Huelt iech Bronze

WM Quali 2022 By 14. November 2021 Tags: , No Comments

Um leschte Spilldag kënnen ons Rout Léiwen, virun ausverkaaftem Haus, déi drëtte Platz an hirem Grupp huelen. De Géigner ass den direkte Kontrahent vir déi leschten Trapp vum Podium. Fir Irland, déi sech am Virfeld vun dëser Qualifikatioun warscheinlech éischter erhofft hu mat Portugal a Serbien ëm déi zwou éischt Platzen ze streiden,  geet et haut réng ëm d‘Éier. Mat 6 Punkte leien se momentan dräi Punkten hannert de Roude Léiwe mä duerch hier besser Goldifferenz géif eng…

Share:

D’Krallen eraus!

Allgemeng By 9. Oktober 2021 No Comments

Nom spannende Fight tëscht eisen Nopeschlänner um Donneschdegowend an der Nations League Halleffinall, ass et elo endlech Zäit fir déi wierklech wichteg an interessant Matcher an dëser Fussballwoch. Mat Serbien heiheem a mat Portugal auswäerts zu Faro stinn des Kéier zwee richteg schwéier Brocken um Menü.

Share:

Eng nei Ära

Allgemeng By 31. August 2021 1 Comment

Eigentlech ass et bësse komesch fir wärend enger lafender Campagne, déi am Fréijoer jo scho ganz erfollegräich ugefaangen huet, mat historesche Begrëffer wéi Ära oder Zäitalter ronderëm sech ze schmäissen. Mee, wéi der wësst, ass och dës fussballeresch Rentrée 2021 eng aussergewéinlech. No jorelaange Streidereien, Polemiken a weideren „Schildbürgerstreiche“ iwwer Standuerter, explodéierend Baukäschten, Retarden, Internetleitungen a Gaardenhaisercher, rullt de Mëttwoch 1. September 2021…

Share:

De spuenesche Wee

WM Quali 2022 By 27. März 2021 No Comments

Den Owend um 20:45 fänkt mam Match an Irland d’Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft 2022 fir d’Lëtzebuerger Nationalequipe un. Ons Nationalequipe krut mam Aserbaidschan, Serbien, Irland a Portugal eng, um Pabeier, schwiereg Grupp. Als absolutte Favorit gëllt natierlech Portugal a Serbien misst mat Irland ëm déi zweet Platz kämpfen. Um éischte Spilldag huet sech Portugal géint de Aserbaidschan ganz schwéier gedoen a…

Share: