Laang genuch hu mir elo dorobber gewaart a muer geet d’Nations League endlech un. Kritiséiert vu ville Säiten, wénkt um Ënn vun dëser néier Kompetitioun vun der UEFA ee Billjee fir d’Europameeschterschaft 2020. Eng gëllen Geleeënheet fir vill kléng Verbänn déi et soss duerch déi traditionell Qualifikatioun ganz schwéier hunn fir sech fir d’Europäesch Turnéier ze qualifizéieren.
Verschidde Medieberichter no ass de Wiessel vum Olivier Thill bei den Ufa FC esou gutt wéi an drëschnen Dicher.
Engem Bericht vun der République des Pyrénées no wier de Vincent Thill momentan, a bis en Donneschden, beim Pau FC (National) fir een Test.
Ganz Fussballlëtzebuerg ass momentan liicht opgereegt wann et ëm de Ryan Johansson geet. De gréissten Deel Opreegung gëllt natierlech dem Faite dat de lëtzebuerger U19/U21 Spiller mam groussen FC Bayern München op Virbereedungs- an US Tuer war an do an de Matcher géint de PSG, der Juventus a géint Man City vill ze spille krutt. Et kënnt net oft vir dat e Spiller deen zu Lëtzebuerg ausgebildt gouf an duerch ons U-Auswahlen gaangen ass op esou engem Niveau ze spille krutt.
D’Joer 2018 start fir d’Nationalekipp mat engem gewonnenen an engem verluerene Match. Zäit fir een éischte Fazit no dësen zwee dach verschiddenen Testmatcher.




