Breu vs. Hellers

Op wort.lu ass folgenden interessanten Interview mam President vum F91, dem Romain Schumacher, ze liesen :

//www.wort.lu/de/view/f91-praesident-reinhold-breu-fuehrt-krieg-gegen-guy-hellers-51cb2e5ee4b02fa5029bf5dc

Dat do confirméiert a sech dat, wat ech och schon vun Elteren héieren hunn, déi Kaméidi mam Breu hunn. Hannergrond ass wuel, datt de Breu probéiert esou mann wéi méiglech Spiller vun der Fussballschoul vum F91 ze integréieren a kategoresch e Problem mat där Fussballschoul ze hunn schéngt.

Wat bedenklech ass, ass datt esou wuel Guy Hellers, wéi och Paul Philipp viru Joren soten, datt déi Fussballschoul zu Diddeleng eng gutt Initiative wier a positiv fir de Lëtzebuerger Fussball. De Paul Philipp ass nun emol Chef vum Breu a muss oppassen, datt hien sech net vum Breu op der Nues ronderem danze léist.

Well trotz allen Differenzen gleewen ech, datt den Hellers éischter am Sënn vun de Jugendspiller handelt an ech wees aus sécherer Quell, datt de Breu dat net mecht. Bei him ginn net déi bescht Jugendspiller aus em Land geruff, mä déi, déi net mucken a wou d’Elteren kuschen. Wat jo am Sport kompletten Nonsense ass.

Ech hoffen emol datt d’Resultat tëscht em Gespréich Schumacher – Philipp ëffentlech gëtt an datt virun allem am Sënn vum Fussball an de Spiller diskutéiert gëtt ouni vill Gemauschels !

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.