Haut viru 5 Joer am Letzigrund…

Mat 2 Bussen goung et den 10.September 2008 op Zürech. Schoulvakanz an en Auswäertsmätch knapp 500 Kilometer eweg, natierlech zitt dat eng Rei Leit un, soudass mer am Block D31 schlussendlech zu ronn 250 Lëtzebuerger stoe sollten. Besuch krute mer am Stadion och nach vun eise Liechtensteiner Kollegen aus dem Ländleblock – an ofgesinn vun de gutt 20000 Schwäizer am Stadion huet ganz secher keen et bereit, do derbäi gewiecht ze sinn.

Départ war wi üblech um Houwald, a mat enger memorabeler Mëttespaus a Frankräich op enger Raststätt, aus där mer leider kee Barhocker als Souvenir duerfte mathuelen, goung et weider Richtung Schwäiz. Um Grenziwwergang Basel goufen eis Bussen guer net kontrolléiert, an am Nomëtteg koume mer zu Zürech un. Beim Check-In an der Jugendherberg krute mer direkt emol erkläert dass se net giffen zécken eis, noutfalls suguer mat Hëllef vun de Police aus dem Hostel ze werfen, wa mer eis net giffe behuelen, wat sech awer, eng Humba méi spéit, als dommt Geschwätz sollt erausstellen.

A méi oder wéineger klenge Gruppen hu mer eis dono op de Wee an d’Stad gemaach, fir d’éischt e klengen Tuer duerch d’Caféen, dono si mer eis an e Supermarché Béier kafe gaang an hunn eis un de Séi gesat. Beemol hu mer eis dun op de Wee Richtung Stadion gemaach. Ennerwee hu mer „Ihr seid nur ein Punktelieferant“ gesong, wouriwwer d’Schwäizer zu deem Zaitpunkt nach gelaacht hunn.

Den Trainer Guy Hellers huet folgender Elef säi Vertraue geschenkt: Joubert, Mutsch, Hoffmann, Strasser, Kintziger, Payal, Peters, Lombardelli, Lang, Bettmer, Kitenge. Besonnesch d’Lëtzebuerger Ofwier wosst an der Ufangsphas ze gefalen, soudass d’schwäizer Ekipp kaum Golchancen hat. No enger knapper halwer Stonn gouf et dun, no engem Feler vum deemolege Leverkusener Tranquillo Barnetta, e Fraistouss fir Lëtzebuerg… de Strasser probéiert et direkt… GOOOOOOL! 0-1! Kuerz virun der Paus konnt de Blaise N’Kufo, deemols Stiermer bei Twente Enschede, ausgläichen, soudass et mat engem 1-1 an d’Paus gaang ass. Aus Lëtzebueger Siicht e fantastescht Resultat, an op dësem Owend sëcher net onverdéngt.

Kuerz virun der Hallefzäitpaus gouf de Fons Leweck fir de Benoît Lang agewiesselt. De Fons als Joker? Do war dach eng Kéier irgendeppes… richteg… et war hien, deen, als Joker, an der 95.Minutt a Wäissrussland beim Auswäertsmätch zu Gomel den 0-1 markéiert huet.

Dësen 1-1, wat fir Lëtzebuerg wi gesot en excellent Resultat gewiecht wier, ze verwalten, wir sëcherlech eng méiglech Strategie gewiecht, mee den Trainer Guy Hellers wollt méi… obschon mam Claude Reiter nach e weidere routinéierten Defensivspiller am Kader stoung huet hien an der zweeter Halschent mam Aurélien Joachim a mam Lars Gerson nach e Stiermer an e Mëttelfeldspiller agewiesselt. An der zweeter Halschent haten d’Schwäizer di eng oder aner gutt Golchance, alle virop zwee Fräistéiss an eng sougenannt Honnertprozenteg vum Hakan Yakin, di de Joubert awer paréiere konnt, soudass et no 85 Minutten nach ëmmer 1-1 stoung. Et koum also di 86.Minutt. Fräistouss fir Lëtzebuerg! Fons Leweck spréngt iwwer de Ball, Strasser spillt de Ball laanscht d’Mauer an d’Déift, de Leweck leeft mat a kritt de Ball, de Wénkel gëtt spatz – mee net ze spatz fir de Fons… petit pont beim Benaglio… GOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOOL! 1-2 fir Lëtzebuerg!!!!!!!!!! Wéi mer eis deemols iwwert de Gol gefreet hunn, kënnt der haut nach regelmässeg op RTL gesinn, wou de Jubel no dësem Gol haut nach an der Intro fir de Sportsdeel am Journal oder d’Fussballsemissioun Goal ze gesinn ass… wann een dat gewosst hätt hätte mer wuel eis T-Shirten ubehal…

5 Minutte goufen nogespillt, wëll de Ben Payal eemol behandelt gouf war dësst och duerchaus vertriedbar. D’Schwäizer hunn an der Nospillzäit och nach eemol d’Lat getraff, mee et ass beim 1-2 bliwwen!

Am Stadion gouf nach eng knapp hallef Stonn mat der Ekipp gefeiert, duerno hu mer eis rem op de Wee aus dem Stadion rausgemaach. D’Stëmmung ënnert den M-Blocker op dësem Owend war eng ganz besonnesch. Wéi oft gouf een an der Vergaangenheet vu Kollegen gefrot firwat een sëch „dee Misär nach ëmmer undeet an di Nationalekipp kucke geet“? Wéi oft war ee selwer och enttäuscht, well een dermatt gerechent huet dass duerchaus eppes dra wier an een dann awer rem op der Areler Strooss vun irgendengem baltesche Fussballzwerg virgefouert gouf? Et sinn einfach déi Owender wi zu Zürech, di fir all di enttäuschend Mätcher, vun deenen et der leider an de Joren virun 2008 eng ganz Rei goufen, entschiedegen respektiv suguer belounen – och wann et bei sou Auswäertsreesen natierlech net just em e blankt Resultat geet, a mer eis och schon oft ganz gutt amuséiert hunn ouni dass et sportlech ideal gelaf ass, ass et einfach méi schéin wann een och emol esou e sensationelle Succes ka materliewen.

E Café an der Géigend vum Stadion, den Zigzag, hat nom Mätch seng Dieren nach op. Dësst ass desen Owend zum Treffpunkt vun de Lëtzebuerger ginn an et gouf bis déif an d’Nuecht gefeiert. Eng Rei Supporter si leider schon direkt nom Mätch mam éischte Bus heemgefuer, mee wëll deen zweete Bus réicht sollt deen Dag drop am spéide Moien fueren hate mer nach gutt Zäit rauszegoen. No engem memorabelen Owend goung et irgendwann, kuerz ier et hell gouf, zréck an d’Jugendherberg an deen Dag drop um 11 Auer zréck op Lëtzebuerg, wou mer am spéiden Nomëtteg ukomm sinn.

 

 

 

One thought on “Haut viru 5 Joer am Letzigrund…

  1. benem 11. September 2013 at 10:37

    Ech hat et jo schon um Wee dohinner gespiert, dass deen Owend eppes dran wier 🙂
    Interessant ze gesin, dass vun der Ekipp vun deemols ee Groussdeel souzesoen komplett vun der Fussballbildfläch verschwonnen as oder an der Nationalekipp net méi dobai sin: Lang an Lombardelli spille souwait ech wees trotz jonkem Alter net méi, Reiter a Strasser hun opgehal, Leweck, Kitenge a Kintziger kommen net méi bai.

    Ähnlech as et jo och bei enger Rei Supporter, déi deemols dobai waren, an déi een haut aus diversen Ursaachen net méi op de Matcher begéint.

    Antworten

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.