De Quotidien an d’Tageblatt vermellen datt den Aurélien Joachim op d’Insel wiesselt.
De Stiermer hätt sech haut entscheed bei Burton Albion ze wiesselen. Vru kuerzem hatt ons Nummer 13 e Probetraining beim Jimmy Floyd Hasselbaink senger Ekipp absolvéiert an de Veräin war interesséiert de lëtzebuerger Nationalspiller z’engagéieren.
Mam Duerchbroch zu Stammspiller an hire respektive Veräiner hunn ons dräi Profien, Gerson, Mutsch a Joachim natierlech och eng gewësse Popularitéit erreecht. Wéieen Spiller méi Trikot’en verkaf huet a ween déi Meescht Likes op Facebook krut kennt dir hei liesen. Huel Se! erklärt iech wéi dir un d’Trikot’en kommt a weivill dir spueren musst: Mario Mutsch : den FC ST…
Haut ass am Wort een Interview mam Aurélien Joachim. Ich werde noch stärker spielen ass d’Haaptausso. No dräi Méint an dräi Goaler an der Eredivisie huet de lëtzebuerger Stiermer esou lues seng Marquë fonnt an trotz de Schwieregkeeten am physësche Beräich huet hie sëch als Stuermspëtz duerchgesaat. Mat den dräi geschoss Goaler ass hien och momentan beschte Buteur vu Willem…
Den Owend wielen Sportsjournalisten am Casino 2000 de Sportler vum Joer. Ënnert denen 9 Nominéiert sinn dräi Léiwen. Nieft Jeff Henckels, Dirk Bockel, Laurent Carnol, Bob Jungels, Raphaël Stacchiotti a Gilles Müller ass den Trio Gerson, Mutsch a Joachim. Et gett wuel eng ganz enk Entscheedung well et kee richtege Favorit dëst Joer gett. Mir drecken natierlëch onse Futtballisten d’Daumen…