Am Land vum Feier

En Méindeg 3ten Juni sinn ech mam Zuch op Basel gefuer, wou ech mech mam Schwäizer Groundhopper Martin S. getraff hunn. Zesummen sinn mir den Dag duerno iwwer Istanbul op Baku geflunn.

Baku ass wierklech eng immens flott Stad mat alen historeschen Iwwerbleibsel an prächtegen neien Gebaier, dorënner vill Héichhaiser, déi nuets de Leit spektakulär Liitspektakel bidden. Virun allem d´Flame Towers, déi regelrecht brennen. Vill flott Sprangbueren, eng schéin Séipromenad, eng ganz Rei Gréngflächen, Baku huet munches ze bidden.

Nodeem mir zwee Deeg laang d´Stad bewonnert hunn, treffen mir eis freides mëttes an enger Bar am Hilton mam Pol Philipp, Robby Langers an enger Rei aner FLF-Fonctionnairen an Journalisten.

Mir kréien dach tatsächlech zwou VIP-Kuarten vum Pol geschenkt, wat eis immens freet. Mat engem Klengbus geet et géint der Owend an d´Bakcell-Arena, een fonkelneien kléngen Stadion, wou d´Aserbaidschaner géint méi kleng Géigner untrieden. Am Stadion gëtt et zu eiser Enttäuschung tatsächlech näischt soss ze iessen wéi kal Minipizzen.

Virun bal ausverkaaftem Haus leeft Lëtzebuerg mat folgender Startformatioun op: Joubert- Jans, Chanot, Hoffmann, Martino- Philipps- Gerson, Mutsch-Deville, Bensi-Joachim.

Déi éischt Halschent gehéiert kloer den Aserbaidschaner, wou et ower net schaffen an Féierung ze goen. Net zulescht och well op den Joubert erëm Verlooss ass. Den Maurice Deville dergéint ass guer net mat a gëtt fréizäiteg fir den Laterza ausgewiesselt.

An der Pause wiesselt den Luc Holtz erëm. Fir den Philipps kennt den Payal. Eng goldrichteg Auswiesslung, well de klengen Ben bréngt Damp an eisen Match eran. Och d´Innenverteideger Chanot an Hoffmann wëssen ze iwwerzeegen an stinn wéi Fielsen an der Brandung. De Match ass elo ausgeglach an den Bensi verpasst esouguer eng Chance zur Féierung.

Ca. an der 70ter Minutt fält dann den 1-0 fir d´Aserbaidschaner. D´Supporter ronderëm eis sinn begeeschtert. Den da Mota kennt fir den Laterza. Lëtzebuerg gräift weider un. An do geschitt et: den Bensi schéisst dach tatsächlech op den Goal an de Ball ass dobannen. 1-1! Ech loossen menger Freed fraien Laf a blären vun Freed. Mee nach sinn 10 Minuten ze iwwerstoen. Bei den Aserbaidschaner flitt fënnef Minuten viru Schluss och nach een Spiller vum Terrain. An e bemol huet den Bensi eng quasi 100%eg Chance zum Sigtreffer, mee hien vergëtt leider. Um Enn steet een glécklechen, mee net onbedéngt onverdéngten Auswärtspunkt. 🙂

De Mario Mutsch schenkt mir nach säin Trikot, ech man eng Foto mam Held Stefano Bensi an ech ginn dem aserbaidschaneschen Fernseh och nach een Interview (op englesch.) Se wëllen vun mir als Lëtzebuerger Supporter een Kommentar zum Match héieren. Meng Meenung ass net manner wichteg fir si wéi déi vum Berti Vogts. Deen gëtt iwwregens op der Pressekonferenz deck gestriizt, een Journalist mengt dach tatsächlech: “Ich gratuliere Ihnen zu diesem Erfolg: ein Punkt gegen die Fussball-Großmacht Luxemburg.” Wouropper den Berti brav merci seet, deen weess datt mir längst keen Futtballzwerg méi sinn 😀 Den Bensi kann leider kaum englesch an esou diktéieren ech engem Reporter wat hien an den Zeitungen wielt stoen hunn. Derbäi loossen ech menger perséinlecher Fantasie fraien Laf. 😉

Samschdes sinn mir dunn glécklech zeréck an Europa geflunn.

Een méi laangen Rapport (op däitsch) fannt Dir hei.

3 thoughts on “Am Land vum Feier

  1. benem 11. Juni 2013 at 12:00

    a wou as d’Foto mam Held? 😉
    Keng Problemer gehaat beim Areesen?

    Antworten
  2. luxpjamer 11. Juni 2013 at 14:01

    Gesäit wierklech flott aus ! Coole Bericht a Merci fir d’Déelen

    Antworten
  3. CK 11. Juni 2013 at 19:50

    @luxpjamer: Et wuar och flott 😉 Merci a gaer geschitt.

    @benem: Kuck emol op LfL. An nee, Anrees goung problemlos well ech jo main Visum brav op Bréissel siichen war 😉

    Antworten

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.