Bei huel se! geet et, wéi der wësst, ëm Fussball. Politik gehéiert onser Meenung no net an de Stadion an net op den Terrain. Mee Politesch Entscheedunge betreffen natierlech och de Sport. Bei onse Belsche Frënn kennen si ee Lied dovunner sangen. Säit Joere bekämpfen sech d’Parteie vun de verschiddene Regiounen. An et gëtt oft domadder gedréit datt d’Land ausernaner fale kéint. Als Konsequenz géifen déi eng dann zu engem Autonome Staat ginn an déi aner géifen un aner Länner annexéiert ginn.
An der Province du Luxembourg ginn et vill Stëmmen déi dofir plaidéiere fir un onst Ländchen attachéiert ze gi wann den Enn vun der Belsch antreffe géif. An och bei der Germanophone sinn der anscheinend vill déi vun esou enger Iddi net ofgeneigt wieren.
Wéi géif sech esou ee Szenario dann op onse Fussball auswierken ? Onst Land géif op e eemol net nëmmen seng Superficie an Awunnerzuel verduebele mä och d’Zuel vun de Fussballsequipe géif bombastesch an d’Lutt goen. Clibb mat verschidde Qualitéiten, Infrastrukturen a finanzielle Méiglechkeete géifen zu eise Veräiner zoustoussen. Clibb, wéi Virton oder Eupen, déi wuel eng grouss Roll an der héijster Divisioun spillen géifen an och vir bei fir den Titel wiere mä och méi kléng Clibb mat engem Niveau vun engem momentan Drëtt-Divisionär. Géifen et zwee Championnater ( Grand-Duché vs Province) gi wou duerno an enger Art Play-Off déi beschte Veräiner de Championstitel ënnereneen ausmaachen oder géife mir an engem Modus mat 2,3 plus ou moins professionelle Lige mat de beschten Equipen aus dem ganze “Mega-Duché” géint enaner spillen
Géif de Comité provincial du Luxembourg Football einfach ons Federatioun integréieren oder géife béid bestoe bleiwen an ënnert enger méi grousser Federatioun fungéieren ? D’Erschafe vun enger ganz néier Federatioun kéint och eng Léisung sinn. Den heite Punkt wier wuel ee vun de komplizéierten a géif jo u sech och dovunner ofhänken a wei engem Championnatsmodus mir spille loosse géifen.
D’Fro no der Nationalequipe léisst sech do net schwéier stellen. Falls et géif zum Annexéiere vun den uewegenannte Gebidder komme wier et jo selbstverständlech datt d’Awunner vun dem néie Land all déi eng a selwecht Nationalitéit kréie géifen. Vu datt déi belsch näischt méi wäert wier, well et datt Land jo net méi gëtt, wier et logesch wann et déi Lëtzebuerg wier. Et ginn awer och dann nach zwou Méiglechkeeten. Éischtens, mir loossen zwou Nationalequipen untrieden, ënnert de selwechte Konditioune wéi et momentan a Groussbritannien de Fall ass. Zweetens, eng eenzeg Nationalequipe, ee Land, eng Equipe.
Wat u sech witzeg ass datt sech och falls et zum Annexéiere komme géif mir nach ëmmer kee brauchbare Stadion hätten… Op zu Lëtzebuerg oder an der Province du Luxembourg, néierens gëtt et e Stadion deen international Standarter erfëllt. Déi Problematik géif och dann nach bestoe bleiwen.
Den Impakt op den Zuschauer wier natierlech net geréng. Spille mir wéi uewe genannt zesummen an engem Championnat muss sech de Ass et fir de schonn eng Himmelsrees wann en vun Diddeleng op Wolz fuere muss misst en domadder rechnen och mol zwee Mol méi wäit ze fuere fir säi Veräin ze ënnerstëtzen. Nei Terrain’en, nei Clibb, nei Spiller, nei Iess- an Drénkgewunnechkeeten ! Fir déi eng kléngt dëst ereegend a fir déi aner angschterfellend.
De nationale Fussball kéint wahrscheinlech vun esou enger Situatioun just profitéieren. Méi Awunner heescht méi potentiell Spiller, Zuschauer a Sponsoren.
Hoffe mir mol dat déi Frostellung am Beräich vun der Science Fiction bleift an dat ons Belsch Noperen sech eenz ginn an zu engem Land zesumme wuesse wou sech esou Katastrophenszenarien eriwweregen. D’Diables Rouges probéiere mat hire Leeschtungen an hirem Optrieden dofir sech suergen. Ech wënschen hinne vill Gléck wëll ausser hinne gëtt et just nach Kinnekshaus déi als Symbol vun engem vereenegtem Land gëllen.
Hunn elo rezent zwee Mätcher vun eise belschen Noperen gesinn: am August géint Holland zu Bréissel am Stadion an elo d’lescht Woch géint Schottland op der Tele – an ech muss soen, d’Ekipp huet mech zweemol enorm beandrockt an ech trauen deenen op der Weltmeeschterschaft an 2 Joer ganz ganz ganz vill zou!
Ech ka mer gutt virstellen, dass eng gutt bis ganz gutt Weltmeeschterschaft 2014 d’Land rem an de Käpp vu verschiddene Leit giff méi zesummewuesse loossen. An di nächst Elections fédérales sinn genau eng Woch no der Finall vun der Finall a Brasilien.
Ech sinn och derfir dass d’Politik an de Fussball solle souwäit et geet getrennt sinn – mee dat hei kinnt emol rem ee Fall sinn wou de Fussball afloss op d’Politik hëlt.