Au(h!)gust ?

Nächste Mëttwoch spillt ons Nationalequip e Frënndschaftsmatch géint Litauen. Et ass scho bal eng Tradition datt ons roud Leiwen am August geint eng aner Natioun oplafen. Gudd Erennerungen ginn et der wéineg…
Säit 2006 hu mir bis elo nëmmen e positift Resultat ereecht an datt war 2007 mam 0-0 géint Georgien. Dem Guy Hellers seng Männer hatten deemols en Gläichspill vrun 1200 Zuschauer am Josy Barthel ereecht. Datt ass och schonn den eenzegen Liichtbléck. Sos goufen et nemmen Néierlagen. Ugefangen huet et 2006 mat engem “éierbaren” 0-1 géint Tiirkei, eiher mir eben dat Joer drop den Georgier dat ebengenannten Gläichspill getrotzt hunn.
2008 hatte mir dunn Mazedonien zu Besuch. Den Hellers hatt et deemols mat enger zimlech offensiver Equip probéiert, enner anerem mam Mutsch als Offensive Mettelfeldspiller. De Versuch goung trotz dem Kitenge sengem Goal an d’Bochs a mat 1-4 zu Enn.

2009 waren dunn ons Gäscht vun e Mettwoch zu Besuch. Eng knapp 1-0 Néierlag stung zum Schluss op der Affiche. Dese Match war als Preparatioun fir déi zwee folgend Quali-Matcher a Moldawien an an Israel geduet. De Premiersmatch vum Guy Blaise goung deemols zwar och mat enger Néierlag zu Enn mä ons Männer wossten spilleresch ze iwwerzeechen. Datt et duerno zum 0-0 a Moldawien duergangen war war doduerch net ganz iwwerraschend. Den “Excès de confiance” krutte mir dunn awer an Israel mam 0-7 batter zreckbezuelt.

2010 war dunn den eischte Match fir den Luc Holtz zu Llanelli a Wales. De Match war dunn och eng batter Lektioun fir déi “offensiv” Ausriichtung vun senger Equip. Zwar hatt den Kitenge e wonnerscheinen Goal zum 1-1 geschoss mä déi 5-1 Néierlag war vum Resultat hier mol net geklaut. Déi zweet Halschent wossten ons Männer hieren Hänn oder besser gesott hieren Féiss kee Rot a si regelrecht buede gangen.

2011 war d’FLF Delegatioun dunn an der Algarve. Vrun 20000 Zuschauer hu mir dunn 5-0 géint Portugal verluer. De Géigener war dräi Klassen besser a mir hatten näischt ze radetten.

Lëscht Joer war dunn nees Georgien zu Besuch. Zu Uewerkuer stung et zum Schluss dunn 2-1 fir d’Gäscht. De Preparatiounsmatch fir den Heemmatch géint Portugal (1-2) an dem Auswärtsmatch an Nordirland huet méi wéi engem gro Hoer gemeet. D’Offwier huet am Ufank wuel geduet si wieren op engem Ausfluch an der Uewerkuerer Schwëmm gelant an net op engem Fussballsmatch. D’Georgier hatten ons richteg dronken gespillt an mir konnten de Score nemmen duerch en Elefmeter verkuierzen.

Den August ass bis elo net onsen Liiblingsmount. Zäit fir dëst ze äneren huet also geschloën.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.