d’Redaktioun vun Huelse.lu notzt déi gezwonge Paus, déi d’ganz Welt duerch d’CoVid-19 Pandemie trëfft, fir eng kléng Serie ze starten. Bei “Meng éischte Kéier” erzielen iech ons Blogger wéie Match se vun de Roude Léiwen als éischt am Josy Barthel gesinn hunn. Mir wëllen domadder net nëmmen iech eppes an der fussballarmer Zäit bidde mä och dem Stade Josy Barthel eng kléng Éier erweisen.
De lëtzebuerger Nationalspiller Chris Philipps steet virun engem Wiessel an d’Ukraine. Den FC Zorya Luhansk wéilt de polyvalenten Defensivspiller, deem säi Kontrakt Ënn des Joers ofleeft, an der Wanterpaus verpflichten.
Zum Schluss vun der Qualifikatioun fir d‘EM 2020 hatten ons Léiwen den Europameeschter an Nationsleague Gewënner 2019 op Besuch. Beim Trëffen mam der Weltklassennatioun Portugal huet sech ons Nationalequipe zwar missen 0-2 geschloë ginn mä huet an der éischter Halschent de Géigener phaseweis dominéiert !