Browsing Tag

Israel

Mat de roude Léiwen am hellege Land

Auswäertsreesen, Match Reports, Nationalekipp By 30. Oktober 2012 Tags: 1 Comment

No zwee enorm interessanten Deeg mat engem Guide zu Jerusalem fuere mir (de Martin, ee Schwäizer Groundhopper vu Basel, den Daniel, ee Lëtzebuerger Judd, an ech) en Densdeg, de 16.Oktober, mam Taxi op Tel Aviv. Nom Anchecken an eisem Hotel man mir eis op de Wee an den David Intercontinental, wou eis rout Léiwen an d´Journalisten iwwernuechten.

De Jean Schiltz taucht relativ séier mat eise Billjee op. Mat him, dem Marc Diederich an e puer Journalisten ënnerhale mir eis flott a verbotzen herno och nach e puer Penne all´arrabiata an der Lobby.

Nom Iessen trëppelen de Martin an ech bis erof op Jaffa, wou mir och de Bloomfield Stadium gesinn, wou all Proficluben aus Tel Aviv hir Heemmatcher ausdroen. Mir denken driwwer no samschdes de Spëtzematch Hapoel Tel Aviv géint Maccabi Haifa kucken ze goen, ginn ower leider herno gewuer, datt dee Match op nächst Woch verluet gouf.

Géint véier Auer fuere mir mat de Journalisten an de Responsable vun der FLF op de Match zu Ramat Gan.
D´Israelien hunn eng flott Aart a Weis d´Equipë virzestellen. Ofwiesselnd gëtt den Numm vun engem Spiller genannt an ee klenge Bouf, deen dëse Spiller duerstelle soll, leeft op den Terrain an hellt déi betreffend Positioun an. Léiw!

Leider stinn eis Lëtzebuerger vill ze déif a leie séier mat 0-1 hannen. Dem Holtz seng Taktik ass alt erëm wéi schonns am Heemspill net opgaangen. Wéinstens verléiere mir des Kéier “nëmmen” 0-3 an net 0-6 oder 0-7! Um Enn hunn eis Jongen esouguer nach eng Rei Goalchancen, wat ower wuel dru leit, datt Israel eis elo e bëssi spille léisst, de Match ass jo souwisou entscheed. Een Éiregoal wier ower nawell nach dra gewiescht: ee Schoss vum Laterza gëtt vun engem Defenseur op der Linn gekläert.

Ëmmerhin hunn mir de Fändel mam roude Léiw och an Israel héichgehalen, als Merci kréie mir den Maillot vum Daniel da Mota! An eng Rei israelesch Fans kommen eis begeeschtert applaudéieren! 🙂

Eise Bus steet an engem ofgespaarte Secherheetsberaich vum Stadioun. Mee no engem kuerzen Telefonat kennt de Jean Schiltz eis zur Hëllef an iwwerriet déi israelesch Sécuritéit eis eranzeloossen. Mir fueren zeréck bei den Intercontinental, wou och nach zwee jiddesch Frënn vum Daniel optauchen, déi zu Tel Aviv studéieren. Bis no Mëtternuecht setze mir nach zesummen an der Hotellobby, drénken e puer Béier a braddelen zesummen. Virun allem de Laurent Schüssler vum Wort erzielt allerhand interessant an och deelweis lëschteg Anekdoten. Och de Pol Philipp kennt nach kuerz laanscht.

Den Dag duerno si mir esouwuel am Wort, wéi och am Tageblatt an am Essentiel. Den Aurélien Joachim an de Mario Mutsch gi guer net schlofen. Si fléien nach an der Nuet zesumme mam Lars Gerson op Amsterdam fir esou séier wéi méiglech erëm bei hire jeeweilege Veräiner ze sinn.

Och mir man eis iergendwann an eist Bett.  No dësem Spilldag bleiwe mir nach weider véier Deeg am hellege Land, bis mir sonndes, den 21.Oktober erëm heem fléien. De Martin op Basel, den Daniel an ech an eis schéin Heemecht, wou mir eng net weider wichteg Hochzäit verpasst hunn.

Méi  iwwert d´Rees an Israel gett et (an daitscher Sprooch) hei.

Share:

Déi richteg Paus zum richtegen Zaitpunkt

Nationalekipp By 22. Oktober 2012 Tags: , , 1 Comment

Et hat alles sou schéin ugefang: ee respektabelt Resultat géint Portugal mat enger Leeschtung, déi ee Punkt verdéngt gehat hätt, an eng manner gudd Leeschtung géint Nordirland mee trotzdem ee Punkt erkämpft. D’Enn vun der Geschicht as bekannt: 9 israelesch Goaler innerhalb vu 5 Dee kasséiert, Euphorie verflun, Fans enttäuscht.

Virun allem am Virfeld vum Heemmatch géint Israel war eng Euphorie ze erkennen, déi ee sou scho laang net méi kannt haat: do goung rieds, dass géint Israel awer eppes misst dran sin. Trotz engem Historique géint dat Land, dat engem nëmmen Angscht konnt machen: 0:7, 1:3, 0:5, dat waren déi läscht Resultater am direkte Verglaich. Och de Nationaltrainer huet, ganz ongewinnt, seng Spiller an den héchsten Téin geluewt. Alles dat waren Unzeechen, dass dee Schoss nëmmen no hanne lass konnt goen, an sou koum et dann och. Wat allerdings no deenen zwee Matcher alles an der Press gelaf as, war nach bal méi traureg wéi d’Resultater aus deenen 2 Matcher! Dat betrëfft den Nationaltrainer, mee och Spiller an d’Press, déi  Saache gesot hun, déi net ubruecht waren, an den Tenor war iwwerall méi wéi negatif.

Trotz allem heescht et elo net, d’Bengele bei d’Tromm ze geheien an alles schlecht ze rieden.Sëcher, dës zwee läscht Matcher hun esou guer net an déi Serie vu gudde Leeschtungen aus der Zait virdrun gepasst. Et däerf een elo net alles un desen 2 Matcher moossen. Israel war (a bleift) eisen Angschtgéigner, an déi 2 Klatschen missten jiddereen erëm mat de Féiss op de Buedem brengen; mir sin ëmmer nach “nëmme” Lëtzebuerg, an däerfen trotz der positiver Entwécklung vun de leschte Joeren nach emmer net mengen, mir kéinten eis mat deenen Groussen an Mëttelgroussen moossen. Do kënnt et also wéi geruff, dass elo – ofgesi vum Testmatch géint Schottland de 14. November – fir d’Nationalekipp Wanterpaus as, an jiddereen Zait huet, fir sëch seng Gedanken iwwert den unrühmlechen Oktober ze machen, ze analyséieren an ze selbstreflektéieren  – den Trainer, d’Spiller, awer och d’Fans an d’Medien.

Mir haten eng immens jonk Ekipp um Terrain stoen – do huet also jiddereen nach Potenzial an Zait fir sëch ze verbesseren. Dës Ekipp kann nach eng Rei Joeren esou zesumme spillen an sëch besser zesummen aspillen, an ech denken, dass mir elo net musse wéinst 2 Ausrutscher alles schwaarz gesin. Elo as déi richteg Paus zum richtegen Zaitpunkt, fir no vir ze kucken an dann am nächste Joër rem do virun ze machen, wou mer am September ugefang haten!

 

Share: