Quitte ou double ?

Den Owend erward eng schwéier Arbescht op ons Roud Leiwen. Géint eng, duerch eng zimlech iwwerraschend Néierlag am August géint d’Nord Iren (1-0), motivéiert russësch Nationalequip mussen “ons Jongen” sech op en harden Match astellen. D'”Sbornaja” an hier Supporter erwarden näischt aneschtes wéi eng kloër Victoire géint ons um Wee vun Direktqualifikatioun fir D’Weltmeeschterschaft.

Deziméiert wéi scho lang net méi ass ons Nationalequip Virgeschter am Tartastan gelandt. Net manner wéi véier Innenvertéideger feelen dem Luc Holtz aus diverse Grënn. En aneren schwéieren Verloscht ass deen vum Mario Mutsch. De Spiller vum Schweizer Europa League Klub St-Gallen ass wéinst enger Gielspeer suspendéiert. Konditiounen bei deenen den en oder aneren Lëtzebuerger Fussballfan an d’Schweesen kennt an sech un déi Debakelen géint Israël erennert gett.

Net esou beim Luc Holtz. Den Nationaltrainer vertraut an dëser Situatioun der jonker Paire Jans-Philipps an der Zentralverteidegung an dreckt säit e puer Deeg säi Vertrauen vis-à-vis vun sengem Kader aus. An och d’Spiller si sech hiere Stärken bewosst an beweissen Selbstvertrauen. De René Peters sott nach vru Kuerzem datt “an der Vergangenheet oft grad an esou Situatiounen en Erfolleg erausgesprongen ass” an schwetzt “vun der beschter Nationalequipe säit hien derbei ass

Der russëscher Press sott den Nationaltrainer datt hien eng Opstellung mat “8-9 Vertéideger” op d’Feld schecken wärt. Verstärkt hien seng jonk an, um internationalen Plang ,onerfahren Vertéidegung mat engem ganz déif stoëendem Mettelfeld ( Gerson, Payal, Peters) oder war seng Ausso nëmmen e Bluff an stinn um 16h30 ( lëtz. Zäit) zwee Stiermer um Terrain ? Et ass alles méiglech an déi zweet Alternativ wier wierklech ennert dem Motto ” Quitte ou double!” ze verstoën.

Méiglech Opstellungen :

Defensiv ageritt : Joubert- Laterza, Philipps, Jans, Jänisch- Gerson, Peters, Payal- Da Mota, Bensi- Joachim

Offensiv ageritt : Joubert- Laterza, Philipps, Jans, Jänisch- Gerson, Peters(/Payal)- Da Mota, Turpel, Bensi-Joachim

Dréckt ärer Nationalequip haut ab 16h30 d’Daumen. De Match soll vum RTL TELE LETZEBUERG iwwerdroen ginn.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.