Laang genuch hu mir elo dorobber gewaart a muer geet d’Nations League endlech un. Kritiséiert vu ville Säiten, wénkt um Ënn vun dëser néier Kompetitioun vun der UEFA ee Billjee fir d’Europameeschterschaft 2020. Eng gëllen Geleeënheet fir vill kléng Verbänn déi et soss duerch déi traditionell Qualifikatioun ganz schwéier hunn fir sech fir d’Europäesch Turnéier ze qualifizéieren.
Ganz Fussballlëtzebuerg ass momentan liicht opgereegt wann et ëm de Ryan Johansson geet. De gréissten Deel Opreegung gëllt natierlech dem Faite dat de lëtzebuerger U19/U21 Spiller mam groussen FC Bayern München op Virbereedungs- an US Tuer war an do an de Matcher géint de PSG, der Juventus a géint Man City vill ze spille krutt. Et kënnt net oft vir…
Um Donneschden Owend mosst sech ons Nationalequipe géint Ungarn. De Frënndschaftsmatch gëtt um 20:00 am Stade Josy Barthel ugepaff an ass de läschte Match an dësem Kalennerjoer.