Als Supporter vun der Nationalequipe ass een et jo gewinnt ze verléieren. An denen 20 Joer wou ech lo d’Mätcher vun der FLF suivéieren hunn ech der batterer Momenter vill erlieft. Déi elo hei op ze leschten géif d’Ruhm spréngen an esou vill Zäit huet wahrschéinlech och keen pensionnéierten Staatsfonctionnaire.
Watt déi Néierlagen an der Vergangenheet gemeng hatten, waren dat Gefill vun der Onmuecht. Seelen konnt en, objektiv betruecht, onsen Nationalspiller iergendeen Virworf machen. Wann en déi erfolleglos Mätcher géint de Liechtenstein a Malta mol op der Säit léisst. Ons Néierlagen waren ëmmer d’Resultat vun engem ze groussen Qualitéitsennerscheed zweschen ons an den aneren Natiounen. Séif dat op spillerëschem oder mentalem Niveau. Ons Géigener waren ons oft haushéij iwwerleeën an, datt mir als Verléierer aus deenen Konfrontatiounen erauskomm sinn, nëmmen logësch.
Lues a lues huet sech ons Equipe awer gebessert. Säit der Era-Hellers huet sech ons Selektioun professionaliséiert, huet grouss Fortschrëtter am Spillopbau, der Ballcirculatioun an der taktëscher Ausrichtung gemeet. Den Luc Holtz ass an déi selwescht Richtung wéidergezunn an huet niewenbei nach vum Erunwuesen vu Spiller wéi Philipps, Turpel, Jans an Bensi, der Professionaliséierung vum Joachim an och der Naturalisatioun vun engem Chanot profitéiert. Dat verbessert Spillermaterial féiert haut dozou datt mir géint Russland mat 2 Stiermer ( Turpel, Joachim) an engem 4-4-2 oplafen kennen. Dozou gesellen sëch am offensiven Mëttelfeld zwee Spiller ( Bensi, Da Mota) déi an hieren Veräin esouguer als Sturmspëtzt agéieren. Ween hätt esou ëppes nach vrun e puer Méint fir méiglech gehalen ?
D’Skeptiker déi dës Zeilen elo liessen wärten awer elo drop hiweissen datt mir zu Kasan awer trotzdem 4-1 verluer hunn. An sech um Score net vill ännert vis-á-vis vun fréieren Begéignungen géint Sborjana. En 4-1 gläicht um Terrain awer net ëmmer engem 4-1.
Den Optimist a mir weisst op déi vill Verletzungen an Suspendéierungen an onseren Réihen hin, déi dozou gefouert hunn datt mir mat enger extrem jonker Innenverteidegung hu spillen missen. Mat méi Erfahrung wier e besseren Ausgang vum Match realistësch gewiercht.
Trotzdem…. Ausser bei der éischter Aktioun no 20″ wou d’Koppel Jans-Philipps zimlëch “naiv” ausgesinn hunn waren se meeschtens op der Héijt an sinn de Russen hieren schnellem Spillstaffeten seelen ennerleeën gewiercht. Ganzer 4 Grousschancen hunn se dem Capello senge Männer, aus dem Spill eraus, zougeloss. Géint esou eng staarkopspillend Equipe hunn och scho méi grouss Natiounen méi schlecht ausgesinn.
De Manktum un Erfahrung hu mir dofir awer op denen 4 Goaler ze spieren kritt.
Déi éischt Lektioun wier datt een um internationalen Niveau vum Upëff un voll konzentréiert muss sinn. 20″ duerno däerf et eigentlëch net schonn an onsem Goal schëllen. De schnellsten Géigegoal an der Geschicht vun der Nationalequip ass jo schonn Beweiss genug
Déi zweet Lektioun wier d’Vertéidegung op Standartsituatiounen dem Géigener an onsem Spillermaterial, deen mir zur Verfügung hunn, unzepassen. Den Zonenmarquage huet bei den zwee Géigengoaler no Fräistouss guer net geklappt. Kokorin an Kerzhakov hatten einfach ze vill Fräiheet an hunn dovunner och äiskal profitéiert. Wann esou Kappballstark Spiller wéi Chanot a Blaise feelen wier et vläit ubruet fir op de “Mann géint Mann” ëmzeswitchen.
Déi drëtt Lektioun, wéider esou am Spillopbau ! Ons Ofwier Spiller hunn bei all Ballgewënn de Ball propper no vir gespillt. Geknuppt gouf nëmmen a ganz seelen Fäll. An wann dann weil et ze brënzlech war. Och ons Mëttelfeldspiller wossten, de Ball um Fouss, ze iwwerzeegen. De Payal huet den en oder aneren Richtungswiessel gemeet a Crochet geschloën an d’Bäll ganz Clever verdéelt. Och d’Offensiv Zesummenspill vun den béiden Spiller op den Fliigel huet gutt geklappt. Wann den Offensive Spiller vun der Säit an d’Mëtt eran gezunn ass an dem Aussevertéideger domadder e ganzen Couloir gebidden huet war dëst oft den Ausgangspunkt fir eng gelongen Aktioun.
Déi véiert Lektioun, méi schnell ofzéihen. Ons Offensivspiller hatten e puer Aktiounen wou se ze lang vrum Goal gezögert hunn. Et wier wënscheswert datt, wann de Raum sech bidd, ons Stiermer de Schoss op de Goal als Optioun zéihen.
Déi fënneft Lektioun, wéider mam 4-4-2. Och géint Natiounen wéi Russland an Portugal. Ferdeg mam Upassen op de Géigener. Ons Nationalequipe huet net extrem vill Mätcher am Joer fir hier Automatismen ze verbesseren an do gëllt et all Spill ze benotzen. Och mam Risiko eng richteg “Branlée” ze kreien. Et géif ons awer géint manner staark Natiounen weiderhellefen.
Den Dënschden spille mir héiheem géint Nord Irland an mat esou enger Leeschtung wéi zu Kasan ass géint déi gréng-wäiss Equipe méi dran wéi eng éierbar Néierlag. Den Drock deen elo op onse Leiwen laascht sollen se als Kompliment gesinn. Et ass d’Frucht vun hierer positiver Entwécklung