E vun de flottsten Amenter vum Fussballbegeeschterten Mënsch ass vrun engem Match vu senger Lieblingsekipp sech an d’Haut vum Trainer ze versetzen.
Wann e sech vill mat senger Ekipp an dem Géigener beschäftëgt andeems en am Virfeld all Zeitungsartikel liesst, mengt en et géif en e Feeling dovu kreien wéi d’Opstellung ausgesi wäert.
De Freiden Owend spillen ons Rout Léiwen géint Zlatni Ljiljani . Dëst ass den éischten vun zwee Matcher am Abrëll wëll véier Deeg drop Albanien op Besuch ass. D’Preparatioun fir d’WM-Quali 2018 geet also lo lass !


