No der 2-1 Victoire géint Litauen, déi nach een Nations League Feeling hatt, spillen ons Rout Léiwen haut um 20:45 am Stade Josy Barthel géint d‘Ukrain. E Match mat engem wéidere Schwieregkeetsgrad !
Lëtzebuerg gewënnt méi wéi verdéngt am éischte Qualifikatiounsmatch fir d’EM 2020 mat 2-1 géint Litauen. Et muss en et soe wéi et ass, déi besser an talentéiertst Ekipp gewënnt dës Konfrontatioun.
Dëse Freide geet fir d’Lëtzebuerger Nationalequipe mam Lännermatch géint Litauen d’Qualifikatioun fir d’EM 2020 lass. An dëser Campagne treffen d’Jonge vum Luc Holtz nieft de genannte Balten och op Serbien, d’Ukrain an op den Europameeschter Portugal.
De 25.Mäerz gëtt héchstwahrscheinlech Fussballsgeschicht geschriwwen : eng Selektioun vu Lëtzebuerger Supporter trëtt géint d’Kollegen aus der Ukraine un. Dëss Lëtzebuerger Ekipp besteet aus M-Block Fanatics, Compadres Tridefa, der Missioun Grottekick, eiser Huelse-Redaktioun an enger Rei aner Supporter vun der sougenannter « richteger Nationalekipp ». De Mätch gëtt um 17 Auer zu Hueschtert um syntheteschen Terrain ugepaff. Dir sidd selbstverständlech alleguer agelueden eis…