Wat gouf aus… der U17-EM 2006 – Deel II

Am zweeten Deel huele mer Spuenien, Tscheschien, Ungarn, an – natierlech! – eis Roud Léiwe vun deemols ennert d’Lupp!

D’spuenesch U17 virum Match géint Lëtzebuerg – mat César Azpilicueta (Nr. 7) an Emilio Nsue (9). De Bojan Krkic gouf eréischt an der Paus agewiesselt an huet 4 Goaler geschoss… / Foto: F. Munisso

Erstaunlech as, dass aus dem Kader vu Spuenien – Drëtten am Turnéier – keen ee spéideren Europa- oder Weltmeeschter erfir gangen as. Deen eenzege groussen Numm as de Bojan Krkic – hie gouf bei der U17-EM och Torschützenkönig vum Turnéier an huet fir Barcelona, AS Roum, AC Mailand an demnächst Ajax Amsterdam gespillt. Mee och hie war bei den Triumpher vun der A-Nationalekipp net mat dobai: 2008 huet hien aus perséinleche Grënn ofgesot, 2010 an 2012 war hien net am Kader.

Mam César Azpilicueta war awer nach ee weidert villverspriechend Talent dobai. Hien koum iwwer Marseille bei den FC Chelsea, huet mat hinnen dëst Joer d’Europa League gewonn, a koum 2x an der A-Nationalekipp zum Asaz.
Da wier do nach den Emilio Nsue : hie spillt, nodeems hien während Joeren all Aluedung ofgelehnt huet an weider fir spuenesch U-Nationalekippen gespillt huet, elo fir Equatorial-Guinea, d’Heemecht vu sengem Papp.

Vun den Tscheschen, déi an der Final vun der U17-EM réischt am Elefmeterschéisse géint Russland verluer haaten, faalen just 2 Spiller op: den Tomas Pekhart, deen haut zu Nürnberg spillt an 2006 zwee Goaler hei am Land geschoss haat; an den Tomas Necid, aktuellen Nationalspiller an Stiermer bei ZSKA Moskau. Och ee Jan Polak war während dem Turnéier am Kader vun der U17 – dëst as awer net deen Polak, dee fir enner aanerem Anderlecht an Wolfsburg gespillt huet.

D’Ungaren haten hir eenzeg 3 Punkten am Turnéier mat enger 4:0-Victoire géint Lëtzebuerg gesammelt. 2007 sin Krisztián Németh an Andras Simon als grouss Talenter bei den FC Liverpool transferéiert gin. Während de Stiermer Németh an der Reserve-Ekipp regelméisseg getraff huet, koume béid awer zu kengem Asaz am Profiteam. De Simon spillt haut rem an der ungarescher Liga, den Németh bei Roda Kerkrade an Holland.

De Lëtzebuerger Kader mat hirem Trainer Ronny Bonvini / Foto: Fabrizio Munisso
De Lëtzebuerger Kader mat hirem Trainer Ronny Bonvini / Foto: Fabrizio Munisso
De jonke Matthias Jänisch / Foto: Fabrizio Munisso
De jonke Matthias Jänisch / Foto: Fabrizio Munisso

Vun de Roude Léiwen vun 2006, deemols gecoacht vum Ronny Bonvini, sin aktuell 5 Spiller A-Nationalspiller: den Massimo Martino (Diddeleng),  Lars Gerson (IFK Norrköping – Schweden), de Gilles BettmerMathias Jänisch, a Michi Kettenmeyer (alleguer Déifferdeng). Leider huet et just de Lars Gerson zum Profi gepackt – de Bettmer, deen déi Zait nach zu Freiburg an der Fussballsschoul war, as no engem Intermezzo zu Tréier rem op Lëtzebuerg zréck komm. Vum Rescht hu jo 2 Stéck sëch spéiderhin decidéiert, fir een aanert Land opzelafen (Matthew de Cae fir Wales a Miralem Pjanic fir Bosnien – haut Profi bei der AS Roum); Fabiano Castellani (Nidderkuer), Jérôme Marcolino (Käerjeng), Mirko Albanese (Jeunesse), Paul Bossi (Nidderkuer) an Tom Siebenaler (Déifferdeng) spille 5 Stéck emmerhin an der BGL Ligue. De Ricardo Thom studéiert an Eistraich a spillt do an der Tirol-Liga (véierthëchst éistraichesch Liga) beim SV Völs.

Méi roueg gin as et em Spiller wéi de Mato Djuric a Christophe Scholer (hu studiebedingt opgehal), Pit Hilbert (Hesper), Richard Jankowoy (Wuermer), André Bill (Kehlen).

Dee ganz grousse Weltstar war deemols also nach net dobai – och wann déi Spiller haut réischt 24 Joër aal sin an de Groussdeel vun hirer Karriär nach virun sëch hun. Natierlech kennen och net aus an all Joergang 11 Messi’en erfier goen. Mee och sou as eng Selectioun an enger U-Nationalekipp eben nach laang kee Fraibilljet fir eng spéider Profiscarrière…

benem

huet säit 2003 just 6 Heem-Lännermatcher verpasst.

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.