Vrun e puer Wochen huet HUELSE zu der “ALLez ROUD!” Initiative opgeruff. Ziel vun der Aktioun war esou vill Léit wéi méiglech sëch a rouder Kleedung zum Lännermatch géint Nord Irland op de d’Arler Stross ze mobiliséieren. An dozou goufen och nach e Fanmatch organiséiert an et gouf zum Fouerapéro an engem Fan-Marche opgeruff.

De Fanmatch zu Hueschtert huet am freien Metten iwwer 80 Zuschauer ugelackelt. Gréisstendéels waren et der vum Norden vun der grénger Insel. D’Supporter vun Lëtzebuerg an déi vun Nord Irland hatten hinnen bei dem 2×35′ langem Match eng flott a rasant Partie geliwwert. Mat 1-3 hunn sëch déi Roud misse schlussendlëch geschloën ginn. Eng gutt Stëmmung um an nieft dem Terrain déi och nach mat an d’Buvette vum US Hostert eriwergeholl ginn ass. Déi vum Veräin gegrillten Wurschten waren zum Schluss ausverkaf an iwwer 120 Liter Béier sinn duerch d’Zaapanlag gelaf. Deen en oder anerenass schlussëndlech awer méi spéit wéi geplangt op d’Fouer wéidergangen. E flotte Start an den Dag bei deenen d’Supporter an de Veräin deen ons wëllkomm geheescht huet als Gewënner genannt dierfe ginn.

20130911-224145.jpg
Den Apéro op der Fouer huet och eng 80 Léit ugelackelt an um Fanmarche duerno hunn sech nach eng jet Zuschauer beigefügt. Am grousse Ganzen war déi gutt Stëmmung um Rendez-Vous an déi meescht Lëtzebuerger hu sech um Wee an de Stadion nach mat dem engen oder aneren Nord Ir ënnerhalen. Déi waren vrum Match nach all zimlëch optimistësch datt hier Equip déi dräi Punkten mat Heem huelen géif.
Nom Match de selweschten Szenario nëmmen d’Dialoguen waren anescht. Zu onsem Plaiséier. Et war awer unanim datt déi lëtzebuerger Victoire verdéngt war. De Fanaustausch ass och nom Match weidergangen ob op der Strooss oder op der Fouer bei engem Himpchen.

Ët ass natierlëch elo schwéier eng objektif Berwertung iwwert d’Resultat vun der Initiative ze machen vu datt mir elo nët mat Froëbei duerch de Josy gelaf sinn fir ze froën ob se a) huelse.lu kennen b) wéinst der Initiative de Wee an de Stadion fonnt hunn an c) hieren rouden T-Shirt nach an der Wäsch läit, an esou wéider.

Subjektiv betruecht war “ALLez ROUD!” en totalen Erfolleg well et schéinnt wéi wann den M-Block aus sénger Lethargie erwecht gouf. Säit gewësser Zäit wor de Block esou eidel wéi e Cactusparking op engem Sonndenowend. Stëmmungstechnesch woren déi lescht Partien och net déi glanzvollst an der Geschicht vun de Fanatics. Den 10 September 2013 war net nëmmen den Dag vum Ufank vun enger néier fussballerescher Era mä och d’Néigebuert vum M-Block.
Och wann d’Initiative nët nemmen op den M-Block gericht war schéinnt déi der “Kéier” am meeschten gefall ze hunn an zu Honnerten sinn se dem Opruff nogangen.
Op den aneren Tribunen wor déelweis och eng besser Stëmmung wéi gewinnt.
Bei dem turbulenten an intensive Match ass de Fonken vun der Equipe op dRäng eriwwer gesprongen. Eng gutt gefëllten Tribune de Face déi matséngt, matféiwert an opsteet. Wiesselgesäng Tribune de Face-M-Block , wéini gouf et datt scho méi ?
Trotz dem schlechte Wieder an dem onkomfortablen, net iwwerdachtem, Stadion hatten 4400 Léit dem Match bäigewunnt. Datt sinn graff gerechnet ëm déi 3100 Lëtzebuerger Futtballsfrënn.
Déi attraktiv Art a Weis vun onse Léiwen ass natierlech den Haaptgronn vun dem Opschwong. An och bei der Facebooksäit vun huelse.lu hunn d’Likes sech quasi verduebbelt an iwwer 200 Persounen hatten am Virfeld uginn bei “ALLez Roud!” deelzehuelen. D’Nationalequip wäert jo net sexy ginn ?

