Haut viru 7 Joer – Lëtzebuerg – Portugal zu Metz (3.Juni 2006)

Ronn eng Woch virun der Weltmeeschterschaft an Däitschland koum et zu Metz zu engem Testmätch tëscht Lëtzebuerg a Portugal. Mat engem Bus goung et géint halwer 5 also Richtung Frankräich. Départ war, wéi ëmmer, um Park and Ride um Houwald. Während mer a Lëtzebuerg nach virum Beruffstrafic op der Autobunn waren, stounge mer spéider fir a Metz eranzefueren am Stau.

Zesumme mat engem anere lëtzebuerger Bus si mer do awer op der Autobunn vun der Police aus dem Stau eraus gelotst ginn a goufe mat Motorradsescort bis virun de Stadion bruecht, wouduerch mer natierlech vill Zäit gewonn haten.

Am Stadion hate mer leider kee Block fir eis, mee mir stoungen hannert engem Gol an de éischte Reihen, wouduerch en Interessekonflikt Stoen/Sëtzen entstan ass… wat leider dorop erausgelaf ass dass mer de Mätch am Sëtzen hu musse kucken, wat d’Stëmmung natierlech negativ beanträchtegt hat…

No dëse manner schéinen Szenen gouf awer natierlech och Fussball gespillt, an dat aus Lëtzebuerger Siicht guer net sou schlecht. Bis d’Paus hunn di Häre Joubert, Reiter, Hoffmann, Schnell, Mutsch, C.Leweck, Peters, Lombardelli, Ferreira, Remy a Joachim den 0-0 gehal. Eng ganz gutt Chance vum Charel Leweck huet de Gol leider knapp verfehlt.

An der 2.Halschent war Portugal dun awer méi staark a konnt direkt no der Paus duerch den agewiesselte Simao mat 0-1 a Féierung goen. An der 73.Minutt huet de Simao op 0-2 erhéicht, ier de Luis Figo an der 85.Minutt den 0-3 Endstand markéiert huet.

Et muss een awer festhalen, dass d’Rout Léiwen trotz dëser Défaite virun 19000 Zuschauer en wierklech gudde Mätch géint de spéidere WM-Halleffinalist gemaach hunn.

Alles an allem war dësen Ausfluch op Metz en duerchaus gelongenen Owend, deen een och als Supporter vun de Roude Léiwen am Summer 2006 en Hauch WM-Feeling verspiere gelooss huet.

One thought on “Haut viru 7 Joer – Lëtzebuerg – Portugal zu Metz (3.Juni 2006)

  1. Fabs 3. Juni 2013 at 21:16

    Ech hun do awer nach manner gudd Erennerungen.

    Z Bsp en Saatz: “Där setzt äech lo, well mär sin 1000 op 1 vun äech!” An d’Schéissen vun Knätschgummi op eis…

    Antworten

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.