De lëtzebuerger Nationalspiller Chris Philipps steet virun engem Wiessel an d’Ukraine. Den FC Zorya Luhansk wéilt de polyvalenten Defensivspiller, deem säi Kontrakt Ënn des Joers ofleeft, an der Wanterpaus verpflichten.
Zum Schluss vun der Qualifikatioun fir d‘EM 2020 hatten ons Léiwen den Europameeschter an Nationsleague Gewënner 2019 op Besuch. Beim Trëffen mam der Weltklassennatioun Portugal huet sech ons Nationalequipe zwar missen 0-2 geschloë ginn mä huet an der éischter Halschent de Géigener phaseweis dominéiert !
E kuerze Bléck op de Kader vun de Serben geet duer, fir sech der Rolleverdeelung fir dësen Dënschdeg sécher ze sinn : géint Dusan Tadic, Filip Kostic, Luka Jovic a co sinn d’Rout Léiwen kloren Aussesäiter.
D‘Wort huet op hierer Facebooksäit vrun e puer Deeg eng Ëmfro zum Numm vum néie Stadion gemeet. Déi ganz Resultater kënnt dir op dësem Link (//www.wort.lu/de/lokales/wort-leser-haben-entschieden-so-soll-das-neue-stadion-heissen-5ca36027da2cc1784e34122a ) noliesen mä mir wëllen iech awer net virenthalen dat de gréissten Deel vun de Léit de Numm „Léiwepark“ ausgesicht huet. Meeschtens ass den #Léiwepark, deen huelse.lu säit Méint benotzt, als Kommentar gepost ginn an…