Firwat dëse Blog?
Eise Site soll en Treffpunkt fir Fans vun der lëtzebuerger Fussballnationalequipe sinn. Fir sech iwwert de Lëtzebuerger Fussball ze informéiere ginn et eng Rei gutt Siten – fir sech auszetauschen awer leider manner.
Doriwwer eraus wëlle mer awer och Leit, bis elo awer, aus wat fir Grënn och ëmmer, nach net de Wee op d’Areler Strooss fonnt hunn, motivéieren, sech och emol e Lännermätch ukucken ze kommen.
Et ass also e Site vun a fir Supporter vum lëtzebuerger Fussball.
Wouriwwer gëtt op dësem Blog geschriwwen?
An éischter Linn geet et ëm d’lëtzebuerger Fussballnationalequipe an hir Fans. Sou wäerte mer souwuel iwwert d’Mätcher selwer, wéi awer och iwwert d’Reesen zu den Auswäertsmatcher schreiwen. Doriwwer eraus wäerte mir hei awer och aner Artikelen, iwwer Sujeten, di e Lien mam lëtzebuerger Fussball hunn, sief et d’Championnat, d’Coupe de Luxembourg oder di gutt al Diskussioun iwwert de Sënn an Onsënn vun engem neien Nationalstadion, verëffentlechen.
Wee si mir iwwerhaapt?
Mir, dat sinn de benem, CK, Luiz, luxpjamer a Wichtel. Alle 5 hu mer eis am Laf vum leschte Jorzéngt am M-Block kennegeléiert. Och wann mir mëttlerweil bei de Matcher net méi all zesummen am M-Block stinn, sou verbënnt eis awer ëmmer nach d’Passioun an d’Begeeschterung fir eis Nationalequippe.
Nach méi wäit wéi eis Stammplazen am Stadion sinn eis Wunnuerter vuneneen ewech: een Eislecker, e Stater mat Miseler Originen, en Wahlmëllerdaller aus dem Süden, e richtege Minettsdapp an en Uelzechtdaller – quasi onnéideg ze erwähnen dass deementspriechend eis Preferenzen am lëtzebuerger Veräinsfussball och net all di selwecht sinn.
Dës Heterogenitéit ka vläicht och Symbolcharakter fir eisen neie Blog hunn: mir wëllen eis un ALL Supporter a Sympathisante vum lëtzebuerger Fussball, onofhängeg vun hirem jeeweilege Veräin an ob se Member an engem Fanclub sinn oder net, adresséieren.
//www.youtube.com/watch?v=qIAH_c5YDko