Verdéngt !

D’Lëtzebuerger Nationalequipe gewënnt verdéngt 2-1 géint Litauen. Vrun enger moerer Coulisse (958 Zuschauer) hunn Joachim a Bensi, no engem onnéidegen Géigegoal an der éischter Halschent, an den zweeten 45 Minuten d’Spill gedréint.
D’Roud Leiwen wossten am gesamte Match ze gefallen an hunn och nom 0-1 hier Rouh behal an hiert d’Spill opgezunn. Dei omnipresent Offensifspiller hunn ëmmer nees fir Gefohr vrum litaueschen Goal gesuergt an d’Defensif Abteilung huet näischt ubrennen geloos. Als den nordireschen Abitter déi zwou Equipen an d’Paus gescheckt huet waren d’Gäscht zwar 1-0 vir mä d’Lëtzebuerger hatten do schonn insgesamt 7 gutt Goalchancen, d’Litauer nëmmen zwou.
Nom Pausentéi hunn d’Leiwen wéider no vir gespillt a sinn och schnell mam 1-1 belount ginn. De Joachim huet seng ganz Klass bewissen an de Ball lässeg lanscht de Goalkeeper eragesaat. An der 80′ huet dunn den Bensi den 2-1 marquéiert.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.