun der EM. Spuenien gehéiert schon deemols am Veräinsfussball zur absoluter Weltspëtzt. Op den Dag genau zwou Wochen virdrun huet…
d’Redaktioun vun Huelse.lu notzt déi gezwonge Paus, déi d’ganz Welt duerch d’CoVid-19 Pandemie trëfft, fir eng kléng Serie ze starten. Bei “Meng éischte Kéier” erzielen iech ons Blogger wéie Match se vun de Roude Léiwen als éischt am Josy Barthel gesinn hunn. Mir wëllen domadder net nëmmen iech eppes an der fussballarmer Zäit bidde mä och dem Stade Josy Barthel eng kléng Éier erweisen.