Luxemburg - Schottland

“ALLez ROUD” huet awer och vill Froën opgeworf. Beim Tageblatt-Interview huet de René Peters wichtëg Remarquen iwert d’Supporter gemeet an de Wonsch vun der Nationalequipe ausgedréckt eng Léisung ze fannen datt och bei klenger Unzuel vun Zuschauer e gudde Support méiglëch ass. Hier Ennerstetzung hu mir op alle Fall.
De Problem vum Marketing vun der FLF gouf genannt an iwwer Froen vu Supporter,via privater Noricht an Kommentairen op Facebook,bestätegt. Fehlend Präsenz an de Medien an am Internet. Keng Méiglechkeet fir Onlineticket’en ze kafen, Fanshop deen net up-to-date ass. Onwëssen vun den Zuschauer iwwert d’Virverkaafsplazen, d’Billjetspräisser an der Existenz vun engem Abo.
Problemer déi relativ einfach ze léisen wären. Mir missten an Zukunft och kucken,wann esou Initiativen an d’Liewen geruff ginn, ons mat der FLF zesummen op en Dësch ze setzen an dann zesummen no Méiglechkeeten ze kucken.

Haut koumen schonn e puer Ufroën eng néi Initiative fir de Match géint Russland ze starten. Och wann Initiative net ze oft benotzt solle ginn a just punktuel a Betruecht gezu solle ginn. Well sos notzen se schnell of a verléieren u Bedéitung. De Match géint Nord Irland war scho genug Reklamm fir de lëtzebuerger Fussball an ween et elo net op den Terrain bewegt deen versteet et wahrschéinlëch ni. Op der anerer Säit ass et de leschten Heemmatch an e klengen Merci un d’Spiller wier jo och net verkéiert. Mol kucken watt sech an der Supporterszene deet.

Mir soën jidderengem Merci deen ons gehollef huet d’Initiative an dLiewen ze rufen an se duerch ze zéihen. Do zielen ënnert anerem ons grouss Dageszeitungen déi ons eng Plateforme gebidden hunn ( an och mat rouder Kleedung an de Josy koum sinn), den US Hostert fir d’Infrastrukturen, d’FLF fir Trikot’en fir de Fanmatch, “Our Wee Country” fir déi gutt Equipe déi se ons als Géigener gestallt hunn, all Liker, Lieser vun Huelse an all déi aner Supporter déi d’Fansinn vun der Nationalequip um Liewen erhalen.

Luc holtz letz nordirland

Luc holtz letz nordirland


D’Schlusswuert huet den Luc Holtz (aus dem Tageblatt):

„Tageblatt“: Welchen Anteil haben die Zuschauer an dem Sieg gegen Nordirland?

Luc Holtz: „Die Zuschauer haben einen sehr großen Anteil am Erfolg. ‘Ech wëll hinnen all Merci soen.’ Sie haben uns die ganze Begegnung über bedingungslos unterstützt und die Stimmung war wirklich toll. Als Spieler kann man mit solch einer Zuschauerkulisse immer ein paar Prozent mehr aus sich herauskitzeln, das habe ich selbst als Spieler auch erlebt. Diesen Erfolg haben wir auch den vielen Zuschauern zu verdanken, die am Dienstag im Stadion dabei waren.“

Share: