Ëmfro iwwert de Lëtzebuerger Fussball

Allgemeng By 25. Oktober 2012 No Comments

Den Manou Georgen as e Lëtzebuerger Student den zu London International Buisness studéiert a séng Ofschlossarbescht as iwwert de lëtzebuerger Fussball. Fir him bei deser Arbescht ze hellefen kennt dir un enger Ëmfro deelhuelen. Ëch hun se gemeet an sie as héisch interessant a munch Fro léisst een schmunzelen. D’Ëmfro as op englësch. //www.esurveyspro.com/Survey.aspx?id=4b76df59-0c39-46f8-a087-1379d1117b94&fb_source=message

Share:

Ween ass hei de Chef ? 

Nationalekipp By 24. Oktober 2012 Tags: 2 Comments

Mir waren nawell gutt an d’Qualifikatiounsronn vun der WM 2014 gestart andeems ons Léiwen de Portugisen e Been gestallt an een erkämpfte Punkt aus Nord Irland matbruecht hunn. Duerno krute mir an den zwee Mätscher géint Israel ons Grenze gewisen. An 180 Minutte krute mir 9 Geigegoaler geschoss. Wat engem dobäi opfale konnt ass datt a munch Situatiounen eng Persoun…

Share:

Déi richteg Paus zum richtegen Zaitpunkt

Nationalekipp By 22. Oktober 2012 Tags: , , 1 Comment

Et hat alles sou schéin ugefang: ee respektabelt Resultat géint Portugal mat enger Leeschtung, déi ee Punkt verdéngt gehat hätt, an eng manner gudd Leeschtung géint Nordirland mee trotzdem ee Punkt erkämpft. D’Enn vun der Geschicht as bekannt: 9 israelesch Goaler innerhalb vu 5 Dee kasséiert, Euphorie verflun, Fans enttäuscht. Virun allem am Virfeld vum Heemmatch géint Israel war eng…

Share:

Der Mega-Duché du Lëtzebuerg

Allgemeng, Fussball national, Nationalekipp By 21. Oktober 2012 1 Comment

Bei huel se! geet et, wéi der wësst, ëm Fussball. Politik gehéiert onser Meenung no net an de Stadion an net op den Terrain. Mee Politesch Entscheedunge betreffen natierlech och de Sport. Bei onse Belsche Frënn kennen si ee Lied dovunner sangen. Säit Joere bekämpfen sech d’Parteie vun de verschiddene Regiounen. An et gëtt oft domadder gedréit datt d’Land ausernaner…

Share: