Huelse.lu zesummen mat der Missioun Grottekick presentéieren iech de Kader vun der Fannationalekipp, déi den 25 Mäerz 2019 am Stade Jos Becker (Terrain II/Synthetescheb) um 17:00 géint d‘Fans vun der Ukraine spillt.
Fir de Chris Philipps gehéiert d’Geschicht Legia Warszawa wuel geschwënn zur Vergaangenheet. Wéi d‘lëtzebuerger Sportmedien mellen reest de Lëtzebuerg Nationalspiller net mat an d’Trainingslager a soll sech e néie Veräin sichen.
5-2-3… wat sech op den éischte Bléck ugesäit ewéi eng Opstellung vun engem Helenio Herrera, Otto Rehhagel oder Louis van Gaal ass a Wierklechkeet soss näischt ewéi d’Bilanz vun de Lëtzebuerger Lännermätcher aus dem Joer 2018. Fënnefmol hunn d’Rout Léiwe gewonn, zweemol gläich gespillt a just dräimol verluer.
Gutt zwee Méint ass et hier, dass mer mat de Roude Léiwen a San Marino waren. Et war eng flott Auswäertsrees, mir hunn am San Marino Stadium mat 0-3 gewonn an et goufen 3 Punkte fir Lëtzebuerg. A genau do, um Fouss vum Titanbierg zu Serravalle, gëtt e Sonndeg den Owend d‘Partie tëscht San Marino a Wäissrussland gespillt. Dëse Mätch…
Um 20:45 trëfft Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel op Wäissrussland. No der Ausléisung vun der Nations League an dem Duerchliesen vum Kalenner hunn déi meeschte Supporter dorobber gehofft dat de läschten Heemmatch géint Wäissrussland den entscheedene ka sinn. Véier Matcher méi spéit ass et wierklech dozou komm a Lëtzebuerg, als Tabelleleader, trëfft op de wäissrussëchen Zweeten a ka mat enger…