Séif een Déel vum ganzen !

Natierlech ginn et méi sexy Equipen wéi Lëtzebuerg. Déi meescht gewannen vill méi oft wéi ons Roud Leiwen mä “Mir sinn ebe Lëtzebuerg”. Och op eng Equip déi méi oft verléiert wéi gewënnt dierf een houfrëg sinn.

An all den Joeren wou mir elo ons Nationalequipe supporten hu mir méi schwach Moment wéi staarker erlieft. Mä déi puer Victoiren déi mir matféieren dierften hunn alles wett gemach.

Den 10 September spille mir am Josy géint Nordirland. Et ass net nemmen den zweetleschten Heemmatch mä och de Gebuertsdag vum legendären 2-1 an der Schwäiz ! Esou Amenter sinn méi wéi wäert d’ FLF-Selektioun och a batteren Zäiten de Réck ze stéipen.

Dofir kommt all den 10 September an de Josy a losst d’Areler Strooss en Owend erliewen wéi et nach ni ginn ass.

Mir sinn ons sécher datt et méiglech ass de Stadion op maanst den Owend voll ze kreien. Beweisst Fuerw, tréi nom Motto “ALLez Roud” an kommt a rouder Montur an de Stadion fir e momentalen Owend méiglech ze maachen !

Share: