“Unbelievable” dat muss sech esou much Nord Ireschen Supporter gëschter Owend gesott hunn wéi se gesinn hunn wéieent fussballerëscht Féierwierk ons Nationalequipe gezündt huet an wéi hier Green and White Army un d’Mauer gespillt ginn ass. Net nëmmen déi gutt 1200 matgereesten Fans si sech wéi an enger anerer Welt virkomm mä och déi vum Roude Leiw konnten hieren Aan net gleewen. Wéini huet en esoueng dominant Lëtzebuerger Nationalequipe gesinn ? Am leschten Heemmatch géint Litauen hatten dem Holtz seng Männer schonn zwee Gäng no fir geschallt mä géint Nord Irland gouf iergendeen “Nitrobooster” gedreckt. Fantastësch!
Eng éischt Halschent wou déi 4400 Zuschauer nëmmen eng Equipe gesinn hunn mä trotzdem ass e Goal op béide Säite gefall. D’Gäscht waren esouguer géint de Laf vum Spill an der 14ter Minutt a Féierung gangen. De Patterson hatt den Jans um falschen Fouss erwescht an de Joubert mat engem Wäitschoss iwwerwonnen. Virdunner hatten nemmen déi Roud Leiwen hier Zänn gewissen an mam Lars Gerson sengem Kappball an der scharfer flacher Flank vum Da Mota op den Bensi hätt den 1-0 scho falle missen. Et ass duerno awer mam Lëtzebuerger Festival wéidergangen. E Fräistouss vum Bensi war nach knapps lanscht gangen a säi Wäitschoss konnt de Carroll nach parieren. Duerno huet de Gerson d’Latt mat engem flotte Schlenzer getraff eh den Joachim eng Konterchance an der Nospillzäit zum 1-1 erageschoss huet. Et wier och nëmmen ongerecht gewiescht wann ons Equipe mat engem Réckstand an d’Vestiaire gange wier.
Lëtzebuerg huet och nom Pausentéi weider Damp gemeet an d’Nordiren an hier Halschent gedreckt. An der 56′ hatt den Carroll dunn eng Réckpass mat den Hänn ugehall. Den Bensi huet de Schoss knapps lanscht de Poto gesaat an hatt puer Minutten drop nach eng Goalméiglechkeet.
Dunn hunn d’Nordiren fir eng gutt 10′ d’Heft an d’Hand geholl an ons Männer ënner Drock gesatt. An der 69′ huet den McKay eng Riesechance mä trefft nëmmen d’Aussennetz.
D’FLF-Selektioun huet dunn awer eng zweet Loft krutt an an der 78′ leet den agewiesselten Luisi de Ball mat der Broscht op den ominpräsenten Bensi, deen sech dann aus 25 Meter en Häerz hëllt an mat engem platzéierten Schoss dem Carroll kéng Chance léist. Den 2-1 léisst de Stadion explodéieren an déi schonn ganz gutt Stëmmung kacht iwwer. Onméiglech watt 3000 Zuschauer ferdeg brengem wann de Fonken vun der Equipe op d’Räng eriwwer spréngt.
2 Minutten drop koum dunn déi kaal Douche. E Fräistouss vun der rietser Zäit fënnt de Kapp vum McAuley an deen léisst d’Lëtzebuerger Netz zidderen. Mä “Red Army” huet hier Waffen net falle geloss an se hunn sech mam Gläichspill net zefridde ginn.
Schlag op Schlag goung et wéider. Nodeems de Joachim dem Luisi de Ball um Plateau servéiert huet, huet dëse eng Gretz ze lang gezögert an verpasst eng grouss Méiglechkeet fir e Goal ze scheissen.
An der 87 Minutten behällt den Jänisch no engem Corner den Iwwerbléck a setzt mam lenken Ausserëss, aus kuerzer Distanz, de Ball eran. 3-2 !!!!
An der Nospillzäit geschitt näischt geféierleches méi an zum Schluss gewannen déi Roud Leiwen verdéngterweis géint Nord Irland. Eng kollektiv, offensiv, kämpferësch Glanzleeschtung. D’Zäiten wou d’Roud Leiwen sech vun x-beliebigem zähmen loossen sinn endgültëg eriwwer.