Viru 7 Joër gouf hei am Land d’Endronn vun der U17-Europameeschterschaft ausgedroën. Zu Ettelbréck. Mondorf, Diddeleng, Hesper an um Stade Josy Barthel hun deemols d’Belsch, Tscheschien, Serbien/Montenegro, Daitschland, Spuenien, Ungarn, Russland – a Lëtzebuerg em den Titel gekämpft. Ma wat gouf eigentlech aus den Talenter vun däer Zait – wéi gudd war d’Jugendarbecht vun deenen eenzelne Länner?
Am éischten Deel kucke mer iwwert d’Ekippe vun der Belsch, Serbien/Montengro, Daitschland a Russland.
Aus dem deemolege Kader vun de Belsch as de bekannteste Spiller den Axel Witsel, ee vun den talentéiersten aktuellen A-Nationalspiller am Nopeschland. No 5 Joer an ronn 150 Matcher beim Standard Léck as hien, no engem Joer bei Benfica Lissabon, fir 40 Millioune bei Zenith St. Petersburg gewiesselt.
Deene meeschten ee Begrëff wäerten och den Mehdi Carcela-Gonzalez an den Toby Alderweireld sin. De Carcela spillt aktuell mat engem gewëssenen Samuel Eto’o zesumme bei Anschi Machatschkala, a war virdrun och Stammspiller beim Standard zu Léck. Hien as zweemol fir déi belsch A-Nationalekipp opgelaf, huet sech dun awer dofir entscheed, fir fir Marokko, d’Land vu senger Mamm, ze spillen.
Den Alderweireld huet d’Fussballspille beim Ajax Amsterdam geléiert an huet och all Jugendnationalekippen vun der Belsch duerchlaf. Sait 2009 as hien eng fest Gréisst an der A-Nationalekipp.
Deem engen oder aaneren seet vlait och den Numm Gaël Arend eppes. Dee mëttlerweil 24-Jähregen as vu Messancy an huet dës Saison 12 Matcher an der BGL Ligue fir den CS Péiteng gespillt. Während hien an der Jugend vum Standard Léck gespillt huet, gouf hien fir eng Saison op Virton ausgeléint, an koum spéider iwwer Bleid a Bertrix 2012 op Péiteng. Hie gouf alt vum belschen Jugendnationaltrainer Marc Van Geersom als dee beschten aus sënger Generatioun geluewt…
Vu Serbien-Montenegro léisst just na de Stevan Jovetic vu sech schwetzen. Den Ausnahmetechniker brengt et op iwwer 110 Matcher an der Serie A fir den AC Florenz an eng 25 Lännermatcher. Aktuell sin eng Rei englesch Topclubs hannert him hier.
Gudd geschafft hun deemols schon déi Daitsch: mat Ron-Robert Zieler (Hannover 96), den Zwillingen Sven (Borussia Dortmund) a Lars Bender (Bayer Leverkusen), Marko Marin (FC Chelsea), Toni Kroos (Bayern München) an Stefan Reinartz (Bayer Leverkusen) sin ganzer 6 Stéck aktuell A-Nationalspiller.
Och den Timo Gebhardt (VfB Stuttgart, FC Nürnberg) war mat dobai.
Den Toni Kroos gouf zum Spiller vum Turnéier gewielt, an ee gewëssen Manuel Fischer war mat dee beschte Goalgetter. An däer Saison huet hie mat 13 Goaler am U17-Beraïch och een neie Rekord opgestallt. Duerch eng schwéier Knéiverletzung gouf allerdings ni eppes aus der grousser Karriär – haut spillt hien bei der SG Sonnenhof-Großaspach an der Regionalliga Südwest.
Alles an allem spillen vun deenen 18 Spiller 8 Stéck an enger éischter Liga an 5 Stéck an der 2. Bundesliga.
An d’Russen? Vun deenen 18 Spiller, déi deemols Europameeschter goufen, huet keen et an d’A-Nationalekipp gepackt! Déi meescht spillen aktuell nach a Russland – erfirzehiewen wier hechstens den Yevgeny Pomazan, dee mam Carcela bei Machatschkala spillt.
Am zweeten Deel kucke mer dann op Ungarn an Tscheschien, iwwerraschendes aus Spuenien, an natierlech op eis Roud Léiwen!